Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Ice In My Eyes - Move

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fënnef Deeg am Zeeche vum Buch

Walfer Bicherdeeg Spezial

Fënnef Deeg am Zeeche vum Buch

Liesungen, Virträg, Ausstellungen a Presentatiounen hunn och dëst Joer rëm dofir gesuergt, de Visiteuren déi Lëtzebuerger Literatur méi no ze bréngen. De radio 100,7 huet d'Walfer Bicherdeeg, wéi ëmmer, vu ganz no begleet. Vun der Remise vum éischten 100,7 Radiopräis iwwer d'Entdecke vu neie Bicher fir Kanner bis bei Fotografien iwwer syresch Flüchtlingen zu Lëtzebuerg.

auto_stories

6 min

Den Optakt vun de Bicherdeeg huet d’Präisiwwerreechung vum 100,7 Radiopräis gemaach. Et war déi éischt Editioun vum méisproochege Radiosconcours fir Schrëftsteller vu Lëtzebuerg an aus der Groussregioun. D'Thema: "Krieg der Welten", fräi nom Orson Welles. 15 Manuskripter goufen eragereecht. Gewonne gouf de mat 3500 Euro dotéierte Präis vum jonken Zeenarist Frédéric Zeimet. Säi Manuskript JRRIUE gräift d’Thematik vun der aktueller Flüchtlingskris op. De President vum Jury, de Claude Mangen huet dem Frédéric Zeimet säi Manuskript besonnesch dofir gelueft, dass den Auteur et fäerdeg bruecht huet déi politesch a sozial Ëmstänn vun der Migratioun an eng spannend Form ze bréngen. D’Manuskript soll als Hörspill fir de Radio produzéiert ginn.

De Frédéric Zeimet liest aus JRRIUE, lauschtert eran:

De Lëtzebuerger Buchpräis

En Donneschde gouf dunn traditionell de Lëtzebuerger Buchpräis 2015 iwwerreecht. No enger Selektioun duerch eng Fachjury (Sandra Forgiarini, Josianne Weber, Laurent Graas, Metty Krings, Jérôme Jaminet) konnten d’Lieser iwwert hire Favorit a véier Kategorien ofstëmmen.

D'Lëscht vun de Gewënner:

  • "Fiction": Roland Harsch mat “Rasch(t)auer (Editions Guy Binsfeld)
  • "Non Fiction": d'Anne Faber mat sengem Kachbuch “Anne’s Kitchen: Barcelona – Istanbul – Berlin (Editions Schortgen)
  • Bescht Kannerbuch: John Rech an Andy Genen maz “Dreamcatcher Volume 3” (Editions Schortgen)
  • "Beau Livre":  Laurent Witz, mat “The Art of Mr Hublot” (Editions Schortgen)
  • Coup-de-Coeur vun der Jury: Lambert Schlechter mat “La théorie de l’univers – distiques décasyllabiques” (Editions Phi)
  • Spezialpräis vun der Jury: Sabrina Notka fir “Unter Büchern – Enthüllungen eines Insiders” (Editions Guy Binsfeld)
  • Prix du Mérite vum Jury: Roger Leiner an Lucien Czuga fir hir Serie vun den Superjhemp-Albumen

​Lauschtert en Extrait vum Gewënner Roland Harsch senger Ried bei der Remise vum Präis. Ass et eng léif gemengte Kritik um Fonctionnement vum Buchpräis? D'Gewënner gi jo op Basis vu "Klicks" ermëttelt...

Ukomm, zu Lëtzebuerg

5.Mee 2015, 11:26 Auer. Eng gewëssen Nervositéit läit an der Loft. De rouden Teppech ass ausgerullt. An de nächste Minutte kommen eng 40 syresch Flüchtlingen um Findel un. D'Fotografin Jessica Theis ass op der Plaz. Si huet déi 40 Réfugiéë bei hiren éischte Schrëtt zu Lëtzebuerg begleet an hier Andréck festgehalen. Entstanen ass e ganz mënschleche Portrait deen dem Betruechter d’Angscht virum Frieme soll huelen.

"Ech sinn direkt den Dag selwer mat an d'Weilerbaach gefuer an hunn do diskret meng Fotoe gemaach. Déi Woch drop sinn ech dohi gaang mat engem Iwwersetzer an hunn de Leit mäi Projet erkläert. Et war dunn hire Choix mir d'Autorisatioun ze ginn oder net", erënnert sech d'Jessica Theis. Déi allermeescht Betraffen hunn dem Jessica Theis seng Aarbecht gutt fonnt. D'Fotografin freet sech deemno och hinnen d'Buch ze gi wat elo erauskënnt.

Si war dobäi wou d'Flüchtlingen hir Demarchë gemaach hunn, ass mat hinnen an d'Schoul gaang, huet mat hinne giess. "Meng Fotoe weisen dat wat den Alldag ergëtt, a sinn net geplangt", sou d'Jessica Theis, déi sech eppes wënscht: datt déi Betraffen an deene Gemenge wou se lo liewe gutt opgeholl ginn. Et si staark Andréck,déi d'Jessica Theis agefaang huet, Momenter vun engem neie Liewen. D'Fotoe sinn an déi nei Walfer Anthologie agefloss,mam Titel "Quo vadis, Europa?", e Wierk wat och op de Bicherdeeg virgestallt gouf.

D'Visteuren ënnerwee

E Samschdeg a Sonndeg waren d’Dieren de ganzen Dag fir d’Bicherfrënn op. D’Visiteuren haten och dëst Joer rëm Geleeënheet, sech mat Auteuren, Editeuren an aneren Acteuren aus der Bicherwelt ze treffen, sech iwwert d’Neiegkeeten an der Literaturzeen ze informéieren a natierlech fir néi a gebrauchte Bicher ze kafen.

Hei goufen dann och eng ganz Réi nei Bicher virgestallt an eng Partie Auteure wéi de Claude Schmit, de Jean Back, de Marc André Meyers an den Henri Losch hunn aus hiren aktuelle Bicher virgelies. Och fir d’ Kanner gouf et erëm genuch ze kucken. Nieft ville Liesunge gouf et fir si zum Beispill d’Books for Kids ze entdecken.

Réckbléck op "Books for Kids"

Et ginn ëmmer méi Kannerbicher zu Lëtzebuerg, dofir hunn d'Walfer Bicherdeeg scho méi laang eng Hal exklusiv fir d'Kanner reservéiert. Kloer ass, d'Kanner si begeeschtert fir an de Bicher ze bliederen, déi spannend Liesungen nozelauschteren oder och Schrëftsteller perséinlech kennenzeléiren. Eng Geschicht déi dëst Joer virgestallt gouf ass déi vum "Flöck" vum Mady Durrer, den Hond mat de längsten Ouere vun der Welt. Oueren, mat deenen de Flöck awer net sou frou ass: hie fält an engem Stéck driwwer. A seng Meeschterin gebraucht seng Oueren heiansdo fir zum Beispill...domat ze botzen. Mee de Flöck fënnt eng Léisung. Lauschtert den Interview mam Mady Durrer iwwer de Flöck an eiser Kanneremissioun vum 21. November.

An der Emissioun "Walfer Bicherdeeg Spezial" geheien de Claude Mangen an d'Nathalie Bender e Bléck zréck op d'Evenementer vun dëser Woch: