Radioen

On air

Notturno  |  Karen Dalton - In A Station

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vun Uerdensschwëstere gerett

Geschicht

Vun Uerdensschwëstere gerett

Lëtzebuerger Franziskanerinnen hate wärend dem Zweete Weltkrich zu Roum 48 Judde verstoppt. D'Kulturzäitschrëft Nos Cahiers dokumentéiert dës Rettungsaktioun an hirer neier Ausgab.

auto_stories

3 min

Engem geheimen Accord tëschent dem Vatikan an den däitsche Besatzer wier et ze verdanken, datt 7.000 bis 8.000 Mënschen, dorënner politesche Flüchtlingen a Judden, d'Liewe gerett konnt ginn, schreift de Bodo Bost, wëssenschaftleche Mataarbechter vum Bistum, a sengem Bäitrag fir d'Zäitschrëft Nos Cahiers. Schutz haten si entweder an der Residenz vum Poopst am Vatikan fonnt oder an de sëllege kathoulesche Kléischter vun der italienescher Haaptstad.

Dee wéinst senger passiver Haltung wärend dem Krich ëmstriddene Pius XII. hätt sech engagéiert, an der Ëffentlechkeet net géint d'Wehrmacht ze mobiliséieren. Am Géigenzuch hätten déi Däitsch déi kathoulesch Uerde mat Rou gelooss.

Via Poggio Moiano

Besonnesch geschützt wiere verfollegt Mënschen a vun Uerdensschwëstere bedriwwene Spideeler gewiescht, well si sech do ënnert déi Krank konnte mëschen. Zum Beispill an der Via Poggio Moiano zu Roum, wou d'Lëtzebuerger Franziskanerinnen zënter dem Enn vun den 1930er Joren eng Vertriedung haten. Hausgeeschtleche war den deemools nach jonke Paschtouer a spéideren Äerzbeschof Jean Hengen.

Nodeems d'Rout Kräiz bei de Franziskanerinnen en Duerchgangslazarett fir däitsch Zaldoten opgeriicht hat, waren d'Gebailechkeeten eng Zäit laang souguer als SS-Spidol genotzt ginn.

Eng Lëtzebuerger Famill

A genee do konnten duerno, ganz onopfälleg, 48 Judde wärend der däitscher Occupatioun vu Roum verstoppt ginn, sou de Bodo Bose. Déi meescht wiere vum Vatikan geschéckt ginn, dorënner och eng Lëtzebuerger Famill, de Bernard Lasar an d'Edith Cahen zesumme mat hiren zwee Kanner. Nom Krich wier d'Famill zeréck op Nidderkäerjeng gaangen.

Wéi d'Schwësteren déi kruzial Period tëschent Oktober 1943 a Juni 1944 erlieft haten, liest een an der Dageschronik, vun der Oberin Maria Benedicta Faber, gebierteg aus der Fiels. Nom Krich dann hat d'Schwëster Marie Ignace Faber vun Iechternach, wéi si zeréck bei de Franziskanerinnen zu Lëtzebuerg war, dat Erlieftent weidervermëttelt. No hirem Dout 1996 hat eng weider Schwëster deen Temoignage schrëftlech festgehalen.

Plädoyer fir déi russesch Kultur

Anere Sujet. Den ukrainesche Fändel um Deckel vun der neier Ausgab vun Nos Cahiers verweist op d'Virwuert. De Léon Zeches behandelt den Zesummenhang tëschent Krich a Kultur, besonnesch a Bezuch op de russesche Krich an der Ukrain. Hien differenzéiert kloer tëschent russescher Zivilisatioun, russescher Kultur an dem aktuelle Putin-Regime zu Moskau.

Am Kontext vun de sëllege Boykott-Aktioune géint Russland plädéiert de Léon Zeches grad fir d'Ënnerstëtzung vun der russescher Kultur:

"Plus on clame la grandeur culturelle de ce pays, plus on réduit l'importance de ce maléfique et ridicule dictateur du Kremlin en train de jouer avec le globe terrestre... Ne permettons pas que la culture, cette importante planche de salut parmi d'autres, soit broyée sous les chaînes des chars agresseurs".