Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vun "Elphie" bis Mudam

Konscht an Architektur

Vun "Elphie" bis Mudam

Op déi westlech Spëtzt vun der Hamburger Hafen-City sollt ugangs 2001 e Shopping Center gebaut ginn. Den Architekt Alexander Gérard huet deemools spontan en neit Monument fir d'Stad an d'Gespréich bruecht: Eng Elbphilharmonie, also Konscht amplaz vu Konsum. D'Iddi huet sech duerchgesat a vun 2003 un ass gebaut ginn. No enger endloser Pannesérie ass haut, also 13 Joer méi spéit, déi offiziell Aweiung vun der "Elphie". Méi laang huet et just beim Mudam gedauert.

auto_stories

4 min

"Gute Miene zum bösen Spiel machen": Ass et dat, wat Verschiddene bleift, wann d'Elbphilharmonie den Owend feierlech inauguréiert gëtt? Opschonns... d'Spill wäert wahrscheinlech excellent sinn. Dat kann 800 Milliounen Euro Depensen awer just temporär ausblenden. Dës Zomm huet eventuell eng Bedeitung fir Staatsbudgetjongléierer: Fir den Normalstierfleche léisst se sech net einfach an Äppel a Biere convertéieren.

Eng schwéier Gebuert

Mat wéi engem But gëtt also zanter knapps 10 Joer polyphon an an den héchsten Téin doriwwer lamentéiert? Presentéiert den Elbphilharmonie-Untersuchungsausschuss 2014 en zweeten 700-Säiten schwéieren Dossier mat alle Feeler, déi ënnerlaf sinn, mat den Nimm vun tatsächlech just enger Handvoll Debakel-Schëlleger.

Mol dovunner ofgesinn, datt dës Aarbecht wahrscheinlech och net gratis iwwert d'Concertsbühn gaangen ass: Wat huet si zu deem Zäitpunkt nach bewierkt? Nei Roserei doriwwer, datt de Philharmonie-Hotel a 45 Wunnengen och nach mat Steiergelder finanzéiert gi sinn? D'accord, e puer Iwwerfuerderter hunn hiren Hutt huele missen. Den Ole von Beust, deen als Buergermeeschter den éischten Elphi-Steen matgeluegt hat, hat sech awer 2010 schonn aus der Politik zeréckgezunn.

Grouss Architektur: Wéineg Moral, vill Risiko?

Zur Zäit vu Pyramide-, spéider Bréckebau si muttwëlleg Liewen geaffert ginn. Geet et haut ëm Existenzen? Déi Schwäizer Elphie-Architekten Jacques Herzog a Pierre De Meuron ware scho bei hirem Vullennascht-Projet, dem Olympiastadion fir d'Summerspiller 2008 zu Beijing, no moralesche Bedenke gefrot ginn. Si hate keng. Si géife schliisslech der chinesescher Populatioun an hirem Striewen no Fräiheet e Monument setzen, net der Regierung. A mat der Massenexploitatioun vun Aarbechter hätte si näischt ze dinn. Architekte wieren hautdesdaags net méi vill um Chantier selwer.

Et schéngt, wéi wann de Bau vu Kulturtempelen nach ëmmer manner previsibel ass wéi d'Metéo, mee mat zolitten Donnerwiederen muss wuel bei all Concertssall gerechent ginn. An d'Gemeinschaft muss dat da mat droen.

Beispiller Paräis a Köln

Beispill Philharmonie de Paris, déi virun 2 Joer ageweit ginn ass, allerdéngs ouni hiren Architekt Jean Nouvel, deen e ganzen Artikel am "Le Monde" publizéiere gelooss huet, fir seng Absence ze justifizéieren. D'Gebai wier nach e Chantier, mat deem ee sech nëmme blaméiere kéint, sou den international gefeierten Architekt vum "Institut du monde arabe" an dem "Musée du Quai Branly" zu Paräis. Net kloer ass, op hien am Januar 2015 iwwerhaapt vermësst gi war.

Dem Jean Nouvel war virgehäit ginn, datt aus dem estiméierte Budget vun 180 Milliounen Euro um Enn 380 Millioune gi waren. Tjo, mat der Philharmonie wollt de Jacques Chirac sech nach séier e Monument opriichte loossen, um Enn vun den Aarbechten souz de François Hollande, net um bloen Troun, mee um roude Rudder. Et war Finanzkris, an d'Philharmonie war ee Luxus, deen déi aktuell Regierung net bestallt hat. An awer ass e realiséiert ginn.

Sou kéint een elo wochelaang disharmonesch weidermaachen. Zum Beispill mat der Kölner Philharmonie, där hire Concertssall ënnert der ëffentlecher Heinrich-Böll-Plaz läit. Während Opféierungen a Prouwen gëtt d'Plaz fir Foussgänger, Skateboarder a Co gespaart an iwwerwaacht, well soss d'Akustik ënnenan leit. D'Käschte fir d'Gardienen belafe sech, fir 15 Joer Existenz, op ronn 1,7 Milliounen Euro. An nach ass keng Léisung en Vue.

Virbiller Kopenhagen, Basel a Lëtzebuerg?

Kopenhagen oder Basel sinn eben net d'Norm. D'Tramsschinnegequiitschs virum Baseler Casino huet eng privat Mäzenin mat engem Don technesch dimme gelooss an d'Oper op der Kopenhagener Insel Holmen huet den Maersk-Firmae-Grënner Arnold Peter Møller dem dänesche Staat via seng Stëftung spendéiert. D'Star-Architekte vum Büro Henning Larsen hunn den Entworf gemaach an an dräi Joer war alles un an aus.

Dat geet? Jo, zu Lëtzebuerg war d'Philharmonie grad esou séier prett. An ass nach virum Mudam ageweit ginn, un deem zanter ugangs der 1990er a bis 2006 gedoktert ginn ass.

Mudam: Eidele Kader?

De Mudam-Architekt den Ieoh Ming Pei, deen am Abrëll säin 100. Gebuertsdag huet, hat bei der Ouverture mat knapps 90 zimlech fit erkläert, datt fir hien de Musée vun haut keen Depôt fir Konscht, mee en Erzéiungsinstrument fir déi nächst Generatioun soll sinn. Eng Plaz, wou ee sech wuelfillt.

Hat de Xavier Bëttel dës Iwwerleeunge matkritt? De Premier huet den 12. Januar déi däitsch Bundeskanzlerin Angela Merkel op Staatsvisite an de Grand-Duché invitéiert. D'Mëttegiesse mat Lëtzebuerger an däitsche Vertrieder aus Politik an Economie wäert am Mudam sinn. An engem Konschtmusée aktuell ouni Haushär. Mee de Kader stëmmt an de Premier ass jo och Kulturminister.

Et iwwerkënnt een dat ongutt Gefill, datt d'Konscht an hirem Tempel, ob am Elphi-Luxushotel zu Hamburg oder am Mudam-Foyer zu Lëtzebuerg, net déi éischt Gei spillt. Jo, Haaptsaach, si stéiert net.