Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Fell Runner - Come Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vun der Kouwiss bis an de Stade de Luxembourg

Documentaire

Vun der Kouwiss bis an de Stade de Luxembourg

D'Geschicht vum Fraefussball hei am Land stécht nach an de Kannerschong. Mat hirem Documentaire "Um Ball" verschaaft déi jonk Realisatrice Tessy Troes e chronologeschen Iwwerbléck.

auto_stories

2 min

Souguer fir e Mann, deen zu Lëtzebuerg mat Fussball opgewuess ass, bleift d'Thema Fraefussball eng duerchaus flou Ugeleeënheet. Den Auteur vun dësen Zeile ka sech wuel erënneren, datt de Progrès Nidderkuer eng staark weiblech Equipe hat. An datt parallel zum internationale Boom vun deene leschte Joren och hei am Land sportlech Fortschrëtter gemaach goufen, ass schwéier z'ignoréieren.

Mee vill méi wosst ech och net ier ech den Documentaire "Um Ball" gesinn hat. Zum Beispill war mer net bekannt, datt déi éischt Fraeformatioun sech uganks den 1970er Joren zu Biissen gegrënnt hat.

D'Tessy Troes, selwer eng fréier Fussballistin, huet hire Film als Projet am Kader vun der Kulturhaaptstad Esch2022 realiséiert. "Um Ball" rullt eng - dem grousse Publik gréisstendeels onbekannt - Geschicht chronologesch op: vun der Pionéierzäit iwwer den Engagement vu portugisesche Frae bis hin zu enger Semi-Professionaliséierung vu verschiddene Spillerinnen.

Am 100,7-Interview schwätzt d'Tessy Troes iwwer d'Manéier, wéi si un hire Projet erugaangen ass, iwwer d'Héichten an Déifte vun der Entwécklung vum Fraefussball zu Lëtzebuerg, iwwer de Widderstand vun enger vu Männer dominéierter Fussballfederatioun, iwwer den Interessi fir Sportsdocumentairen...


Den Interview lauschterenplay_arrow


Der Tessy Troes hiren Documentaire "Um Ball" hat seng Première den 20. Oktober zu Déifferdeng. Am Dezember si Seancen a Kinoen uechter d'Land geplangt, duerno a verschiddene Gemengen.