Radioen

On air

Notturno  |  Little Simz - Angel

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vun der Klinik zur Kënschtlerresidenz

Bridderhaus zu Esch

Vun der Klinik zur Kënschtlerresidenz

1878 ass mam Bridderhaus zu Esch eng vun deenen éischte Klinicken am Land opgaangen. 144 Joer méi spéit kritt dat historescht Gebai zu Lalleng elo en neit Liewen als Accueil fir Kënschtlerresidenzen. Do ginn et den Ament schonn zwou Ausstellungen a fënnef Kënschtler:innen a Residenz. An dat ass réischt den Ufank fir d'Bridderhaus.

auto_stories

3 min

Laang viru sengem Rôle als Kulturzentrum war d'Bridderhaus ee Spidol. 1878 op Initiative vun der Metzeschmelz gebaut, war et déi éischt Klinik zu Esch. An den 1920er konnten hei ëm déi 40 Patiente mat modernste medezinesche Mëttele behandelt ginn.

No der Ouverture vum Escher Spidol 1930 gouf d'Bridderhaus an ee Fleegeheem fir fréier Schmelzaarbechter ëmfunktionéiert. E Rôle deen d'Gebai bis 1981 behalen huet. Di méi rezent Geschicht gëtt dann éischter holpereg: Am Escher Gemengerot gouf diskutéiert op d'Bridderhaus ofgerappt oder an ee Studentewunnheem sollt ëmgewandelt ginn; 2018 gouf d'Gebai schlussendlech klasséiert a 2019 Pläng fir e Kulturzentrum annoncéiert.

D'Renovatiounen huet den Hatim Chebli vum Escher Architektebüro BENG geleet. Ee besonneschen Defi bei der Transformatioun war den Erhalt vun der historescher Essenz vum Gebai, sou den Architekt:

"Un bâtiment qui est vieux a besoin qu'on analyse dès le départ ce qui ne va pas, ce qui va, et ce qu'on peut faire. Par contre la conception par rapport à l'exécution, ça change beaucoup. Parce que chaque fois qu'on ouvre un mur, on trouve une surprise et tout qu'on a prévu change et c'est vraiment le grand défi. Maintenant le gros défi architectural c'est le défi de garder une âme du bâtiment; de garder son histoire - c'est pour ça qu'on a vraiment insisté sur le couloir qui représente un peu l'hôpital en le marquant avec le carrelage qu'on a récupéré. Mais comme même le rendre plus efficient en terme d'énergie et en terme de confort, même."

Eng jonk Famill kuckt sech d'Ausstellung am Bridderhaus zu Esch un. Foto: Gilles Kayser

No de Sanéierunge sinn zu Lalleng Appartementer, Atelieren, eng Galerie, esou wéi eng Réi Gemeinschaftsraim an een Espace fir Performance-Art, Concerten, a Konferenzen entstanen.

D'Bridderhaus funktionéiert am Moment parallel zum Kulturjoer Programm vun Esch 2022 soll awer a noer Zukunft oppe fir all Kënschtler:in sinn, sou de Christian Mosar, Direkter vum Bridderhaus:

"Mir hunn 8 Kënschtlerresidenzen, déi all Appartement Studio sinn, mat Atelieren, déi mer elo an enger éischter Phase virun allem der ASBL Esch22 awer och zum Beispill der Kulturfabrik zur Verfügung stellen fir déi Projeten vun dësem Joer. An ab nächstem Joer schreiwe mir déi Residenzen aus op internationale Reseauen an da kënne Kënschtler heihinner kommen. Mir schaffen am Moment u verschiddene Sujeten vun deene Residenzen. Do kann ee ganz vill verschidde Saache maachen. Ech muss och soen, dat si net onbedéngt just bildend Kënscht, dat kënnen och Schrëftsteller sinn, dat kënne Museker sinn, dat kënnen Dänzer sinn, alles dat fënnt seng Plaz. Wëll mir hunn awer zu Esch ganz verschidde Kulturinstitutiounen déi och mat dem Bridderhaus kënne zesummeschaffen."

Éischt Residenz "Radio Art Zone"

Dës Multidisziplinaritéit gëtt duerch eng vun den éischte Residenzen an Évidence gesat: de radiophonesche Projet Radio Art Zone. Vum 18. Juni bis de 25. September ënnert der Leedung vum Knut Auferman a Sarah Washington vum Londoner Konschtradio-Sender "Resonance FM". De Programm besteet aus deegleche Beiträg vun 100 lokalen an internationale Kënschtler:innen a Kollektiver.

All Contribuant huet d'Fräiheet seng Sendung no sengen eegene Virstellungen ze gestalten. Liveschaltunge no baussen, och a Privatraim sollen als spontanen, alldeegleche Kontrast zum intensive Konschtprogramm stoen. An deen ass wierklech intensiv: all Sendung ass 22 Stonne laang, wat fir verschidde Leit am Ufank wéi eng Sisyphusaarbecht geklongen huet. Dozou sot de Knut Aufermann:

"We were a bit scared that when we approached people and said: "Can you make a radio show for us, but it has to be 22 hours long?", that a lot of people would say: "No. Are you crazy?". But very few people said that. Everybody was like: "That's a great thing! Yes, I'll do it!"


De Programm vu Radio Art Zone gëtt all Dag zu Esch iwwert d'Frequenz 87.8 FM, an deelweis iwwer national an international Partnerradioen wéi dem Radio ARA iwwerdroen.