Radioen

On air

Espresso Beats  |  Gossip - Give It Up For Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vun der Kandheetsléift gezeechent

Nei am Kino

Vun der Kandheetsléift gezeechent

Ëm Léift a sexuell Identitéit geet et a "Matthias et Maxime". Et ass schonn deen aachte Film vum jonke Kanadier Xavier Dolan, deen och selwer matspillt. Erstaunlech onausgeräift a schlecht duerchduecht.

auto_stories

3 min

De Maxime, deen zu Montréal als Barmann schafft, wëllt säi Gléck an Australie versichen. A sengem enke Frëndeskrees schéngt sech virun allem de Matthias schwéier domat ze doen. Déi zwee jonk Männer, déi sech zanter der Kandheet kennen, si sech duerch en Zoufall nees méi nokomm: De Maxime an de Matthias hu sech méi oder manner fräiwëlleg fir e klenge Studentefilm rekrutéiere gelooss, an deem si eng Kusszeen ze spillen hunn ...

"Matthias et Maxime" ass schonn deen aachte Film vum kanadesche Realisateur Xavier Dolan, deen eréischt 30 Joer al ass. Wéi sou dacks ass hien och a sengem neie Film omnipresent: Realisateur, Acteur, Dréibuchauteur, Monteur. Den Dolan behandelt gewinnten Thematiken, wéi déi problematesch Bezéiung mat der Mamm, déi een zum Beispill aus sengem Debutfilm "J'ai tué ma mère" kennt. An dann ass et besonnesch d'Léift an déi sexuell Identitéit, sou wéi dat am Ufank vu senger Karriär a Filmer wéi "Les Amours imaginaires" oder "Laurence Anyways" de Fall war. Dës Kéier gëtt op visuell Flamboyanz verzicht, zugonschte vun engem däitlech méi sobere Stil.

Konventionelle Plot

D'Geschicht ass u sech relativ konventionell. De Personnage, dee seng lescht Deeg am Frëndeskrees verbréngt, éier et op eng laang Rees geet, ass eng bekannte Situatioun, déi jiddwereen zwéngt, seng Gefiller un den Dag ze leeën. Am Mëttelpunkt steet eng verstoppten homosexuell Unzéiung respektiv Léift, déi duerch e Kuss erwächt gëtt.

Déi zwee Protagoniste si ganz ënnerschiddlech jonk Männer: de Matthias (verkierpert vum Gabriel d'Almeida Freitas) ass mat enger Fra bestuet a klëmmt d'Karriärleeder an engem Affekotebüro erop, wärend de Maxime, gespillt vum Xavier Dolan, net richteg weess, wat mat sengem Liewen unzefänken.

Wat déi zwee verbënnt ass d'Kandheet. De Spectateur gëtt iwwer déi Zäit awer net vill gewuer, him ass et also iwwerlooss, seng Fantasie spillen ze loossen. De Wäifleck, deen de Maxime um Back huet, kéint een als e Symbol interpretéiere fir den Androck, deen dës Kandheetserfarung bei him hannerlooss huet.

Schlecht ëmgesaten "non-dit"

Vill Geleeënheet fir sech auszeschwätze kréien déi zwee net, eigentlech just am Ufank an zum Schluss vum Film. Dotëschent huet och jiddwereen op senger Säit mat anere Saachen ze dinn. Datt et eppes gëtt, wat si alle béid ënnerlech beschäftegt, liest een op hire Gesiichter oder schléisst een aus hire Reaktiounen an anere Situatiounen. Beim Maxime kënnt de Frust wärend hëtzegen Diskussioune mat senger Mamm eraus, oder et ass seng nodenklech Minn, wann hien am Bus sëtzt. De Matthias ass sengersäits dacks gereizt oder genervt, wann et ëm de Maxime geet, oder him fält op, datt op eemol eng Planz aus sengem Chef sengem Büro verschwonnen ass: eng Erënnerung dorun, datt och säi Kolleeg geschwë fort ass.

An dorëms geet et och: iwwer een "non-dit", iwwer eng Léift, déi een net oppe wëllt oder kann agestoen. Allerdéngs bréngt de Film et net fäerdeg, dat iwwerzeegend ëmzesetzen: et feelt einfach un der néideger Intensitéit.

Emotional Spannung op der falscher Plaz

Déi Spannung investéiert de Xavier Dolan léiwer an aner Volete vu sengem Film, wéi de Konflikt tëschent dem Maxime a senger alkoholiséierter Mamm, oder déi sëlleg animéiert Gespréicher am Frëndes- respektiv Familljekrees, déi duerch eng hektesch Kameraféierung an e brutale Montage zousätzlech elektriséiert ginn. Gefillsméisseg geet do d'Relatioun tëschent den zwee Haaptprotagonisten, den eigentleche Sujet vu sengem Film, ënner.

"Matthias et Maxime" wierkt erstaunlech schlecht duerchduecht an onausgeräift fir en aachte Film bannent zéng Joer. Vläicht sollt sech de Xavier Dolan an Zukunft méi Zäit tëschent zwee Filmer loossen.