Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vun der Fussballsekipp bis bei de Gesangsveräin

Stater Geschichtsmusée

Vun der Fussballsekipp bis bei de Gesangsveräin

Si bidde Fussball, Gesang, Bitzen, Spueren, et cetera un. Ongeféier 7.000 aktiv Veräiner ginn et zu Lëtzebuerg. D'Ausstellung "Komm, mir grënnen e Veräin" am Stater Geschichtsmusée beliicht elo dësen integralen Deel vun der Lëtzebuerger Kultur. Duerch eng liicht a spilleresch Atmosphär gëtt dat vläicht dréche wierkend Theema effikass vermëttelt. De Ben Kobs huet mam Curateur Gilles Genot iwwer d'Ausstellung an déi momentan Lag vum Veräinswiese geschwat.

auto_stories

4 min

Zanter deem ech kleng sinn, sinn ech Member vun engem Veräin. An esou geet et ville Leit zu Lëtzebuerg. D'Ausstellung "Komm, mir grënnen e Veräin!" am Stater Geschichtsmusée wëll genau des Facette vun der Lëtzebuerger Kultur ervirhiewen. Um spilleresch-interaktiven Trajet duerch d' Geschicht vum Veräinswiesen an der Stad stousst een op alles vum lokale Gesangsveräi bis iwwert d'Scouten.

De Veräin ass laut dem Gilles Genot, Historiker a Curateur vun der Ausstellung, en essentiellen Deel vun der Lëtzebuerger Fräizäitgestaltung. D'Motivatioune vun de Memberen si genau sou ofwiesslungsräich, wéi d'Veräinslandschaft selwer:

"E Veräin zeechent sech duerch seng Memberen aus, déi alleguer ganz ënnerschiddlech Erwaardungen un e Veräin hunn. Et gëtt déi Leit, déi sech virun allem fir d'Ausliewe vun enger Aktivitéit dran engagéieren. Mee et gëtt awer och déi, déi sech éischter an engem Veräin organiséiere fir eng gewësse Form vun Unerkennung ze gewannen, déi se vläicht soss am Alldag net hunn. Fir an der Gesellschaft sech ze organiséieren. Gesellegkeet ass natierlech och eppes wat ganz wichteg ass."

Beim Retracéiere vun der laanger Geschicht vum Veräinswiesen - vun den Zënften, iwwer den Zweete Weltkrich, bis zu Grënnungen an de leschte puer Méint - gouf vill op Done vu lokale Veräiner gesat. Nieft Statuten a Grënnungs- a Jubiläumsbicher fënnt een an der Ausstellung eng Panoplie vun Objeten, déi vu Stater Associatiounen zur Verfügung gestalt gi sinn. Deelweis kann een duerch dës Objeten och selwer an d'Roll vun engem Member dauchen, esou de Curateur:

"Veräiner sinn eppes am Alldag fir unzepaken an esou soll et och an der Ausstellung sinn, mat Elementer déi een och kann upaken, esou wéi ee Karamboldësch. Hei zu Lëtzebuerg ginn et nach ëmmer Karambolveräiner, wat sech e bëssen oftrennt vun dem klassesche Billardveräin. Anerersäits ass och e Piano, deen hei ausgestallt ass, vun engem Veräin, dee sech net alt ze laang opgeléist huet, wou een dann och kann sech drop austoben, bëssen nom Urban Piano-Modell am Musée selwer."

Veräiner als Spigel vun der Gesellschaft

D'Ausstellung positionéiert d'Veräinswiesen als Spigel vun der gesellschaftlecher Entwécklung. Politesch a soziologesch Tendenze kënnen un Hand vu Veräinsgrënnungen observéiert ginn. Enn vum 19. Joerhonnert demonstréiert de Spektrum vu verschiddene Veräiner den ideologesche Kulturkampf tëscht verschiddene, politesche Stréimungen. Nom Zweete Weltkrich hunn sech vill Veräiner d'Commemoratioun vun den Affer zum Zil gesat. Och hautdesdaags hu politesch Problematiken nach ëmmer ee staarken Afloss op d'Veräinswiesen:

"E Beispill wou et ganz vill Veräinsaktivitéite gëtt ass am Beräich vun der Migratioun, vun der Integratioun. Dat ass natierlech eppes wou um Niveau vum Staat a vun de Gemengen Aarbecht geleescht gëtt mee wou Veräiner eng immens wichteg Roll dra spillen. Anerersäits, ganz banal: Wann de Wunnraum méi kleng gëtt, wa Leit manner Gaart zur Verfügung hunn grënnen se ee Gaart an Heem wou se dann zesumme kënne gäertneren, wëll een dat bei sech doheem net ka maachen."

Et ass dës konstant Flexibilitéit, déi et dem Veräinswiesen erméiglecht relevant ze bleiwen a sech dem soziale Wandel unzepassen. Trotz gewëssen Defien, bleiwe Veräiner ee beléiften Zäitverdreif.

"Hautdesdaags ass natierlech eng gewëssen Individualiséierung an der Gesellschaft, déi ganz present ass. Dat ass ee vun de groussen Aspekter. Et gëtt och eng Fräizäitgestaltung déi ëmmer méi divers ass. Dat heescht et ginn och do Veräiner, déi bësse Schwieregkeete kënnen hunn fir sech där Panoplie u Méiglechkeeten unzepassen. Anerersäits ginn awer och ëmmer rëm aus Gesellschaften Entwécklunge raus wou nei Veräiner entstinn. Dowéinst - menger Meenung no op alle Fall, dat ass elo eng Meenung. Fir an d'Zukunft ze kucken ass net de Beruff vum Historiker. Mee d'Entwécklung weist, datt mer net hin zu enger Gesellschaft steieren, déi sech reng an de sozialen Netzwierker verbënnt mee dass et och ee Verbannen am alldeeglechen dobausse wäert ginn."

Am Laf vum Joer wäert och nach e Katalog erschéngen, deen d'Theeme vun der Ausstellung verdéiwen, an als Basis fir zukünfteg Recherche fungéiere soll. "Komm, mir grënnen e Veräin" ass also net einfach just een Titel, mee och en Opruff sech un der breetgefächerter Offer vum Veräinswiesen ze bedeelegen - egal op sozial, oder akademesch.