Nei am Kino Vergëfte Kaddo
Wat huet ee vun engem medial opgebauschten Heldestatus, dee wéi Schnéi an der Sonn schmëlzt? Dem Iraner Ashgar Farhadi säin neien Drama "A Hero" gouf zu Cannes ex aequo mam Grand Prix du jury ausgezeechent.

De Rahim sëtzt am Prisong wéinst enger Geldschold, déi en net konnt zeréckbezuelen. Wéi duerch e Wonner fënnt seng Frëndin dunn eng Posch mat Goldmënzen. Wärend enger Permissioun decidéiert de Rahim, d'Gold elo net fir seng Zwecker ze benotzen, mee et sengem Besëtzer erëmzeginn - een nobele Gest, mat deem sech de Mann allerdéngs a weider Schwieregkeete verstréckt...
Den Ashgar Farhadi ass ee vun de renomméiertsten iranesche Realisateuren um internationale Plang. Seng Filmer dréint hien och scho mol am Ausland mat lokalen Acteuren, wéi ''Le Passé'' (2013) a Frankräich oder ''Todos los saben'' mam Duo Penélope Cruz a Javier Bardem. Dräi Joer no senger spuenescher Eskapad ass de Farhadi also nees zeréck a sengem Heemechtsland Iran.
Onerwaarte Seegen oder vergëfte Kaddo?
A sengem neie Film ''A Hero'' muss sech den Haaptprotagonist mat de Contraintë vun der iranescher Gesellschaft erëmklappen, fir sech nees eng Respectabilitéit opzebauen. Gedëlleg a mat grousser Bescheidenheet muss de Prisonéier Rahim säi Wee goen, fir sech an den Ae vun de Leit seng Honorabilitéit zeréck ze verdéngen.
Dobäi ass hien ni wäit vun engem Faux-pas ewech: ass d'Gold, dat op eemol opdaucht, net e vergëfte Kaddo? Sech géint den onerwaarte Seegen entscheede bréngt ëm zwar e medial opgebauschten Heldestatus - mee och déi Glafwierdegkeet ka grad esou séier schmëlze wéi Schnéi an der Sonn, wa bis entgéint gesaten Interessien op eneen treffen a béiswëlleg Rumeuren op de soziale Medie kurséieren...
Eng vun den éischte Sequenze vum Film hëlt dem Rahim säi schwéiere Parcours virewech: op engem archeologesche Site, dee grad restauréiert gëtt, klëmmt e mat Méi e Gelänner erop. Uewen ukomm, soll en awer nees séier erof.
Vun der sozialer Maschinerie gedriwwen
De Realisateur Ashgar Farhadi huet sech fir eng ganz sober, onopfälleg Mise en scène entscheet. De Spectateur soll sech op den Haaptprotagonist konzentréieren an ëm nokucken, wéi dee vun der sozialer Maschinerie gedriwwe gëtt: all eenzel Decisioun huet Konsequenzen, an och déi bestëmmen nees déi nächst Schrëtt. Wéi e Gewiicht huet do schonn eng moralesch luewenswäert Dot zum Beispill géigeniwwer enger eigentlech onwichteger Noutligen, zu där een ënner Ëmstänn och nach gezwonge gouf ?
Dem iraneschen Acteur Amir Jadidi keeft een d'Interpretatioun vum Haaptpersonnage Rahim ouni Problem of. Hie muss tëschent verschiddenen Attitüden hin an hier pendelen: engersäits dem Bild, dat d'Gesellschaft vun engem Mënsch a senger Situatioun ofverlaangt, nämlech permanent jovial, bescheiden an dankbar wierken; anerersäits muss e sech kënne Momenter zougestoen, an deenen hie seng Emotiounen net brauch ze kontrolléieren.
Wichteg ass an deem Zesummenhang d'Relatioun mat sengem Bouf, deen en duerch de ganze Film begleet. D'Presenz vum Kand zwéngt de Papp, en Equiliber ze fannen tëschent béide Polen. Fir seng Autoritéit ze behalen däerf hien sech net ze vill vun der Baussewelt ënnerbottere loossen, gläichzäiteg muss e würdeg duerch d'Liewe goen. Dat positiivt Bild, dat de Jong um Enn vu sengem Papp huet, ass deem seng richteg Belounung - egal wéi et ausgeet.