Literatur Ulrike Bail krut hire Servais-Präis

Viru Publikum war gëschter am Centre national de littérature zu Miersch d'Zeremonie vum Servais-Präis. D'Dichterin Ulrike Bail gouf fir hire Gedichtband "wie viele faden tief" belount. De Servais-Präis ass mat 6.000 Euro dotéiert.

Michel Delage / jk

Ulrike Bail Servais.jpg
Ulrike Bail, Germaine Goetzinger (Presidentin Fondation Servais) a Jeanne Glesener (Presidentin Jury)

Den Nico Helminger war virun der Ulrike Bail dee leschten Dichter, dee mam wichtegste Lëtzebuerger Literaturpräis ausgezeechent gi war. Dat si scho siwe Joer hir.

Bitzkonscht als roude Fuedem

D'Ulrike Bail, déi hei am Land keen Editeur fonnt hat a beim däitsche Conte Verlag ënnerkomm ass, huet d'Jury duerch d'Originalitéit vun hirer poetescher Demarche iwwerzeegt: d'Bitzkonscht als roude Fuedem, dee sech duerch de Gedichtband "wie viele faden tief" zitt an op eng onerwaart Manéier mam Alldag verbonne gëtt. D'Juryspresidentin Jeanne Glesener sot:

"Die Jury hebt die Kühnheit der dichterischen Sprache hervor, die von konventioneller Form und Syntax losgelöst, das Material ist, womit nicht nur die Autorin, sondern auch die Leserinnen aufgefordert werden eigene Sinnverschiebungen und Neubildungen zu schaffen."

D'radio 100,7-Journalistin Valerija Berdi huet d'Laudatio gehalen, op Wonsch vun der Ulrike Bail, eng Autorin, déi si 2017 fir d'éischt an enger Liesung entdeckt hat:

"Es ist Dichtung ohne Allüren, ohne hippe Ausdrücke, reich an unbekannten, längst vergangenen Wörtern - hat doch die Kunst des Nähens ihren Wert in unserer technologisierten Welt verloren. Und doch sind deine Texte weder altmodisch noch verstaubt. Im Gegenteil: sie sind erfrischend und überraschend. Kein Vers läßt die nächste Zeile erahnen und am Ende jedes Gedichtes verweilt man gerne, liest es nochmal, weil immer neue Blickwickel entstehen, neue Einzelteile eines immer sich ändernden Gesamtbildes."

An hirer eegener Ried huet d'Ulrike Bail ironesch d'Bemierkung vun engem Journalist zitéiert, dee vun hirer Poesie als Fräizäit respektiv Plage-Lektür ofgeroden hat. Effektiv huet si op der Exigenz vun hirer Ausdrocksform, der Dichtkonscht, insistéiert:

"Gedichte sind nicht eingepackt wie Bonbons, die man nach Anleitung des Autors, der Autorin auspacken kann und voilà, die Botschaft in einem Satz. Es ist das Unfertige und das Unvollständige in den alltäglichen Erfahrungen das einen stolpern lässt, das Komplexe im Leben, das verwirrt, das Verletzte an allen Orten, das an die eigenen Wunden erinnert. All das findet ins Gedicht, in die Worte und Zeilen, in den weißen Raum dazwischen."

Dëst Joer viru Publikum

D'Dichterin huet eng Partie vun hire Gedichter virgedroen, a well se an der Reegel kuerz sinn, direkt zweemol hannerteneen. Dorënner deen heiten Text, deen un d'Massaker vun Oradour-sur-Glane wärend dem Zweete Weltkrich erënnert:

"Nähmaschinen

Ich spanne Leinen auf Totenhemden,

wehen mir Rost und das Lied der Nähmaschinen,

dort in den Höfen von Oradour-sur-Glane,

lieu de supplice.

Die Zeit wusch den Rauch aus den Steinen,

um Friede die Ruinen,

Erinnerung ist ein poröses Kleid."

Anescht ewéi d'lescht Joer konnt d'Zeremonie vum Prix Servais dës Kéier erëm viru Publikum ofgehale ginn - am Covid-Check-Regimm. Fir déi musikalesch Begleedung huet d'Altistin Renata van der Vyer gesuergt.

An der Mediathéik:

Kultur / / Michel Delage
Lauschteren

Méi zum Thema

LuxPav "Homes for Luxembourg" op der Biennale 2021
Venedeg

"How will we live together?" - d'Architektin Sara Noel Costa De Araujo beäntwert déi Fro mat mobillen Holz-Modullen. An trëfft domat den Nerv op der 17. Architektur-Biennale, déi leschte Weekend zu Venedeg opgaangen ass.

CNL Liesrees
Literatur

Wann d'Leit net kënne bei d'Bicher kommen, da ginn d'Bicher bei d'Leit. Eng nei Initiativ vum Mierscher Literaturzenter an d'Lëtzebuerger Bicherediteure schécke 25 Auteuren op d'Rees duerch d'Land.

Ulrike Bail - wie viele faden tief
Literatur

De Servais-Präis geet dëst Joer un d'Ulrike Bail, fir hire Recueil "wie viele faden tief". De Jury ënnersträicht d'"Kühnheit der dichterischen Sprache", déi vu konventioneller Form a Syntax lassgeléist wier.

Bicher
Literaturpräis

De Servais-Präis wierdegt all Joer e literarescht Wierk, dat zu Lëtzebuerg entstanen ass. D'Jury huet elo déi fënnef Favoritte fir dee mat 6.000 dotéierte Literaturpräis verëffentlecht.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

Dossieren

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat enger Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen