Radioen

On air

Notturno  |  Coby Sey - Dial Square (Confront)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ugo Bienvenu: Préférence système

Gezeechent

Ugo Bienvenu: Préférence système

D'Science-Fiction BD spillt an enger noer Zukunft, an där d'Mënschheet esouvill Date produzéiert, datt net méi alles gespäichert ka ginn.

auto_stories

2 min

"Préférence système" vum Ugo Bienvenu spillt an enger noer Zukunft, an där d'Mënschheet esouvill Date produzéiert, datt net méi alles gespäichert ka ginn. Den Yves schafft an der Institutioun, déi dofir verantwortlech ass, al Filmer a Literatur ze läschen, well se net méi genuch Leit interesséieren a duerch d'sozial Medien all Dag eng Onmass un neie Saache produzéiert gëtt.

Den Yves ass en heemleche Rebell; hie wëllt d'Wierker erhalen a verstoppt se dofir an der Memoire vun engem Roboter, deen hien doheem huet. Dee Roboter ass och d'Leihmutter vum Kand, dat den Yves a seng Fra erwaarden. Iergendwa flitt hien op a muss mat senger Famill flüchten.

An der zweeter Hallschent dréit sech villes ëm de Personnage vum Roboter, deen dat nei Liewen a sech dréit, geneesou wéi vill Klassiker vun eiser Kultur.

E sozialkritescht Wierk

D'Science-Fiction BD entwërft e Gedankespill iwwer de Wäert vun der Kultur a freet, ob a wéi mir wëllen eis Geschicht tradéieren. Et ass e sozialkritescht Wierk, mat Bezuch op d'sozial Medie sécherlech e bësse plakativ." Préférence système" ass souverän opgebaut an erzielt, och an der Aart, wéi et sech selwer an der Science-Fiction-Traditioun placéiert, mat klore Referenzen op dem Orwell säin "1984" an dem Kubrick säin "2001".

Grad an der zweeter Hallschent entwéckelt d'BD eng grouss poetesch Kraaft an ass mat Momenter ganz beréierend, wat ee vläicht net erwaart. Stilistesch erënnert d'Buch u Superheldecomicken aus den 80er. De relativ konventionelle Stil mat deels kitscheger Koloratioun ass sécherlech eng Schwächt vum Comic. Trotz den almoudeschen Zeechnunge funktionéiert d'BD awer a lount sech wéinst hirem Bléck op den information overload vun eiser Gesellschaft.