Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trouscht am Hamsterrad

Nei am Kino

Trouscht am Hamsterrad

An "The Card Counter" vum amerikanesche Routinier Paul Schrader spillt den Oscar Isaac en traumatiséierte Pokerspiller. Ee vun de ganz gudde Filmer, déi een de Moment am Kino ka gesin.

auto_stories

3 min

Oscar Isaac (Foto: Focus Features)

De fréieren Zaldot William (Oscar Isaac) huet eng aacht Joer laang Prisongsstrof ofgesiess. No senger Entloossung klappt de professionelle Pokerspiller d'Casinoen of. Do léiert hien d'La Linda (Tiffany Haddish) kennen. D'Fra geréiert eng Equipe vu Pokerspiller, déi mat de Sue vu privaten Investisseure bei Kompetitiounen untrieden. Iwwerdeems leeft de William dann och dem jonken desorientéierte Cirk (Tye Sheridan) iwwert de Wee: béid Männer verbënnt eng traumatesch Vergaangenheet...

Wie sech mat ''The Card Counter'' op eng Etüd iwwer d'Psychologie vu Kaartespiller mat spannende Partien à la ''Cincinnati Kid'' gefreet hat, gëtt enttäuscht. Dem amerikanesche Routinier Paul Schrader, 75 Joer al, geet et virun allem ëm déi mental Welt, déi sech säi Protagonist opgebaut huet, fir säin Trauma a seng moralesch Schold esou gutt et geet ze verschaffen.

Asketesch Personagen

Scho wärend senger Zäit am Prisong hat hie geléiert, déi routiniséiert Ofleef tëschent de véier Maueren z'appreciéieren. De William brauch a sengem Alldag Reegelméissegkeet. D'Pokerspill beherrscht hie perfekt, well en d'Kaarten zielen, dat heescht d'Probabilitéite vum Spill berechne kann. Mee dat ass verbueden, also hält hie seng Gewënner a Grenzen, versicht, ënnert dem Radar ze bleiwen, net opzefalen.

Och soss schläicht hie sech wéi e Geescht duerch d'Geschicht. De Mann ass ëmmer däischter a sober gekleet, verzitt keng Minn. Wéi de Kënschtler Christo wéckelt hien d'Miwwelen an de Motelszëmmere mat wäissen Dicher an. Owes notéiert hie seng Andréck an engem Tagebuch. Déi Prozedur widderhëllt sech Dag fir Dag, virum enger onperséinlecher Kuliss vun ëmmer deene selwechte Motellen a Casinoen.

Den Acteur Oscar Isaac, deen de William exzellent verkierpert, krut, wéi et schéngt, d'Regieuweisung, e Steen z'interpretéieren. D'Resultat, eng staark Presenz trotz minimalisteschem Spill, ass grouss schauspilleresch Konscht.

De Paul Schrader, deen nieft eegene Filmer och Dréibicher fir ënnert anerem de Martin Scorsese (Taxi Driver, Raging Bull, The Last Temptation of Christ) geschriwwen huet, ass e Spezialist fir asketesch, ënnerlech zerrappte Personnagen. A sengem kuckeswäerte viregte Film ''First Reformed" (2017) war et ee vun ekologescher Angscht belaaschten evangelesche Geeschtlechen. Am Fall vun ''The Card Counter'' hu mer et mat engem traumatiséierten Täter ze dinn.

Folterprisong Abu Ghraib

De William war als einfachen Zaldot am amerikanesche Folterprisong vun Abu Ghraib am Irak aktiv. Déi unhand vu Virtual Reality-Technik verzerrten, mat aggressiver Rockmusek hysteriséierte Flash-Backe wierke wéi Ablécker an d'Hell. Déi Biller stinn am schaarfe Kontrast zur paradoxerweis groer, roueger, onglamouréiser Welt vun de Provënz-Casinoen. Grell stiechen héchstens dem William säin ukrainesche Poker-Rival an deem seng Fans ervir, déi mat hirem demonstrative Stars and stripes-Fändelgefuchtels an ignorantem ''USA ! USA !''-Gejäiz de genervte William u seng schrecklech Irak-Erliefnesser a seng Verurteelung als Lampist erënneren.

Personifizéiert ginn déi Souveniren duerch de Foltermajouer Gordo (gespillt vum Willem Dafoe), véiert wichtegt Glidd an der Personnage-Konstellatioun nieft der La Linda an dem Circ. Zitt d'Schicksal de William elo an deem Gordo seng Richtung, via de jonke Cirk, deen iergendwéi net weess, wat e mat sengem Liewe soll ufänken an dach ganz präzis Pläng huet ? Oder gëtt sech de William eng zweet Chance am Liewen duerch seng Unzéiung fir d'La Linda ? Den Auswee iwwer d'Léift oder an der Gewalt ënnergoen, dat schéngt d'Alternativ ze sinn an deem impressionnanten, ganz maîtriséierten a vun enger inquietanter Musek (Robert Levon Been an Giancarlo Vulcano) begleeten Drama.