Radioen

On air

Notturno  |  Van Morrison - Astral Weeks

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Aktioun géint d'Vergiessen

Expositioun

Eng Aktioun géint d'Vergiessen

Och perséinlech Geschichten an Anekdote sinn et wäert, conservéiert ze ginn. Dat wëllen d'Nationalarchive mat der Ausstellung "Blackouts / Trous de mémoire" däitlech maachen. D'Visiteure ginn dozou opgeruff, hir Geschichte mam Public ze deelen.

auto_stories

3 min

D'Visiteuren hunn deels ganz perséinlech Geschichten néiergeschriwwen. Foto: Archives nationales de Luxembourg

Archiver suerge fir d'Erhale vun de klengen a grousse Geschichten, déi fir eng Gesellschaft wichteg sinn. Munch Passagë ginn awer vergiess oder souguer verluer. Trotz dëse Lücken ass awer kee Mënsch en onbeschriwend Blat. Fir déi Blieder erëm ze fëllen, déi ongewollt eidel bleiwen, hu sech d’Nationalarchiven eppes Spezielles iwwerluecht, d'Expo "Blackouts / Trous de mémoire"

An den Archive goufe schwaarz Disken ausgeluecht, erzielt de Conservateur Romain Schroeder. Déi hunn eng wäiss Récksäit, op déi d'Leit hir Gedächtnislück solle schreiwen a se dann un d'Mauer hänken. "Dat gesäit dann aus, wéi e grousse Schwäizer Kéis, just mat schwaarze Lächer."

D’Nationalarchiv gesäit seng Aufgab awer net doran, dem Schwäizer Kéis seng Lächer erëm ze stoppen. D’Iddi dohannert ass éischter déi vun der Preventioun, esou de Romain Schroeder. "Wann Iech Är eege Memoire an Är Vergaangenheet wichteg ass, dann haalt d'Dokumenter, déi Äert Liewen, d'Liewe vun Ärer Famill an dat vun Ärem Ëmfeld beleeën", ënnersträicht de Romain Schroeder. D'Leit sollen d'Erënnerungen, d'Wëssen an d'Erfarunge vun hirem Ëmfeld wäertschätzen.

"Jiddereen huet Trous de mémoire"

Datt Wierder, Sazfragmenter oder souguer ganz Geschichten am Liewe vu Leit feelen, wier net seelen. Et wier och net op eng bestëmmten Altersgrupp begrenzt.. Och Schoulklassen hätten zum Beispill schonn Disken ausgefëllt.

D’Contributioune kënnen entweder op der Plaz geschriwwen oder iwwer Twitter, Facebook oder Mail ageschéckt ginn. Obwuel sech d'Trous de mémoire vu Persoun zu Persoun ënnerscheeden, fält dem Romain Schroeder eng Gemeinsamkeet op: De Courage, ganz perséinlech Geschichte Präis ze ginn. Eng Schülerin hätt zum Beispill iwwert hir Groussmamm geschriwwen, déi vun hiren Eltere während dem Zweete Weltkrich an engem Kannerheem a Frankräich zréck gelooss gouf.

Weder bei dësem Projet, nach allgemeng an den Archiver dierft et eng sproochlech Exklusioun ginn, esou de Romain Schroeder. D’Vergaangenheet huet sech net nëmmen an enger Sprooch ofgespillt, deemno gëllt dat och fir d’Trous de Mémoire:

Ma grand-mêre était morte alors que ma maman n'avait que trois ans. Je ne connais que son prénom: Antoinette. J'aimerais en savoir plus, j'aurais aimé la connaître et qu'il y ait moins de secrets de famille.

Was wäre passiert, wenn mein Vater nicht gestorben wäre und wir unseren Hof nicht hätten verkaufen müssen? Wie wäre es in Königshagen weiter gegangen? Wo wäre ich jetzt, wenn nicht in Göttingen? Hätte ich jemals meine liebe Anna getroffen?

D'Kollektiv Memoire spillt och eng Roll. Foto: Archives nationales de Luxembourg

An der partizipativer Ausstellung an den Nationalarchive ginn awer net just perséinlech Giediechtneslücken ugeschwat. Och méi grouss historesch Evenementer spillen dem Romain Schroeder no eng Roll.

An enger Contributioun géing et zum Beispill ëm de Bommenugrëff op Clausen am Eischte Weltkrich goen. Deemools hätten d'Alliéiert en Ugrëff geflunn, bei deem vill Leit gestuerwe wieren, erzielt de Conservateur. "Et war traumatesch an dramatesch fir d'Leit deemools. Et huet an der kollektiver Mémoire awer keng richteg Spueren hannerlooss."

Grad am méi groussen historesche Kontext kann d'Kenntnis vu groussen a klenge Geschichten dobäi hëllefen, Saachen an der Géigewaart anescht ze maachen. Wien dobäi hëllefe wëll d'Erënnerungen ze sammelen, ass um Helleggeescht Plateau wëllkomm.