Radioen

On air

Tockcity  |  Sheebaba - Ambulanz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Total Anarchie? Schéi wier et!

Nei am Kino

Total Anarchie? Schéi wier et!

"Birds of Prey" ass déi zweet Verfilmung mam weibleche Komik-Personnage Harley Quinn. D'Potential fir e Slapstick-Freedefeier war do. Erauskomm ass eng konstipéiert Massewuer.

auto_stories

3 min

Véier Joer no "Suicide Squad" ass elo mat "Birds of Prey" eng weider Verfilmung mam weibleche Komik-Personnage Harley Quinn am Kino. Dës rotzfresch Louder, Anti-Heldin aus dem DC Universum (Batman, Superman) gëtt weiderhi verkierpert vun der australescher Actrice Margot Robbie, déi de Film dës Kéier mat produzéiert huet. D'Regie gëtt vun der amerikanesch-chinesescher Realisatrice Cathy Yan assuréiert, een nach onbeschriwwent Blat am Filmbusiness.

Am Ufank vu "Birds of Prey and the Fantabulous Emancipation of One Harley Quinn", wéi de Film mat vollem Titel heescht, huet sech d'Harley Quinn vun hirem Frënd Joker, dem Kinnek vun de Kriminelle vu Gotham City, getrennt. Fräi wéi de Wand wëllt si sech elo als eng Zort Söldnerin etabléieren.

Dat trëfft sech gutt, well de Gangsterboss Roman Sionis, alias Black Mask, grad e Kappgeld ausgesat huet op eng jonk Kleptomanin, déi him en Diamant geklaut huet. Allerdéngs schléift d'Konkurrenz net, an deen een oder aneren huet nach oppe Rechnunge mat der Harley ze begläichen.

Foto: IMDb

Dienst nach Vorschrift

D'Geschicht vu "Birds of Prey" ass am Fong zimmlech egal. Et ass weider näischt wéi e Virwand, fir d'Harley Quinn an Zeen ze setzen. Dee Personnage ass eng bewosst Aktualisatioun vun der traditioneller Figur vum Arlecchino oder Harlequin aus der Commedia dell'Arte, dem Geck, déi ufanks den 90er Joren als eng Aart sexy Punk, weibleche Kläpper a Pendant vum Joker an der Serie vun de Batman-Comics eng éischte Kéier zum Virschäi koum.

D'Potential war also do fir um Ecran e visuellt Slapstick-Freedefeier am Zeeche vun totaler Anarchie explodéieren ze loossen. Leider spruddelt a sprëtzt et erstaunlech wéineg, mat hallef-häerzege Kläppereien, ënner-vitaminéierte Verfolgungsjuegten an Dialogen, déi am Schoulhaff vun engem Lampertsbierger Lycée méi faarweg klengen. Dat alles wierkt wéi Dienst nach Vorschrift.

Foto: IMDb

D'Handlung brutal an engem hektesche Moment duerch laang explikativ Flashbacken ënnerbriechen, soll de Montage dynamiséieren: do huet e Godard-Film aus de 60er Jore méi Pep. Bildverzerrungen an aner Effekter, wéi an enger Party-Zeen am Ufank vum Film, hätt ee sech der méi gewënscht.

Fir en Hauch vu Verrécktheet suergen eigentlech nëmmen ageblennte Schrëften am Graffiti-Stil op engem Bild, dat stoe bleift. Mee dat ass weider näischt wéi e bësse Konfetti respektiv Sand, deen dem Spectateur an d'Ae gestreet gëtt.

Wat hätt en Tarantino doraus gemaach?

Am "Birds of Prey" leeft et praktesch ni iwwer, alles ass ultra-kontrolléiert, fir net ze soe constipéiert! Genee wéi déi jonk Kleptomanin, déi den Diamant geschléckt huet: eigentlech eng ideal Virlag fir skatologesch Exzesser. Mee hei bleift et, schéi brav, bei e puer pipi-kaka Witzercher.

Et kann een also nëmmen dovunner dreemen, wéi zum Beispill e Quentin Tarantino un d'Saach erugaange wier. À propos: bei "Birds of Prey" huet ee permanent den Androck, e schlechte Remake vu "Kill Bill" ze kucken. Net onsympathesch ass an deem Kontext, datt d'Fraen am "Birds of Prey" d'Männer wéi Schéissbudefiguren aus dem Wee raumen. Datt d'Männer praktesch ouni Ausnam wéi Idioten eriwwer kommen, an déi cool a selbstbewosst Fraen um Enn, well et net anescht geet, dach nach eng Form vu Solidaritéit fir sech entdecken, geet dat eleng schonn duer fir vun engem feministesche Film ze schwätzen?