Toleranz an Akzeptanz, e kulturellen Opdrag an Erzéiungsprozess?
Wann op enger Theater- a Cabaretsbühn der Gesellschaft de Spigel virun d’Gesiicht gehale soll ginn, a soumadder duergestallt gëtt, wéi de Lëtzebuerger denkt, da sollt ee sech e puer Gedanke maachen. Dat fënnt d'Nadine Ewerling:
An eppes méi wéi enger Woch hunn d’Lëtzebuerger d’Méiglechkeet vun deem demokrateschtste Mëttel, niewent Walen, Gebrauch ze maachen, fir hir Meenung auszedrécken, vun engem Referendum mat dräi Froen. Obwuel ugekënnegt gouf, datt keng Propaganda fir déi eng oder aner Optioun gemaach géif, iwwerschloe sech d’Medie mat Stellungnahme vu Leit vun deene verschiddene Borden aus Politik a Gesellschaft - wat jo glécklecherweis eent vun eisen demokrateschste Grondrechter ass.
Egal wéi, d’Äntwert vu jidderenger vun dëse Froe bewierkt eng Ännerung an der Gesellschaft, esouguer, wann d’Resultat de Status quo verlaange géif. Soss bedeit et, méi Wieler, wann de Wahlalter op 16 erofgesat géif, méi Wieler, wann auslännesch Matbierger d’Wahlrecht kréichen a méi dacks aner Gesiichter op Ministeschposten, wann dëst Mandat zäitlech begrenzt géif.
Haaptsächlech d’Fro no dem Auslännerwalrecht motivéiert zu deene meeschte Stellungnahmen. Firwat ass dat esou? Aus Angscht virum Friemen? Aus der Befierchtung, datt aus gewollte Minoritéiten ongewollte Majoritéite ginn? Aus engem Mangtem un Toleranz? Duerch d’Net-Akzeptanz vum Aneschterssinn?
Genee dës Gedanke si mär och duerch de Kapp gaangen, awer net, wou ech un de Referendum duecht, mee wou ech an enger Virstellung vun engem vun deenen eelsten Theater- a Revueensemble vu Lëtzebuerg souz.
Ech hu mech immens onwuel gefillt, wou ech gemierkt hunn, datt all Allussioun op d’sexuell Gesënnung vun engem Mënsch déi meeschte Laacher provozéiert huet, an dës Bühneproduktioun, déi hir Plaz jo awer tëschent Revue a Kabarett gesäit, ass net nëmme voll dervun, si huet quasi keen anert Thema. (De Mangtem vun Inszenéierung op der Bühn an d’Orthographiesfeeler an den Texter setzen ech hei a Klameren.) D’Fro huet sech mer opgedrängt, wat schif gelaf ass. Well, iergendeppes muss dach schif gelaf sinn, wann e Fernand Hoffmann Recht behale soll, datt, och am Hibléck op den Theater, dem Lëtzebuerger Spott a Satir am Blutt léichen, grad esou wéi de schaarfe Bléck fir mënschlech Schwächten a Lächerlechkeeten. Si mënschlech sexuell Neigungen dann elo mënschlech Schwächten a Lächerlechkeeten?
De Cabaret benotzt gären d’Satir fir op Zoustänn, oder éischter Mëssstänn, an der Gesellschaft, sproochlech iwwerspëtzt, opmierksam ze maachen. Eng “Lëtzebuerger Revue” ka sech natierlech bei esou inhaltlecher a formaler Kritik, ëmmer nees op hir Zwitterroll ënnert den Theater- a Cabaretsensemble beruffen, sollt sech awer dem kulturellen, a soumadder edukative Charakter bewosst sinn, deen si, wéi all kulturell Produktioun, huet.
Nëmme fir ze soen: Muench kritesch lëtzebuerguergesch Bühnewierker behandele wuel d’Rolleverdeelung vu Mann a Fra, oder si befaasse sech mat dem opportunistesche Spill vu Politiker a Glawensvertrieder an hunn esou alt schonn emol vun der Huwwelbänk direkt an eng Sakgaass gefouert. An den 80er Jore war d’Cabarets- an d’Revueswelt, mat engem PikAs am Grapp, op der gewonnener Säit. Uganks den 90er Joren huet “ein kleiner Minimalist” d’Schierbelen an der Gesellschaft zesummegekiert, an e luussege Fiisschen ass queesch duerch dës Gesellschaft an ënnert d’Politiker gefuer. Hien hat sech och e Sproochrouer op der Cabaretsbühn geschafen. Et huet bis haut iwwerlieft a gëtt appréciéiert - hoffentlech och nach weider an där Roll, déi et ze erfëllen huet, an, wie weess, vläicht geet ee vun dem Fiisschen senge leschte Wënsch jo awer eng Kéier an Erfëllung, datt “nach Fiiss gebuer géifen ‘fuussrout, um Spronk mat schaarfen Zänn‘”- et wier un der Zäit, grad wa
ierger a Biergerinnen duerch Referendume Gesellschftsformen definéiere sollen.