Radioen

On air

Nei Musek  |  Véier spektakulär nei Instrumentalstécker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ The Roads Not Taken vun der Sally Potter

Berlinale70

The Roads Not Taken vun der Sally Potter

D'Kompetitiounsfilmer vun der 70. Berlinale sinn esou lues awer sécher all duerchgeknat. Gëschter war et ënner anerem um neie Film vun der Sally Potter fir sech ze presentéieren. Mat engem Star- a Stärerchers-Casting aus Javier Bardem, Selma Hayek an Elle Fanning. D'international Kritik war net um Rendez-vous.

auto_stories

4 min

Esoubal een de Javier Bardem déi éischte Kéier gesäit, denkt een direkt emol un en anere Film. An zwar u "Mar adentro", de Film vum Alejandro Amenabar, mat deem de Bardem viru 15 Joer den internationalen Duerchbroch gefeiert huet. Hien ass elo am neie Long-métrage vun der Sally Potter net queeschschnëttsgeläämt, mee op d'mannst esou katatonesch a sech gekéiert.

D'Dier schellt, den Telefon rabbelt, mee säi Personnage läit am Bett, kuckt an d'Eidelt a mécht seng keng Ëmstänn, sech ee Millimeter ze beweege fir un den Telefon ze goen oder d'Dier opzemaachen.

Der Elle Fanning säi Personnage kënnt iergendwann eragestierzt a mir léieren, datt si seng Duechter ass. Hie grommelt Onkoherentes viru sech hin, mee si an seng Aide soignante versichen hie fäerdeg ze maachen - et geet nämlech bei den Zänn- an den Aendokter. Eppes, wat sech als méi ustrengend erausstelle wäert, wéi gemengt.

Zwee parallel Plotten

Der Sally Potter hire Kompetitiounsfilm op dëser 70. Berlinale erzielt aus engem Dag vun hire Personnagen, wéi si versichen, deen ze meeschteren. "The Roads Not Taken" geet dramaturgesch nach ganz aner Weeër. De Film léisst nieft där gewéinlecher Doktesch-Odyssee nach zwee scheinbar Plotten, zwou Timelinë parallel lafen.

An där enger ass de Bardem op enger griichescher Insel, versicht e Buch fäerdeg ze schreiwen a sicht bei jonke Fraen ëm Rot, an där anerer fënnt een hien zu Mexiko erëm, zesumme mat der Selma Hayek. Et ass eng kromm an der Heck an hirer Relatioun an et versteet een och do net direkt ganz, wat do viru sech geet.

Dee knapp 85 Minutte laangen neie Film vun der Sally Potter refuséiert dem Spectateur Basisinformatioune ronderëm hir Personnagë mat op de Wee ze ginn. Virun allem - wat ass mam Javier Bardem sengem Personnage lass? Ass hie geeschteg behënnert? Huet hien en Häerzinfarkt hanner sech?

Eng Äntwert liwwert de Film bis zum Schluss net wierklech. Déi muss ee soss enzwousch sichen. D'Sally Potter huet sech fir d'Geschicht un Autobiografeschem inspiréiert. Si huet hire Brudder, deen ënner enger aggressiver Form vu Demenz gelidden huet, e puer Joer bis zu sengem Doud begleet.

Wat geet bei Demenzkranken am Kapp vir?

Der Realisatrice hir grouss Fro hanner dësem Projet ass: Wou ass den Demenzkranken, wann e scheinbar net "do ass"?

De Javier Bardem geet a sengem Kapp dofir déi Weeër, déi hien am "Hei" net gaangen ass. Mee och dat ass net explizitt gesot. Genee esou kéint dee parallelle Montage mat Flashbacke verstane ginn. Spannend ass ze wëssen, dat deen heite Film an hire viregte Film "The Party", an der Konzeptioun a Produktioun och parallel gelaf sinn.

Zwee Filmer déi u sech net mateneen ze vergläiche sinn. "The Party" ass e Boulevard, e Kammerspill mat engem ganz klore Kader. Mee dem Bardem säi Personnage huet genee esou en zouene Setting um éischte Plang, deen hien um zweete Plang am Kapp awer oprappt. Wat fir e Schluss ass dee Beschten, esou d'Fro vum Bardem an enger Zeen.

Foto: Adventure Pictures

Wéi gesot, d'Kriticke vum Film sinn tatsächlech éischter negativ bis katastrophal. Dat läit och vläicht um Javier Bardem sengem manieristesche Spill, dat vun him ofverlaangt gouf. Hien tuddelt tatsächlech duerch 80 Prozent vum Film Saz- a Wuertfetzen an huet e Gesiicht opgesat, mat deem een ënner Ëmstänn d'Gedold verléiert.

D'Elle Fanning kanaliséiert e ganz rouege Personnage, dee seng Karriär op d'Spill setzt fir dem Papp ze hëllefen. Si spillt, genee wéi de Film et versicht ze sinn, ouni groussaartege Chichi.

D'Potter verkeeft de Film als ee ganz Soberen, dee formell keng grouss Spréng mécht, mee deen dramaturgesch op seng gesate, roueg an onspektakulär Manéier Saache versicht. Déi Rou ass scheinbar eppes, wat Kritiker vill als Indifferenz a Langweil ëmschreiwen. Vum Bardem kann een an dësem Film wierklech halen, wat ee wëllt, mee ech menge wierklech, datt et e bëssi einfach ass, de Film als déi Katastroph ofzestempelen, als déi e beschriwwe gëtt.