"Le jury a été séduit par la qualité de l'expression littéraire qui dessine un monde aux images poétiques et aux personnages fragiles. La musicalité du style, la densité de l'atmosphère et la précision des descriptions tant des caractères que du cadre de la pièce convient le public dans un monde d'une obscure tendresse."
Sou hat d'Jury hir Decisioun begrënnt, dem Romain Butti säin Theaterstéck 'Fir wann ech net méi kann' mam Nationale Literaturconcours ze dotéieren.
Eng Dimensioun tëschent Dram a Realitéit
Eng Begrënnung, déi een absolut ënnerschreiwe kann, well wat de Romain Butti immens gutt beherrscht ass eng dicht, emotional Atmosphär, déi tëschent Passioun an Distanz, tëschent Hëtzt a Keelt wiesselt op d'Blat ze bréngen an d'Lieserinnen a Lieser an eng Dimensioun tëschent Dram a Realitéit ze entféieren.
E wonnerbart Stéck Literatur, mee, dat hat ech mech deemools scho gefrot, wéi kritt een dësen Text op d'Bün. Dem Ronald Dofing ass et gelongen, mee net ëmsoss huet dës Performance en aneren Numm an et ass "nom" Stéck vum Romain Butti realiséiert.
Wéi et ausgesinn hätt, wann et an der Téitenger Schungfabrik gewise gi wier, dat weess en net, d'Ëmsetzung, déi aus Musek, Film a Bünespill zesummegestallt, ass op alle Fall derwäert gesinn ze ginn.
D'Sich no enger Plaz fir sech selwer
Ëm wat geet et? De Luka, gespillt vum Philippe Meyrer kënnt vun enger laanger Rees zeréck bei seng Bomi, duergestallt vun der Annette Schlechter, déi an hirer eegener Welt lieft. Et sinn d'Schleeken, déi hire Gaart ploen an domat och si. Des Liewenslimitéierung huet wéineg ze di mam Luka senger Sehnsucht a Sich no enger Plaz, wou hie ka frou sinn, déi huet hie weder op senger Rees fonnt nach am Zeréckkommen.
De Konstantin Rommelfangen verkierpert den Noah, dem Luka säi Frënn, deen immens glécklech ass, seng grouss Léift rëm bei sech ze hunn, mee et geléngt him net, de Luka u sech ze bannen, trotz der grousser Passioun an Unzéiungskraaft, déi vun de zwee Männer ausgeet. Et ass e Spill mat de Gefiller, mat Leidenschaft, mat Gedanken, mat der Zäit, mat Dimensiounen, mam Liewen a mam Doud.
Wärend d'Protagonisten an der Téitenger Schungfabrik am eidelen Theatersall spillen, déi zwee Männer sech begéinen, hir Wierder an hir Kierperlechkeet austauschen, leeft am Hannergrond, mol gläichzäiteg, mol versat, eng Filmopnam, realiséiert vum Yann Ney.
Eng Performance,déi een opsaugt
Den Noah op der Sich no de Spuere vum Luka, hei an der rauer Landschaft vum Minett, wat der ganzer Geschicht eng weider Dimensioun an domat och Intensitéit gëtt. Fir dës Verdichtung suergt déi exzellent musikalesch Performance vum Bartleby Delicate.
Dem Dofing an de Schauspiller ass et gelongen, déi toxesch Essenz, déi dem Butti seng Literatur ausmécht, esou ze verschaffen, datt ee reegelrecht opgesaugt gëtt. Op dës Wierkung awer och wouer ass, wann een d'Inzenéierung um klengen Ecran gesäit, dat muss een dann deemnächst erausfannen.
Op alle Fall keeft een dem Philippe Meyrer an dem Konstantin Rommelfangen hir ënnerschiddlech Passiounen, hir Zerbriechlechkeet a Leidensweeër absolut of an d'Annette Schlechter suergt mat hirer herber Manéier fir eng gewësse Liichtegkeet fir dëst intensiivt an net grad lëschtegt Stéck.
Note vun der Redaktioun: De Romain Butti ass zanter Enn 2020 Responsabele fir d'Relations publiques fir beim radio 100,7.