Radioen

On air

Tockcity  |  Contrahouse - Streetcorn

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi iwwerlieft e klenge Verlag am Confinement?

Kulturschafender an der Kris

Wéi iwwerlieft e klenge Verlag am Confinement?

Capybara ass den Numm vum Waasserschwäin, dat a Südamerika doheem ass. Dem Schwéngche seng charmant a hedonistesch Liewensmanéier hunn d'Susanne Jaspers an de Georges Hausemer 2012 inspiréiert hire Verlag da Capybarabooks ze nennen. De Georges Hausemer ass 2018 gestuerwen an zanter deem leet d'Susanne Jaspers de Verlag eleng.

auto_stories

4 min

D'Editrice, Iwwersetzerin, Schrëftstellerin a Matautorin vu Marco Polo-Reesguiden erzielt, wéi eng Auswierkungen de Lockdown op hir Aarbecht huet.

"Et gëtt gesot, et géife vill Leit iwwer den Internet bestellen, ech mierken dat am Moment net ganz grouss, ech hunn d'Gefill datt d'Demande ganz staark agebrach ass zanter datt d'Librairien zou sinn. Ech hunn déi Deeg nach mat Kolleege geschwat, déi Libraire sinn an déi probéieren dat opzefänken, verschécke vill mat der Post, et gëtt och vill bestallt, mee et ass kee Verglach mat deem, wa Bicher kaf ginn an de Butteker. Ech hunn och keng Angscht, mee ech wier frou, wann d'Bicherbutteker erëm géifen opgoen."

A verschiddenen europäesche Länner an och an Däitschland ginn haut d'Librairien erëm op, zu Lëtzebuerg ass dat aktuell nach keen Theema. D'Susanne Jaspers lieft an der Eifel an zu Lëtzebuerg. Vum Verkaf vun de Bicher kéint d'Editrice am Moment sécher net iwwerliewen.

"Ech hunn d'Chance, datt ech niewebäi nach iwwersetzen, Optragsbicher schreiwen a Projete betreien, datt ech net muss eleng vun der Vente vu menge Bicher liewe fir de Moment, mee mëttelfristeg wier et fir de Verlag net schlecht, wann ech géif e puer Bicher verkafen."

"Onméiglech konstruktiv ze schaffen"

Eng weider Aarbecht vun der Susanne Jaspers ass Mataarbecht u Reesguiden, en Job, deen am Ablack awer net einfach ze realiséieren ass, well fir kënne Reesbicher ze schreiwen, muss ee mol fir d'éischt reesen.

"Theoretesch misst ech Ufank Juni an Ufank August zwee Guidë fir Marco Polo schreiwen, fir déi ech schaffen. Eemol iwwer San Sebastian am Baskeland an iwwer Bilbao, an eemol d'Eifel hei an der Géigend, wou ech och wunnen, schreiwen an aktualiséieren. Mee ech hunn och mat de Lektore geschwat, a si soen och, mir schaffe blannemännerches. Ech kann net a Spuenie reesen, do ass och Ausgangsspär, all Restaurante sinn zou. Ech hu keng Méiglechkeet ze kontrolléieren, wat gëtt et u Restauranten oder wéi eng Kulturinstitutiounen hunn hir Ëffnungszäite geännert, dat heescht, am Fong waarde mir vun Dag ze Dag, vu Woch zu Woch, ob mer kënne viruschaffen. En Plus ass nach de grousse Problem, datt de Reesbuchmarché, dat mierken ech bei mir am Verlag, relativ staark agebrach ass, wat ech guer net ka verstoen, well elo misst een am Fong Loscht hu Reesbicher ze kafe fir Loscht ze maachen, op dat wat kënnt, wann et endlech eriwwer ass mam Coronavirus."

Et wier onméiglech konstruktiv ze schaffen, well een net weess, wéi et virugeet. Mee och déi technesch Produktioun vun de Bicher wier net evident, well eben iwwerall am Homeoffice geschafft gëtt. Par conter géif een awer mierken, datt d'Leit allgemeng méi Zäit hunn, an d'Susanne Jaspers kritt ewell vill méi Post, wéi an den normalen Zäiten:

"Wat soss intellektuell Produktioun ubelaangt, hunn ech d'Gefill, datt d'Auteuren, oder wat gär Auteur wär, extrem kreativ sinn. Ech krut an de leschten Deeg a Woche verstäerkt Manuskripter. Ech sinn net de Suhrkamp-Verlag, si kréie méi, mee ech hu scho gemierkt, et kommen der vill eran, et ass net alles vun der selwechter Qualitéit, well ganz vill Leit elo ufänke mat Schreiwen, well si sech doheem langweilen. Dat sinn net alles grouss Auteuren, mee et mierkt een, et ass eng extrem Dynamik do. Ech kann elo net fir d'Kolleege schwätzen, mee bei mir ass et opfälleg."

"D'Bicher si wéi Liewensmëttel.": "Dat kann ee roueg sou soen."

D'Susanne Jaspers ass eng erfueren Editrice an natierlech kuckt si sech elo mol all déi ageschéckte Manuskripter un, vläicht ass dat eent oder anert Talent dobäi.

"Ech si gespaant. Ech hunn e puer Opträg, déi ech muss ofschléissen. Ech hunn awer zwou-dräi Saachen, wou ech mengen, datt et derwäert ass, méi drop ze kucken. Et weess no e puer Säiten, ob et derwäert ass weiderzeliesen."

D'Suanne Jaspers pendelt normalerweis tëschent der Eifel a Miersch, am Moment ass dat net esou evident. Si ass frou e grousse Gaart ze hunn, wo si schaffen, a wéi si seet, sech austobe kann. Ausser Toilettëpabeier wier an de Butteker och alles ze fannen, sou d'Susanne Jaspers:

"Et gi Leit, déi maachen de Geck, well den italienesche Premier gesot huet, d'Bicher wiere wéi Liewensmëttel. Ech fannen, dat kann ee roueg soen, an ech fannen, dat kann ee roueg ënnerstëtzen, net nëmmen, well ech dovu liewen."