Radioen

On air

Espresso Beats  |  Porij - Ghost

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Surveiller et punir

Nei am Kino

Surveiller et punir

Den amerikaneschen Horrorfilm "The Rental", de Regiedebut vum Acteur Dave Franco, ass eng x-te Variatioun op de klassesche ''jeu de massacre'', mat deem deviant soziaalt Verhale bestrooft gëtt.

auto_stories

2 min

Zwou Koppelen - zwee Bridder an hir respektiv Frëndinnen - lounen en isoléiert Luxus-Weekendhaus op de Fielse beim Mier. Iergendwa kommen Drogen an d'Spill a wéi esou dacks fänkt d'Situatioun u mat kippen. Wéi sech dann och nach erausstellt, datt déi Véier heemlech gefilmt ginn, ass d'Partystëmmung definitiv ofgeflaacht. Wann et just dat wier.

Dat mannst, wat een iwwer den amerikaneschen Horrofilm ''The Rental'' soe kann, ass datt en alles anescht wéi originell ass. De ''jeu de massacre'' ass e Klassiker vum Genre, dee schonn an onendleche Variatiounen deklinéiert gouf a méiglecherweis nach wäert ginn.

Jeu de massacre

Deen éischte Film hanner der Kamera vum Acteur Dave Franco, deen hei ënner anerem seng eege Fra Alison Brie an Zeen setzt, erfëllt de gewinnten Oplagekatalog. En ongutt Gefill, dat sech vun Ufank u bei deem een oder anere Personnage breetmécht; falsch Pisten; déi aus dem Giallo iwwerholle subjektiv Perspektiv vum Killer; d'Viranung beim Spectateur, datt dat alles net gutt wäert ausgoen, respektiv d'Virfreed drop, well d'Protagonisten iergendwéi och fir hir eegen Dommheet misste bestrooft ginn; all dës Ingredienten an nach anerer huet ee schonn an deene verschiddenste Kombinatioune gesinn.

Fir elo keng falsch Hoffnungen ze erwächen, muss ee soen, datt de ''Plat de résistance'' hei manner aus Gemetzel besteet. De Film hëlt sech tatsächlech méi Zäit mat de Personnagen, och wann ee relativ séier duerchbléckt, wéi eng Konflikter entstoe kënnen, wann zwou Koppelen de Weekend zesumme verbréngen.

Foucault lässt grüßen

Wat allerdéngs opfält, am Verglach mat änleche Filmer aus de 70er oder 80er Joren, ass den absolutte Manktum un Erotik a sexueller Fräizügegkeet. An Zeen gesat gëtt hei déi prüd Koppel als de Referenzmodell. Fir nëmmen dee geréngsten Derapage gëtt et null Toleranz.

D'Theematik vun der Iwwerwaachung ass enk mat där sexueller Moral verstréckt. Zwar gëtt d'Virstellung vun enger permanenter Observatioun duerch den anonymme Bléck hanner der Videokamera als negativ duergestallt. An awer gëtt dës Iwwerwaachung, wann et se scho gëtt, gären a Kaf geholl als komplementaart Instrument nieft der sozialer Kontroll.

De ganzen Dispositif vu ''The Rental'' ass, esou gesinn, näischt aneschters wéi eng Maschinn fir soziaalt Verhalen ze detektéieren, dat als deviant ugesi gëtt, a fir dat Verhalen dann och ze bestrofen.