Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng mystesch Erzielung aus dem Exil

Literaresch Rares

Eng mystesch Erzielung aus dem Exil

Déi iranesch Schrëftstellerin Sorour Kasmaï hëlt de Lieser an hirem éischte Roman "Le cimetière de verre" mat op eng Rees an d'Vergaangenheet, fir doduerch den Iran vun haut kennenzeléieren. Während déi eng op d'Diech klamme fir ze kucken, wéi dem Khomeini säi Gesiicht sech um Moud ofzeechent, bedeit dat fir vill Bierger vum Iran d'Enn vu Fräiheet a Fortschrëtt.

auto_stories

2 min

Et si siwe Protagonisten, déi d’Sorour Kasmaï tëschent der Vergaangenheet an der Géigewaart reese léisst. Mystesch Momenter wiessele sech of mat der haarder Realitéit an zeechnen déi sozial, kulturell a politesch Entwécklung am Land. E Land, dat d'Autorin als jonk Fra mat der Flucht iwwert d'Bierger vum Kurdistan, kuerz no der islamescher Revolutioun, huet misse verloossen.

An "Le cimetière de verre" féiert déi iranesch Schrëftstellerin eis ënnert d’Stroosse vun Teheran. Mir sinn an der Zäit vun der iranescher Revolutioun, wou de Schah vu Persie gestierzt gouf an den Ajatollah Khomeini un d’Muecht komm ass. Enges Moies stinn d’Bewunner vun Teheran op an entdecke riseg Lächer an de Stroosse vun hirer Haaptstad. A ganz symbolesch gëtt hei den Ënnergang vun der Hoffnung op besser Zäiten no der Schah-Ära begruewen.

Archeologesch Approche

Mithra, eng Archeologin klëmmt och ënnert de Buedem, wou e Metro soll gebaut ginn a begéint do der Geschicht vum Iran. Déi entdeckte Stèlen erziele fragmentaresch d'Geschicht vun der antiker Stad Ray, der eelster Stad vum persesche Räich.

Si féieren zum geheimnisvollen "Cimetière de verre", deen d’Schrëftstellerin an de Mëttelpunkt setzt fir fréier mat haut ze verflechten. Op eng ganz ironesch Aart a Weis beschreift si déi vermeintlech Befreiung, déi dem Khomeini säi Regime dem iranesche Vollek bruecht huet. All des Mythen a Legende verbënnt d‘Sorour Kasmaï mat der Situatioun am Iran, wou déi islamesch Revolutioun net just vill Fräiheeten ënnerbonnen, mä och zum Krich géint den Irak gefouert huet.

Eng speziell Iwwersetzung

Wat den Text vun der Sorour Kasmaï och ganz besonnesch mécht, ass, datt si selwer hire Roman aus dem Perseschen op Franséisch iwwersat huet.

Et begéint een awer ville persesche Wierder, déi erkläert sinn a fir déi et einfach keng Iwwersetzung an d’Franséischt gëtt. Ee Beispill ass d’Entdeckung vun dem "Qanah", wat eng traditionell Form vun der Verdeelung vum frësche Waasser a méi héich geleeën a waasseraarm Regiounen ass. De jonken Ingenieur Said ass iwwerzeegt, d‘Qanahkanäl fir de Bau vum Metro notzen ze kënnen. Ënnert der Äerd ass awer och de Jamshid, de Herrscher vun der persescher Mythologie, deen déi Lieweg a säin Douderäich féiere wëll.

D’Sorour Kasmaï lieft zanter 1983 a Frankräich, si huet den Iran wéinst de sozialen a politeschen Verännerunge verlooss. Hiren éischte Roman "Le cimetière de verre" ass fir si e Besoin gewiescht dës Ëmstellungen ze verschaffen.