Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Solidaritéit nëmmen nach vun ënnen

Nei am Kino

Solidaritéit nëmmen nach vun ënnen

Am Claus Drexel sengem Drama "Sous les étoiles de Paris" geet et ëm d'Solidaritéit vun enger Sans abris mat engem jonke Migrant. Den dokumentaresche Volet stëmmt, d'Fiktioun bleift awer op der Streck.

auto_stories

3 min

De jonke Migrant (Mahamadou Yaffa) kritt vun der SDF (Catherine Frot) gehollef

D'Christine (Catherine Frot), eng Fra an déi 60, lieft zu Paräis op der Strooss. Enges Daags trëfft si op de jonke Suli (Mahamadou Yaffa), e Migrant aus dem Burkina Faso. D'Kand sicht no senger Mamm, déi drop an drun ass expulséiert ze ginn. Och wa si sech de Bouf uganks vum Pelz wëll halen, decidéiert d'Christine, him bei senger Sich ze hëllefen.

De franséisch-belschen Drama ''Sous les étoiles de Paris'' ass vum Claus Drexel realiséiert ginn. Et ass dem Däitsche säi véierte Long-métrage, woubäi seng zwee lescht Wierker Documentairë waren. D'Welt vun de Paräisser Sans abrisen hat hie schonn 2014 a sengem Film ''Au bord du monde'' thematiséiert, fir deen hie mat enger Rëtsch Präisser ausgezeechent gi war.

De Sujet vun den SDFen huet hien elo mat der Flüchtlingsthematik kombinéiert, mat engem klore Message : wann een ënnen ukomm ass, da kann ee sech an eiser Gesellschaft just nach op d'Solidaritéit vun ënne verloossen.

Alternativ Topographie vu Paräis

Och wann hien dës Kéier d'Form vun der Fiktioun ausgewielt huet, dréit och ''Sous les étoiles de Paris'' dem Drexel seng dokumentaresch Handschrëft. De Spectateur kritt déi franséisch Haaptstad aus der Perspektiv vun de ganz Aarme vun der Gesellschaft gewisen, eng Zort alternativ Topographie vu Paräis.

Et sinn Uerten, déi entweder baussent den touristesche Circuite leien, wéi zum Beispill d'Zelter vun improviséierte Flüchtlingslagere laanscht d'Seine respektiv de Canal St-Martin. Oder, wa se direkt u Pubikumsmagnéite wéi der Kathedral vun Notre-Dame oder dem Sacré Coeur zu Montmartre dru sinn, da beweege mer eis a verstoppte Raim ënner Brécken, an ënnerierdesche Parkingen a soss Intersticë vun der urbaner Infrastruktur. De Claus Drexel gëtt do e wäertvollen Abléck an eng Realitéit, déi wäit ewech vum glamouréise Paräis ass a gläichzäiteg ganz no drun.

Net grad spannend...

Den zweete Pluspunkt vum Film ass d'Haaptactrice Catherine Frot, déi an enger fir si éischter ongewinnte Roll ze gesinn ass. Der Catherine Frot hir Personnagë sinn normalerweis strikt Bourgeoisen, déi och alt emol naiv-witzeg kënne sinn. Als SDF ass si glafwierdeg, si straalt eng Natierlechkeet aus, déi op all onnéideg Iwwerdreiwung verzicht. Leider kritt si keng Geleeënheet fir hire Personnage ze verdéiwen. Der Christine hir Motivatioun fir dem klenge Bouf ze hëllefe gëtt just ugedeit. An de klenge Jong selwer ass op seng Funktioun als Migrant reduzéiert.

Um dramaturgesche Plang gëtt och net vill gemaach, fir déi dach ganz dënn Handlung ze dynamiséieren. Et kënnt engem vir, wéi wann de Realisateur a senger ethescher Haltung vum Documentarist gefaange wier. Dat heiten ass nun emol eng Fiktioun. De Refus, fir e Minimum u Spannung ze schafen, ass fir de Film fatal : beim Spectateur kënnt séier Langweil op an e freet sech, wéini et da fäerdeg ass. Dobäi dauert ''Sous les étoiles de Paris'' manner ewéi 90 Minutten.