Radioen

On air

Tockcity  |  Contrahouse - Streetcorn

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Shortlëscht vum Servais-Präis 2021

Literaturpräis

Shortlëscht vum Servais-Präis 2021

De Servais-Präis wierdegt all Joer e literarescht Wierk, dat zu Lëtzebuerg entstanen ass. D'Jury huet elo déi fënnef Favoritte fir dee mat 6.000 dotéierte Literaturpräis verëffentlecht.

auto_stories

3 min

Foto: Bigstock

Lauschtert de ganze Bäitrag heiplay_arrow


Zënter 1992 existéiert de Servais-Präis, deen all Joer e literarescht Wierk, dat zu Lëtzebuerg entstanen ass, wierdegt.

De Präis ass entstanen opgrond vun engem Vermiechtnes vun der Jeanne Servais a gëtt zënter 2013 och vun der "Oeuvre nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte" finanziell ënnerstëtzt.

Zënter véier Joer publizéiert de Jury vum Servais-Präis eng Shortlëscht mat fënnef Favoritte fir de 6000 Euro dotéierte Literaturpräis.

"Mat der Short‐Lëscht wëll de Jury op d'Diversitéit an d'Qualitéit vun der Literaturproduktioun zu Lëtzebuerg hiweisen a sou zu der Promotioun vun den Auteuren an hire Wierker bei der Lieserschaft an der medialer Ëffentlechkeet bäidroen", schreift de Jury vum Servais-Präis a sengem Communiqué.

De Jury vum dësjäregemn Servais-Präis sinn: Jeanne Glesener als Presidentin, Simone Beck, Odile Linden, Claude Mangen, Pierre Marson, Alex Reuter, Shari Schenten, Aimée Schultz a Sébastian Thiltges.

Fir de Servais-Präis 2021 sti folgend Bicher op der Shortslëscht:

Ulrike Bail, wie viele faden tief, St. Ingbert, Conte Verlag, 2020.


Guy Helminger, Die Lombardi‐Affäre, Mersch, capybarabooks, 2020.


Robert Schofield, The Treasury of Tales, Luxembourg, Black Fountain Press, 2020.

Jemp Schuster, Bluttsëffer - All Fra dréit hire Päckelchen, Lëtzebuerg, Édition Imprimerie Centrale, 2020


Jean Sorrente, La Guerre du temps, Bridel, Hydre Éditions, 2020


De Laureat oder d'Laureatin vum Prix Servais 2021 gëtt ugangs Mee annoncéiert.

De Laureat vum Prix Servais 2020 war de Francis Kirps mat sengem Wierk Die Mutationen (Hydre Éditions).