Radioen

On air

Tockcity  |  Isaac Delusion - Disorder

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Stuck in a Loop, schwaarz awer humorvoll

Seriëkritik

Stuck in a Loop, schwaarz awer humorvoll

Wann een ëmmer erëm stierft an duerno ëmmer erëm virun engem Lavabo op senger Gebuertsdagsparty steet, wat mécht een dann? D'Lara Bousch huet d'Serie "Matrjoschka, Russian Doll" gekuckt.

auto_stories

4 min

D'Nadia steet am Buedzëmmer vun hirer Frëndin virum Spullsteen. Am Hannergrond leeft Musek, hir Frëndin huet eng Party fir hir 36 Joer organiséiert. D'Nadia huet e granzege Bléck, fëmmt an drénkt ze vill, ass éischter déi zynesch Zort vu Mënsch. Kann eng Fra eng Midlife Crisis hunn, freet si hir Frëndinnen. Hir Kaz Oatmeal ass zanter zwee Deeg net méi heem komm.

Si kroopt sech e Mann, hëlt hie mat Heem. D'Serie spillt zu New York an déi deels däischter deels roudelzeg beliicht Stroosse ginn natierlech mat Jazz ënnermoolt. De Mann huet Spaass gemaach, mee ass fir si net vu weiderer Relevanz. Beim Zigarette kafen taucht en dann op emol op, den Oatmeal, hir Kaz op där aner Säit vun der Strooss. D'Nadia leeft voller Freed iwwer d'Strooss, gëtt vun engem Auto iwwerrannt an ass dout.

D'Nadia steet erëm virum Lavabo am Buedzëmmer vun hirer Frëndin an déi selwecht Musek leeft am Hannergrond. D'Conversatioune fille sech wéi e komeschen Déjà vu un a si gëtt mësstrauesch bei dem Israeli Joint, deen hir Frëndin hir virhält.

Laang Story kuerz, et dauert net laang bis d'Nadia vun enger Bréck fält nodeems den Oatmeal magesch aus hirem Schouss verschwonnen ass an ass schonn nees dout. A steet erëm virum Lavabo vun hirer Frëndin.

An esou geet et weider, d'Nadia fält an den Trapen, brécht sech d'Genéck a steet erëm virum Lavabo. Hatt gëtt rosen, versicht ze flüchten, mengt si géing verreckt ginn, mee eng Gasexplosioun, en Accident mat der Ambulanz an e puer déidlech Chutte méi spéit, steet d'Nadia ëmmer erëm virun dësem verdammte Lavabo.

Dir hutt et verstanen, de Plot vun dëser Serie leeft nom bekannte Schema, Stuck in a Loop. Woubäi deen éischter vun der däischterer Zort ass, awer net ouni Humor. An der Haaptroll spillt d'Natasha Lyonne, déi ee schonn aus hirer Roll vum Junkie Nicky Nichols an der Serie "Orange is the New Black" kennt.

"Ech stierwen déi ganzen Zäiten."

Mee zeréck zu "Matrojschka". D'Nadia fänkt un no Indizien ze sichen, wéi et aus dëser Situatioun erauskomme kann. Op hirer Sich stierft si natierlech ëmmer nees, mee leiert och den Alan kënnen. D'Nadia hëlt grad e Lift, deen als éischt hänke bléift an da lues awer sécher ofstierzt. Am Lift ass ënner anerem och den Alan, deen am Verglach zum Rescht vun de Leit zimmlech entspaant bléift. "Hey, hues du nach net matkritt? Mir stierwe grad!" Seet d'Nadia. Den Alan äntwert just. "Ech stierwen déi ganzen Zäiten."

Esou sti mer dann op emol mam Alan beim Lavabo bei him doheem an ziele mat, wéi hien ëmmer erëm de Kuerf vu senger Frëndin kritt an tëschent een oder zwee Doud erausfënnt, datt si friem geet.

D'Nadia léisst net locker. Hatt ass zwar zynesch a vun Natur aus net onbedéngt liewensfrou, mee hatt sicht den Alan op an zesumme froe si sech: "Gi mir bestrooft, dofir, datt mir schlecht Mënsche sinn."

"Matrojschka" ass eng schwaarz Serie mat enger Touche vu Comédie, déi op eng interessant Aart a Weis brécht mat der Hightitigh Hipster New Yorker Zeen. D'Natasha Lyonne ass eng fantastesch Schauspillerin, an och wa sech déi zwou éischt Episode vläicht e bëssen zéien, esou lount et sech wierklech weider ze kucken.

Gutt Charakterentwécklung

D'Personnagë si bal net ze erdroen am Ufank, dat eent, dat sech hanner hirer "ech si cool an d'Liewen ass souwisou just e Fuck" Fassade verstoppt, an deen aneren, deen einfach nëmme feststécht a senge Macken an Zwäng. Am Fong deet et bal wéi hinnen nozekucken. Mee dat ass dat wat gutt realiséiert ass bei dëser Serie: D'Entwécklung vun de Charakteren. Si geschitt net aus heiterem Himmel, wéi bei anere Serien, wou Protagonisten op emol hir Manien ofleeën. Mee si ginn duerch e Prozess, maache Feeler, ginn net eens, sichen a sech bannendran a sou weider a sou fort.

Doriwwer eraus ass d'Ëmsetzung am Schnëtt, an der Beliichtung an an der Atmosphär gutt gelongen an dat Ganzt leeft dohin op engem Bett vun Jazz, Soul an 80er Jore Musek. Et spiert een Influenze vun Huis clos vum Sartre an enger Rëtsch anere Filmer.

Dës Serie ass also fir d'Zyniker an déi düster ënner Iech e gudde Match.