Radioen

On air

Resonanzen  |  Antonio Vivaldi - Concerto an Do Majeur, RV 443, III. Allegro molto - Fumito Nunoya (Marimba), Kurpfälzisches Kammerorchester, Johannes Schläfli (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Selwer zu enger Minoritéit ze gehéieren, rifft Empathie ervir

Sot Emol

Selwer zu enger Minoritéit ze gehéieren, rifft Empathie ervir

Den Tom Leick-Burns wollt vu klengem uns Acteur ginn, hie seet hien hätt dat vu senger Mamm geierft déi an de 60er Jore beim Lëtzebuerger Theater war. No engem Passage am Conservatoire, an der Dictioun an am Arts Dramatiques, ass hien no senger Première bei sengen Elteren op Resistenz gestouss an huet decidéiert an enger Wäscherei ze schaffen.

auto_stories

3 min

Op eemol koum de Besoin no Zeenewiessel. 1993 ass den Tom Leick quasi vun engem Dag op deen aneren, an op de Rot hi vun enger gudder Frëndin, op London gaangen, an d'Haaptstad vum Theater an d'Schauspillschoul, op d'University of Central Lancashire's Drama.

Zu Lëtzebuerg huet hien 2008 seng éischt Schrëtt als Theater Produktiouns Assistent gemaach. 2015 huet hie sengem Mentor Frank Feitler seng Successioun als Direkter vum Groussen Theater iwwerholl.

2015 war fir den Tom Leick-Burns a villen Hisiichten e wichtegt Joer. Aus dem Tom Leick ass den Tom Leick-Burns ginn, wéi hie säi laangjärege Partner bestuet huet. Haut ass hien houfrege Papp vun Zwillingen. Toleranz a Gläichberechtegung huet den Theaterdirekter um eegene Laif erlieft.

"2015 hu mir eis zu Lëtzebuerg bestuet mee 2007 hate mir schonn e civil partnership zu London gemaach. Dat gehéiert elo zu menger Identitéit, dat ass déi Gläichberechtegung déi mir hunn, mat deem Bestietnes, mat där Ausso déi mir do maachen, a fir eis war et kloer, datt mir eis Nimm géifen zesumme maachen, an dunn hunn ech gemierkt wéi staark de power vum Statement ass, ech konnt mäin Numm natierlech offiziell net änneren, op mengem Pass steet nach ëmmer Tom Leick, du kanns net däi Numm änneren. Ech sot dat wier Diskriminatioun. Do krut ech gesot 'neen dat ass net Diskriminatioun. Och eng Fra déi sech bestit behält ëmmer hiren Meederchersnumm. Ech hunn awer iwwerall mäin duebele Numm geschriwwen, op meng Visittekaarten, meng Kanner heeschen och Leick-Burns, ech sinn elo den Tom Leick-Burns."

D'Liewen ass ee Puzzle

Zanterhier huet den Tom Leick-Burns esouwuel seng Marke wéi een Ekiliber tëschent Kontinuitéit an resoluter Entwécklung a Punkto artistesch Projeten vum Theater fonnt.

"D'Liewen ass e ganze Puzzle vu ville klenge Stécker et ass een dat wat een haut ass duerch all d'Erfarungen déi e gemaach huet, an ech war een deen ni eng Erfarung gefaart huet. Ech war ëmmer oppe fir alles, och wéi ech op der Schauspill Schoul war, hunn ech misste Suen verdéngen ob ech Hamburgere verkaf hunn, oder an enger Zoppe Kichen, ech hunn och englesch Cours 'en ënner Hypnos ginn."

No enger schwiereger Zäit bedéngt duerch d'Pandemie, spiert den Theaterintendant sech ëmmer nach e bësse wéi no enger schwéierer Nuecht. D'Situatioun huet op ville Niveaue Spueren hannerlooss, beim Public. No all deem wat och si hu misste matmaachen, braucht de Public nees e Sécherheetsgefill.

Den Tom Leick-Burns, ass berufflech a privat en immens engagéierten an zilstriewege Mënsch. Den Theater ass e Spigel vun der Gesellschaft dee Saachen op- a verschafft. Themaen déi hie beréieren si Sujeten déi zum Deel schonns den Ament am Theater thematiséiert ginn. Virun allem soll Mënschlechkeet gefleegt a Gerechtegkeet verdeedegt ginn, mam Resultat eng inklusiv Gesellschaft ze hunn.