“Sech opbriechen, datt déi Emotioune fräi ginn”
Zwou Rolle spillt d’Leila Schaus am Ingmar Bergman sengen “Totentänze”, ee Stéck iwwert d’Pescht, iwwert den Dout, dat den Ament am Kasemattentheater opgefouert gëtt. Kënschtleresch aktiv ass si och op eng duebel Aart a Weis: Film an Theater, mee och Molerei.
Déi jonk Actrice gouf ënnert anerem am renomméierten New Yorker Lee Strasberg Institute ausgebilt, wou si - ganz no Method Acting Manéier - geléiert huet “sech opzebriechen, datt déi Emotioune fräi ginn”. Op der Bühn oder virun der Kamera misst een awer nees “alles ent-léiere wat ee geléiert huet”, erkläert d’Leila Schaus. Wéi si dat konkret ëmsetzt, kann een dëser Deeg am Kasemattentheater gesinn, an den “Totentänze” vum schwedeschen Auteur a Regisseur Ingmar Bergman, an enger Inszenéierung vum Thierry Mousset.
“Wat d’Zäit mat der Léift mécht”
Nieft der Schauspillerei moolt d’Leila Schaus. An der Konscht kéint si sech zréckzéien a Saachen op eng aner Aart a Weis verschaffen. Reflektiv, nostalgesch, sou definéiert déi jonk Fra hir Molerei, an där et hir ënnert anerem drëm géif goen duerzestellen, “wat d’Zäit mat der Léift mécht”.
Audio
D’Leila Schaus am Gespréich mam France Ewen: