Radioen

On air

De Moien  |  Flo Morrissey & Matthew E. White - Thinking Bout You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Scarface" vum Howard Hawks

An der Cinemathéik

"Scarface" vum Howard Hawks

Ënner dem Motto "Mafiosi and Mobster Movies" stinn dëse Mount an der Cinemathéik eng ganz Rei Gangsterfilmer um Programm. Och dem Howard Hawks säi Klassiker "Scarface", dee sech um Liewe vum bekannte Kriminellen Al Capone inspiréiert, kann een d'nächst Woch um groussen Ecran gesinn. De Film aus dem Joer 1932 gëllt als Prototyp vum amerikanesche Gangsterfilm.

auto_stories

5 min

Fir haiteg Verhältnisser kënnt dem Howard Hawks säi Film "Scarface" engem éischter zam vir. Fir seng Zäit war de Film awer äusserst brutal a wéinst senger Mëschung aus Gewalt an Humor gouf "Scarface" esouguer als gewaltverherrlechend beschriwwen.

De Film spillt am Chicago vun den 1920er Joren an dréint sech ronderëm den Tony Camonte, genannt Scarface - engem italieenesche Kriminellen, deen sech duerch seng brutal Methode séier een Numm an der Ënnerwelt vun Chicago mécht. Fir an der Hierarchie eropzeklamme bitt hien dem Mafia-Chef Johnny Lovo seng Servicer als Bodyguard an Optragsmäerder un. Dësen huet séier - mat Hëllef vum Scarface - de ganze Süde vun Chicago ënner Kontroll:

Mee entgéint dem Johnny Lovo sengen Uweisungen, gräift den Tony Camonte och de nërdlechen Deel vun Chicago un a léist soumat ee Bandekrich mat der irescher Mafia aus.

Eng Zäit, an där mat Tabue gebrach gouf

De Film "Scarface" ass op engem Scharnéiermoment an der Geschicht vun Hollywood entstanen. D'1920er Joren - dat heescht d'Dekad ier den Howard Hawks säi Film gedréint huet - waren an der amerikanescher Filmindustrie eng Zäit vun der Fräizügegkeet an der Sitteliberaliséierung. D'Filmer vun där Period hunn Tabuthemen ewéi Drogekonsum, Prostitutioun, Homosexualitéit an organiséiert Kriminalitéit behandelt.

Net jidderee war mat dëser Oppenheet averstanen an et huet sech séier eng Front gebilt fir verwerflech Filmer ze zenséieren. Mam Zil, déi amerikanesch Gesellschaft - a besonnesch déi Jonk - virun negativen Aflëss ze schützen, ass ënner der Leedung vum William Hays ee moralesche Produktiounskodex entstanen. Verbuede waren ënner anerem Nuditéit, vulgär Sprooch souwéi d'Verspotte vu Staat a Relioun. Onmoralesch Protagonisten ewéi Drogesüchteger oder Krimineller hunn des Weideren net dierfen op eng positiv Aart a Weis duergestallt ginn an se hu misse fir hir Verbrieche bestrooft ginn.

De wirtschaftlechen a soziale Kontext an deem de Film entstanen ass, erkläert zum Deel d'Suerg ronderëm d'Phänomen vun de Gangsterfilmer. Am Joer 1929 - e puer Joer ier "Scarface" erauskomm ass - schléit d'Weltwirtschaftskris an Amerika an a stierzt Millioune vun Amerikaner an de Ruin.

D'Behörden hu gefaart, d'Gangsterfilmer kéinten an dësem Kontext d'Impressioun gi Kriminalitéit wier eng potentiell Optioun fir séier u vill Suen ze kommen. Fir den Hays waren dofir besonnesch Gangsterfilmer eng potentiell Gefor fir d'ëffentlech Sécherheet.

An enger éischter Phas gouf de sougenannten Hays Code awer just hallefhäerzeg vun de Filmproduzenten ëmgesat a war dofir och net ganz effizient. Réischt wéi d'Zensurbehörd am Joer 1934 vum Joseph Bree iwwerholl ginn ass gouf den Kodex rigid duerchgezunn. D'Period virun 1934 gëtt dofir als "Pre-Code" definéiert, well d'Filmproduzenten trotz geleeëntlecher Zensur nach relativ vill Fräiheeten haten. Och dem Howard Hawks säi Scarface fält an dës nach e bësse méi liberal Period. Iwwerhaapt ass de Pre-Code dat gëllent Zäitalter vum Gangsterfilm.

Am Joer 1929 gewënnt de Schrëftsteller Ben Hecht mam d'Dréibuch fir de Film "Underworld" - op der éischter Academy-Awards-Zeremonie iwwerhaapt - den Oskar fir dee beschten originale Skript. Zwar ass "Underworld" haut éischter a Vergiessenheet geroden, mee et ass dëse Film, deen de Gangster-Genre lancéiert an an den 20er Joren eng reegelrecht Manie ausléist. Ee vun de Filmer, deen sech un "Underworld" inspiréiert, ass dem Howard Hawks säin "Scarface". Zoustänneg fir d'Dréibuch war op e Neits de Ben Hecht.

Vu reellen Evenementer inspiréiert

D'Geschicht vu "Scarface" inspiréiert sech un reellen Evenementer aus der Ënnerwelt vu Chicago - a ganz besonnesch un der Biographie vum italieenesch-stämmege Gangsterboss Al Capone. Schonn eleng den Titel war eng onmëssverständlech Referenz op den Al Capone. Scarface war nämlech de Spëtznumm vum mafiéise Bandechef, deen, genau ewéi den Haaptpersonnage vum Film, zwou laang Narben op sengem lénke Bak hat.

Och de Bandekrich ass keng Erfindung vun Hollywood. Chicago war an den 20er an 30er Joren tatsächlech an zwee gespléckt. De Süde vun der Stad gouf vum Al Capone senger Ënnergrondorganisatioun Chicago Outfit kontrolléiert - déi et iwwregens haut nach ëmmer gëtt - wärend de Norden an den Hänn vun der irescher Mafia war. Béid Gruppen hunn sech ee laangjärege Muechtkampf geliwwert fir hiren Afloss an der Stad ze erweideren.

Dem Howard Hawks säi Film "Scarface" huet d'Brutalitéit vun dësem Bandekrich op enger Aart a Weis thematiséiert wéi een se virdrun nach ni op der Leinwand gesinn huet. Säi Film ass och deen éischten an deem ee Maschinnegewier benotzt gëtt. Verschidde vun de gewaltvollsten Zeenen hunn sech tatsächlech esou zougedroen ewéi am Film duergestallt - sou z.B. de Vältesdag-Massaker vum 14. Februar 1929. Deemools goufe siwe Membere vun der irescher Mafia am hellliichten Dag vum Al Capone seng Leit niddergemetzelt, déi sech als Poliziste verkleet haten.

Zensur an Ännerungen um Film

"Scarface" huet séier zu enger ëffentlecher Kontrovers gefouert well de Film Gewalt op d'Leinwand bruecht huet, déi ee virdrun ni esou gesinn hat. Nach ier den Dréi ugefaangen huet gouf de Regisseur Howard Hawks vum William Hays gewarnt, säi Film kéint zenséiert ginn. Fir den externen Afloss ze ëmgoen, huet den Hawks ënnerstrach, datt de Film dozou bäidroe sollt, d'Kriminalitéit ze bekämpfen. Dat huet d'Zensurbehörden awer net iwwerzeegt an et huet méi ewéi ee Joer gedauert bis de Film an enger staark verännerter Versioun konnt distribuéiert ginn.

Sou gouf den Howard Hawks gezwongen den Titel vu sengem Film ëmzeänneren deen zënterhier offiziell "Scarface - The Shame of the Nation" heescht - d'Schan vun der Natioun. Een Text gouf virum Film ageblent fir ze ënnersträichen, datt de Film keng Glorifizéierung vun der Kriminalitéit beabsiicht.

Anescht ewéi an der Originalversioun gëtt den Tony Camonte och net méi op oppener Strooss vun der Police erschoss. An der Versioun déi vun der Zensurbehörd zougelooss gouf gëtt de Scarface festgeholl, verurteelt a schliisslech um Gaalgen higeriicht. Domat sollt d'Effizienz an d'Gerechtegkeet vum amerikanesche Justizsystem ënnerstrach ginn. Fir dass de moralesche Message och kloer eriwwerkënnt, konnt och de Riichter nach eng lescht Priedegt halen.

Am Géigesaz zum Tony Camonte gouf den Al Capone awer net vun der Justiz higeriicht. Hie stierft den 25. Januar 1947 op fräiem Fouss un Häerzschwächt.