Radioen

On air

Notturno  |  Foals - Two Steps, Twice

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vum Courage kreativ ze sinn

Sahasa

Vum Courage kreativ ze sinn

Oft brauch et e bësse Courage, fir am Liewen eppes Neies auszeprobéieren. A wann ee bis emol op de Goût komm ass, ass ee frou, datt ee sech getraut huet. D'Choreographin Jill Crovisier weist mam Stéck "Sahasa", datt et gutt deet, seng Kreativitéit ze deelen an ze feieren.

auto_stories

2 min

Et sinn direkt e puer Disziplinnen, déi an der Kreatioun "Sahasa" beienee fannen: Mir gesinn net nëmmen Danz, mee och Deeler vun Akrobatik, Freestyle-Futtball a Parcours - alles Elementer, déi op ganz zougänglech Manéier vun den Interprete Lynn Jung, Isaiah Wilson a Sven Fielitz gewise ginn.

Fir esou ongewéinlech an erfrëschend Konstellatioun brauch et an der Reegel Loscht a Courage op Neies. D'Choreographin Jill Crovisier erkläert, wat et mat "Sahasa" op sech huet:

"'Sahasa' bedeit op Nepaleesesch 'Courage'. Mir wat et wichteg, e Stéck ze kreéieren, dat iwwer Courage schwätzt, an doriwwer, de Courage ze fanne kreativ ze sinn. Oft ass Kreativitéit eppes, datt dem Kënschtler gehéiert. Ech denken awer, datt jiddwereen Accès dozou soll hunn an ech och traue soll, kreativ ze sinn. Ech hu mir d'Fro gestallt, wéi ech déi verschidden Disziplinne matenee verbannen, mat deenen sech d'Leit och kënnen identifizéieren."

"Mir waren alle véier mat eppes Neiem konfrontéiert"

Et ass sécherlech keng einfach Aufgab, fir dës ganz ënnerschiddlech Disziplinnen op der Bün mateneen ze verschmëlzen. Eng Erausfuerderung, där sech d'Jill Crovisier gären ugeholl huet:

"'Sahasa' war e Projet, deen an där Form ganz nei war. Déi dräi Artiste sinn extrem gutt an hirer Disziplin, mee an deenen aneren hunn si net onbedéngt - oder guer keng - Experienz. Am Studio si mir dann zesumme komm: Ech hunn ugefaange mat de Bäll ze choreographéieren, den Isaiah huet ugefaangen, um Parcours ronderëmzelafen, de Sven huet geléiert ze danzen. Mir waren alle véier mat eppes Neiem konfrontéiert."

Et wier immens schéi gewiescht ze gesinn, wéi d'Evolutioun bei de Kënschtler Lynn Jung, Isaiah Wilson a Sven Fielitz gewiescht wier, seet d'Jill Crovisier. D'Geschicht, déi erzielt gëtt, wier duerch de Grupp op eng ganz authentesch Manéier entstanen:

"Esou denken ech, kënnt dat och fir de Public eriwwer - hoffentlech haaptsächlech op de Jeune public, dee sech an engem vun den dräi Personnagen erëmfënnt. Datt een och gesäit, wéi villfälteg de Mënsch a säi Kënnen ass, wéi villfälteg een sech och weiderentwéckele kann."