Reng ekonomesch bréngt den 1. lëtzebuerger Oscar de Kinoen zu Lëtzebuerg näischt.

20150106-Nico-Simon-P1000056-1024x768.jpg

Wann ee reng d’Chiffere vun de Kinoskeese kuckt, déi 2014 realiséiert goufen, da war dat lescht Joer fir d’Utopia S.A. liicht réckleefeg. Dat muss een awer net als schlecht Nouvelle opfaassen, seet den Nico Simon, den Direkter vun der Entreprise déi, ënner anerem, déi zwee grouss Kinoskomplexer Utopolis Kierchbierg an Utopolis Belval, souwéi de Ciné Utopia um Lampertsbierg, géréiert. Esou ee Bilan variéiert en Fonctioun vun allméigleche Saachen: wann et an der Chrëschtvakanz schneit, huet dat mat Sécherheet en Impakt. Dës Kéier ass et ausserdem esou, datt eng Rei Grand-Publics-Filmer, déi fir Enn 2014 annoncéiert goufen, elo réischt Ufank 2015 wäerten erauskommen...  Alles deit drop hin, datt 2015 een exzellent Joer gëtt, mengt den Nico Simon.

D’Cléo Thoma huet mam Direkter vun Utopia S.A. driwwer geschwat, wat fir eng Strategien een asetze kann, a wat fir ee Spillraum datt een als Kinosbedreiwer iwwerhaapt huet, fir säi Publikum ze erhalen, a wa méiglech, ze erweideren.

 

Am zweete Bäitrag, deen d’Suite vum Interview opgräift, geet et méi allgemeng drëm, op Basis vu wat fir enge Critèren d’Programmatioun an de Kinoen eigentlech gemaach gëtt.

 

 

Net verpassen

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen