Radioen

On air

Notturno  |  Thad Jones - April In Paris

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Reellen oder halluzinéierte Mord?

Netflix

Reellen oder halluzinéierte Mord?

Den amerikanesche Thriller ''The Woman in the window'' vum Joe Wright ass d'Verfilmung vun engem rezente Bestseller-Roman. Prominent besat, voller Filmreferenzen, awer ze previsibel.

auto_stories

2 min

D'Anna lieft eleng an engem Appartement zu Manhattan. Well d'Kannerpsychologin un Agoraphobie leit, kritt si kee Fouss virun d'Dier. Si verbréngt also Dag an Nuecht doheem, zitt sech op der Tëlee al Filmer eran a kuckt zur Fënster eraus. Mat den neien Noperen an der Wunneng vis-à-vis - eng Koppel mat engem Jugendlechen - stëmmt awer eppes net. Een Owend gëtt d'Anna zoufälleg Zeie vun engem Mord. Oder bilt déi psychesch labil Fra sech dat just an ?

Psychos ersetzt Beebroch

Am Alfred Hitchcock sengem ''Rear Window'' vun 1954, un deem sech d'Buchverfilmung ''The Woman in the window'' ausdrécklech inspiréiert, war den James Stewart als Haaptprotagonist nëmmen duerch e Been am Gips behënnert. Déi erzwongen Immobilitéit war duergaange fir säi Bléckwénkel anzëengen, de Verdacht op eng optesch Täuschung war domat plausibel.

Bei der Anna, gespillt vun der Amy Adams, gëtt d'Iddi vum Bléck, deen täusche kann, nach méi wäit gedriwwen. Eng duerch en Trauma ausgeléiste psychesch Krankheet léisst carrement Zweiwelen un der Realitéit opkommen. Mee duerch dat halluzinatorescht Element gëtt d'Handlung net onbedéngt méi komplex an interessant. Am Géigendeel: dem Zeien, deem net gegleeft gëtt, ass e klassescht Filmmotiv, dat den Zenario hei ultra-previsibel mécht.

Voyeur geréit selwer an d'Viséier

Déi eenzeg spannend Fro, déi am Film ze beäntwerte bleift, dréint ëm d'Opléisung vum Rätsel. Der Anna geléngt et erstaunlech séier, hir Schwächt ze iwwerwannen. Mat detektiveschem Äifer versicht si, hanner d'Maschinatioun ze kommen - de Voyeur geréit souzesoe selwer an d'Viséier. D'Niewepersonnagen, där hir Roll ze kläre bleift, gi gréisstendeels vu prominenten Acteure verkierpert. D'Optrëtter vun der Julianne Moore, dem Gary Oldman an der Jennifer Jason Leigh sinn allerdéngs zimmlech kuerz geroden. Eleng dowéinst ka kee vun hinnen déi korrekt schauspilleresch Leeschtung vun der Amy Adams an de Schied stellen.

''The Woman in the window'' ass virun allem interessant duerch seng Atmosphär, déi gläichzäiteg däischter-bedréckend an, duerch d'Spill mat de bloen a roude Faarftéin, an dat Irreaalt schwankt, wat de psycheschen Zoustand vun der Haaptprotagonistin erëmspigelt. Hei si mer net méi beim Hitchcock mee éischter beim Dario Argento, déi zweet grouss filmesch Inspiratiounsquell. De Schluss vum Film kippt dann och eng Zort Giallo respektiv 80er Joren Horrorfilm.

Ënner dem Stréch kritt ee wéineg Originelles gebueden, dat Ganzt fält éischter mëttelméisseg aus.