Réckzéier am Kulturministère?

Nodeems de Congé Culturel duerch de Vote an der Chamber ofgeschaaft gouf, soll en an enger neier Form nees agefouert ginn. Dat sot d’Kulturministesch Maggy Nagel den 18. Dezember op enger Pressekonferenz vu Music:LX op eis Nofro hin.

 

Wéi en aktuell funktionéiert ass et net gerecht an net richteg. Well mir hunn och [...] aner Congéen, d’Congés sprotifen zum Beispill, wou de Sportsministère ausbezuelt, déi rem aner Critèren hunn, wéi mir. An eis Critère mussen einfach iwwerduecht ginn an nei rediskutéiert ginn, an da kuckt ee wéi dee Congé Culturel kann an Zukunft anescht agesat ginn.


e 26. November hat d'Cléo Thoma um 100,7 an enger Kulturchronik op d'Ofschafe vum Congé Culturel opmierksam gemaach.

De Bob Krieps huet a senger Funktioun als Direkter vum Kulturministère d'Grënn fir d'Iwwerschaffe vum Gesetz opgezielt:

 

Et gi ganz staark Diskrepanzen zum Beispill zwëschent dem Privaten an dem Ëffentlechen. Am private Beräich si ganz wéineg Leit, déi iwwerhaapt de Congé Culturel ufroen. Dat läit och méiglecherweis dorunner, datt de private Patron guer net sou emballéiert ass dovunner. Dat créeéiert en Déséquiliber an eng gewëssen Ongerechtegkeet, mat där schwéier ëmzegoen ass. Et ass och sou dass dat dozou gefouert huet, dass mir ëmmer hu misse Rallonge froen op deem Budgetsartikel . Well déi Saache mussen extra vum Ministère bezuelt ginn. Am Ëffentlechen ass et sou, dass deemjéinegen, dee geet, seng Pai einfach viruleeft. Dat ass eng grouss Differenz. Et ass sou, wéi et am Moment ass.

Da gesäit een och, dass eng grouss Diskrepanz besteet zwëschent de Museker an deenen anere Beräicher, woubäi ee sech muss froen, firwat dat eigentlech sou ass. Am Gesetz steet, dass et misst zu der Professionalisatioun bäidroen. Dat ass awer eppes wat ni konnt gepréift ginn, wat een awer misst maachen. Et ass sécher dass Leit déi hei a sou Programmer [Museks-Export, ndlr] matmaachen, dass dat eng aner Saach ass wéi – wann ech mir dat däerf erlaben ze soen – een dee mat senger Chorale anzwousch hifiert. Et ass awer dat war méiglecherweis d’Majoritéit ausgemaach huet. Dat wat d’Madame Minister gesot huet ass richteg: Déi ganz Saach misst iwwerduecht ginn, dass et éischtens mol, wéi et och am Gesetz steet, “des manifestations de haut niveau” wären, an déi misste bestëmmt ginn duerch iergend ee Critère. [...] Haut hu mir gesinn, wat “Manifestations de haut niveau” sinn. Et ass dee Léierpad, dee mir musse goen, fir datt dat herno richteg, sou efficace wéi méiglech agesat gëtt. Also méi ass et am Fong geholl net.

 

Net verpassen

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen