Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  The Libertines - Night Of The Hunter

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Quo vadis Lëtzebuerger Buch?

Walfer Bicherdeeg

Quo vadis Lëtzebuerger Buch?

"Europa Quo vadis" war d'Thema vun de Walfer Bicherdeeg 2015. Allerdéngs: Wat gëtt dëse Präis fir e Bild no baussen of? A firwat geet dat Lëtzebuerger Buch net iwwer d'Grenzen an Europa, freet d'Nathalie Bender a senger Kulturchronik.

auto_stories

5 min

D’Iwwerreechung vum Lëtzebuerger Buchpräis war och dëst Joer spannend. De John Rech gewënnt zesumme mam Andy Genen de Kanner- a Jugendbuchpräis. Ech hat een anere Favorit, mee dat ass eng "Affaire de Goût". De Roland Harsch gewënnt an der Kategorie Fiktioun, dat ass guer keen Thema. Ech hu mech gutt ameséiert beim Liese vun der Rascht-Auer. Dann iwwergëtt déi fréier Kulturministesch Erna Hennicot-Schoepges de Präis an der Kategorie Beau Livre un de Laurent Witz an "zeilt Productions" fir "The art of Mr. Hublot". An der Kategorie Sachbuch huet de Publikum sech och dëst Joer, grad wéi 2014, fir dem Anne Faber säin Anne’s Kitchen decidéiert. De "Prix coup de coeur" geet un de Lambert Schlechter, fir säi Gedichtband “La Théorie de l’univers”. An da kritt d’Equipe vum Editiounshaus Binsfeld de Spezialpräis fir d’Buch als Gesamtwierk. An zwar fir der Sabrina Notka hiert “Unter Büchern - Enthüllungen eines Insiders”. An de Präis vun de lëtzebuerger Bicherediteure fir besonnesch Verdéngschter geet un den Duo Roger Leiner Lucien Czuga – fir hire Succès mat de Superjhemp-Albumen.

Visibilitéit duerch Publikumsvote

Ech vergonne jidderengem dëse Präis. De Lëtzebuerger Buchpräis. Zanter dem Ewechfale vum Lëtzebuerger Bicherpräis, deen zejoert fir déi leschte Kéier vergi gouf, ass et deen eenzege Präis, deen de breede Publikum vun de lëtzebuerger Lieser esou uschwätzt. Schliisslech kann een hei matbestëmmen. De Jury huet d'Stëmmrecht bis d’Shortlist steet an definéiert d'Spezialpräiser. Awer d’Verdeele vum Lëtzebuerger Buchpräis an de véier Kategorië Fiktioun, Net-Fiktioun, Kanner-a Jugendbuch, wéi och Beau livre läit an der Hand vun de Lieser. Dës Kéier hunn 1924 Leit ofgestëmmt. Andeems se sech online duerch déi proposéiert Shortlist geklickt hunn. An Aussiicht op en Akafsbong vun 200 Euro haten.

Souwäit d’Konditioune vun der Stee. Dat ass alles legitim. An et muss een de Bicherediteure loossen, dass si de Merite hunn, dass et schonn déi zéngt Editioun vum Lëtzebuerger Buchpräis war an dass de Public ka matbestëmmen.  Domat kréien net nëmmen d’Gewënner, mee all "shortlëschteg" - wéi de Roland Harsch gesot hat - eng aner Visibilitéit.

Wou fënnt een dat bescht Buch?

Allerdéngs: Wat gëtt dëse Präis fir e Bild no baussen of, iwwer d’Grenzen eraus? Wann een um Internet no "Luxembourg Book Prize" sicht, kënnt een op dëst Resultater: Éischtens op déi engleschsproocheg Säit vun der Regierung, op där nieft dem effektiv genannten "Luxembourg Book Prize" och all aner national Literaturpräiser opgelëscht ginn. Un zweeter Plaatz fënnt den iinteresséierte Buchfrënd een net vollstännege Wikipedia-Artikel, deen de Servais- wéi och de Batty-Weber-Präis als wichtegst Literaturpräiser vum Grand-Duché nennt. An op drëtter Plaz: En engleschsproochege Link, wou een an der Iwwerschrëft liest "Luxembourg Book Prize winner 2015: Anne’s Kitchen". De Verweis also op déi Säit vun der Anne Faber hirem perséinlechen Internetsite op deem si annoncéiert, dass se dëse Buchpräis gewonnen huet an erkläert, wisou si en net selwer konnt ofhuelen.

Do huet deen auslännesche Bierger, deen d’Realitéit vu Lëtzebuerg net kennt (an net no Begrëffer wéi "National Literary Competition", "Batty Weber national literature prize" oder "Servais prize for literature" sicht) dann zimlech séier den Androck, dass de Lëtzebuerger Buchpräis schonn déi zweete Kéier hannerteneen e Kachbuch ass. An dass e weidere Präis un eng Comic-Serie geet, déi awer nëmmen national bekannt sinn, well se bis dato nach net iwwersat goufen (sou wéi iwwregens vill, wann net souguer déi meescht Bicher, déi zu Lëtzebuerg op Lëtzebuergesch geschriwwe goufen).

Mam Souvenir un dem Roland Meyer seng Wierder bei der leschter Iwwerreechung vum Servais Präis froen ech mech: Firwat bréngt Lëtzebuerg et net fäerdeg e Konsens ze fanne fir ee Lëtzebuerger Buchpräis ze schafen, wou e Fachjury ee "Bescht Buch vum Joer" nennt , an dat dann och sou nennt. Am Fong wier et eng gutt Iddi, fir de "Servais-Präis" anescht ze nennen. Well wien weess am Ausland d’Bedeitung vum "Prix Servais de la littérature" fir de Lëtzebuerger Buchmaart an d’Literatur anzeschätzen? A firwat exportéiere mer d’Literatur, déi op Lëtzebuergesch geschriwwe gëtt, net méi an d’Ausland? Mat där nämmlëchter Fro huet schonn d'Kulturkronik vum 30. Abrëll opgehal.