Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Prisonnier des glaces

Graphic Novel

Prisonnier des glaces

"On nait de notre enfance comme d'un pays" ass en Zitat vum Antoine de Saint-Exupéry, deem den Illustrateur a Moler Simon Roussin nëmmen zoustëmme kann. De Roussin, Joergang 1987, huet zu Stroossbuerg Arts déco studéiert, 2011 ofgeschloss an zanterhier eng ganz Partie héichwäerteg Graphic Novelen erausbruecht. Alleguerte beaflosst duerch seng Helden, seng Inspiratiounen aus der Kandheet.

auto_stories

3 min

E Fliger um Firmament. Wäit fort, butzeg tëschent ... wat ass dat? Wolleken, Niwwel, Äis a Schnéi, dertëschent eng Aart blatzege rosae Schimmer, wéi vun enger Sonn ... déi ënnergeet? D'Flugmaschinn, kloer a prezis gezeechent, kéint direkt aus engem "Tintin" eriwwer geflu sinn, en eelere Modell.

Mee de flouen, wéi mat engem Schwamp opgedroenen Hannergrond, eng Serigraphie, schwätzt eng aner Sprooch. D'Zeen hëlt just en Deel vun enger duebeler, haaptsächlech wäisser Säit an. Mee da mécht de Fliger e Kappsprong, jauft laanscht Äisbléck, e Polarmier; um nächste Plang ass en op Skier un d'Stoe komm, virdru steet e korpulente blonde Ris, en huet manner eppes vun engem stramme Pilot, wéi eppes vun engem anachronistesche skandinaveschen Held, eventuell en trageschen, vu datt seng Gesiichtszich Zweiwel ausdrécken.

A wéi e sech op de Wee mécht, senger Maschinn de Réck dréit, se um viischte Plang zeréckléisst, fir sech an enger endloser Polarlandschaft ze verléieren, spaant seng Séil hir Flilleken op, fir - wéi beim Goethe - an der Erënnerung heem ze fléien.

Keng klassesch BD

Den Text daucht zwar ëmmer nees nieft den Zeechnungen op, allerdéngs net, wéi an enger klassescher BD, a Bullen oder Këschten. Et schéngt sech ëm eng Aart Bréif, respektiv e Journal, ze handelen, deen den Haaptprotagonist verfaasst, deen een en awer ni schreiwe gesäit. Bildlech ass hien op der Sich, textlech versteet de Lieser, datt hien net just e konkreten Optrag dofir huet, eng Persoun erëmzefannen, mee datt hien och sech selwer sicht an um Enn net fënnt.

Den Held a säi beschte Kolleeg waren an der Zäit tëschent den zwee Weltkricher, zesumme mat enger Femme fatale, als Flugakrobaten, awer och als Explorateuren, Aventurieren ënnerwee. D'Frëndschaft ass dorunner zerbrach, datt de Frënd sech an hir Komerodin, d'Helen, verléift hat, si sech um Enn awer fir de grousse Blonden decidéiert huet. Awer just nëmmen esoulaang, wéi hien hir de gewësse Kick bidde konnt.

Wéi sech bis d'Routine installéiert hat, ass si séier bei den nächsten Held gefladdert. Dësen Charles Robinson war viru Kuerzem mat engem Zeppelin a Richtung Nordpol gestart, mee mëttlerweil vun de Radare verschwonnen. D'Helen huet doropshin hire fréieren Amant kontaktéiert, fir de Robinson ze sichen.

Si wousst, datt hien nach ëmmer alles fir si maache géif. Tatsächlech fënnt den éischten Held den zweeten Held, vum Stil hier net just e Kand vum Hergé, mee och vum Yves Chaland, dee wéi duerch e Wonner iwwerlieft huet. Ënner anerem déi spektakulär Explosioun vum Zeppelin, déi zeechneresch als e chaotescht a verschwenderescht Freedefeier vun de Faarwen, mat nëmmen engem Spectateur, duergestallt ass. De Robinson wierkt schwaach a beniwwelt, mee wéi hie realiséiert, wéi wichteg d'Helen fir den Haaptprotagonist war an ass, liwwert hie sech mat leschter Kraaft en Duell mat him, spréngt an de Fliger a flücht.

D'Aviatioun am Mëttelpunkt

Dem Simon Roussin säi Faibel fir Heldegeschichten ass och am "Prisonnier des glaces" nees äiskal ze spieren. Och säin Interessi fir d'Geschicht an d'Geschicht vun der BD. Hien zitéiert illustrativ seng illuster Helden aus der Kandheet, mécht awer eppes ganz Eegenes doraus, eng Graphic Novel am grousse Format, tëschent Molerei, Serigrafie, Grafik, Comic.

Datt déi Kéier d'Aviatioun esou eng wichteg Plaz ageholl huet, läit dorunner, datt hien, tëschent zwou Publikatiounen, dem Auteur a Pilot Antoine de Saint-Exupéry säi "Vol de nuit" gelies hat. D'Buch an dem Saint-Exupéry seng Biografie hunn hien duerno net méi lassgelooss.

Dat ofgekillt an agefruerent Resultat léisst sech absolutt weisen an ass, och wann engem d'Schuddere polar-kal de Réck eroflafen, wäermstens ze recommandéieren.