Radioen

On air

Resonanzen  |  Claude Debussy - 12 Études, livre II, L. 136, XI. Pour les sonorités opposées. Modéré, sans lent - Joseph Moog (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Portrait vum Jean-Paul Belmondo (1933-2021)

Franséische Kino

Portrait vum Jean-Paul Belmondo (1933-2021)

Mam Jean-Paul Belmondo ass gëschter am Alter vun 88 Joer ee vun de leschte "Monstres sacrés" vum franséische Kino gestuerwen. Dem Belmondo seng Filmographie ass immens breet gefächert, vun usprochsvollem "Cinéma d'auteur" bis zu populären Abenteuer- an Actionfilmer. De Michel Delage zeechent e kuerze Portrait vun engem Acteur, deen d'Spectateuren duerch Charme, physeschen Asaz an en zolidd Mondwierk konnt markéieren.

auto_stories

3 min

Nom Jean-Paul Belmondo bleift eigentlech just nach den Alain Delon als ganz grouss franséisch Filmvedett iwwreg. Mam Delon stoung hien 1970 am Gangster-Klassiker "Borsalino" virun der Kamera. Déi zwee kruten du Kaméidi wéinst der Affiche vum Film, an de juristesche Sträit hat se fir laang Joren ausernee gedriwwen.

28 Joer hat et gedauert, éier Belmondo an Delon bereet waren, sech nees d'Opmierksamkeet an engem Film - "Une Chance sur deux" vum Patrice Leconte - ze deelen. Eigentlech war de Bébel a Frankräich, vun deenen zwee, ëmmer déi méi populären Acteur: vläicht well en, anescht wéi säi stramm-rietse Kumpan, politesch manner ugeeckt hat.

Eng ausseruerdentlech Filmkarriär

Gebuer gouf de Jean-Paul Belmondo 1933 zu Neuilly-sur-Seine bei Paräis, als Fils vun engem renomméierte Sculpteur. Hie selwer wollt Boxer ginn, virun allem awer Theater maachen, am Film matmëschen, goung dofir an de 50er Joren an de Conservatoire, der mythescher Schauspillschoul, an där hien zesumme mat spéidere Vedetten ewéi Jean-Pierre Marielle, Jean Rochefort, Bruno Crémer oder nach Claude Rich de Beruff geléiert hat.

1960, Startschoss vum Modernismus am Film, war gläichzäiteg d'Joer vum Belmondo sengem groussen Duerchbroch: de Jean-Luc Godard hat nämlech déi wonnerbar Iddi, him d'Haaptroll a sengem Nouvelle Vague-Manifest "A bout de souffle" unzevertrauen.

Eng ausseruerdentlech Filmkarriär war - trotz schwiereger "gueule" - lancéiert, an de Belmondo hat an engem Joerzéngt an 30 Filmer matgespillt. A wéi eng Filmer! A mat wéi enge Realisateuren! "Léon Morin, prêtre" vum Jean-Pierre Melville, "Un Singe en hiver" vum Henri Verneuil, "Pierrot le fou" nees mam Godard, "La Sirène du Mississippi" vum François Truffaut, asw.

Den Alain Delon an de Jean-Paul Belmondo am Film Borsalino. Foto: picture alliance / United Archives / impress

Net nëmme gehéieren déi Filmer zu de grousse Klassiker vun der Nokrichszäit, vill waren och Publikumserfolleger. Mam Belmondo konnt een also vill Suen verdéngen, an de 70er an 80er Jore gouf dat och voll ausgenotzt. Nieft grad esou usprochsvolle wéi populären Abenteurfilmer, zum Beispill "Le Magnifique" vum Philippe de Broca, hat sech de Belmondo op rabiat Flicke-Rolle spezialiséiert: "Le Professionnel", "Le Marginal", a wéi déi Adrenalin-iwwersiedegt Action-Filmer net all geheescht hunn.

Grousse Virdeel: De Stunt-Doubel konnt d'Produktioun sech spueren, well de Bébel seng spektakulär Cascadë selwer iwwerholl hat: onvergiesslech, beispillsweis, wéi hien a "Peur sur la ville" op engem mat Vollgas lancéierte Metro stolzéiert!

1987 war déi Veine vum Belmondo-Kino allerdéngs ausgedréchent : "Le Solitaire" war a Flop. "Le polar de trop. J'en avais marre et le public aussi", sou de lucide Fazit vum Haapintresséierten. D'Joer drop koum dann awer d'Kréinung als Acteur mat engem César - sengem éischten - fir seng Haaptroll am Lelouche sengem "Itinéraire d'un enfant gâté". Och den Theater sollt erëm fir kuerz Zäit vum Jean-Paul Belmondo profitéieren, wéi hien ënner anerem de Cyrano de Bergerac gespillt hat.

No engem Hierschlag 2001 war d'Kapitel Schauspillerei fir de Belmondo esou gutt ewéi ofgeschloss. Duerno gouf et nëmmen nach sporadesch Optrëtter, déi sengem héijen Alter a sengem duerch de Schlag provozéierte sprooch-motoreschen Handicap gerecht gi waren. Mee dat war onwichteg: de Jean-Paul Belmondo konnt op en halleft Joerhonnert Schauspillerei mat gutt 80 Filmer, dorënner zäitlos Klassiker an zeg-kommerziell Succèsen zeréck kucken.