Radioen

On air

Notturno  |  Cyclorama - Dilemma At Symmetric Dusk

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Politesch Legendebildung

Nei am Kino

Politesch Legendebildung

Wéi deemools d'Fortis an d'Dexia gerett goufen: Mat hirem Documentaire "Crise et chuchotements" bréngen de Jossy Mayor an de Laurent Moyse keng nei Fakten an ecartéiere wichteg Froen. Eng opgewiermten Zëppchen.

auto_stories

4 min

Wärend engem verlängerte Weekend am September 2008 hat de Lëtzebuerger Staat, zesumme mat der Belsch a mat Holland, direkt zwou Banke virun der Faillite gerett. Fir d'éischt d'Fortis an duerno d'Dexia krute quasi iwwer Nuecht mat Milliarden Euro Steiergelder ënner d'Äerm gegraff.

Kuerz drop goufen d'Lëtzebuerger Filialen aus de respektive Konzerner eraus geléist. Am Fall Fortis gouf déi fréier BGL vum franséische Grupp BNP Paribas opkaaft, an d'BIL war vun engem kataresche Fong iwwerholl ginn. All Kéiers hat sech de Lëtzebuerger Staat mat enger minoritärer Bedeelegung engagéiert, déi e bis haut gehalen huet.

Deemools hat d'Lëtzebuerger Regierung déi massiv Finanzsprëtzen zugonschte vun den zwou systemesche Banke fir onëmgänglech erkläert. Et hätt een domat gréissere Schued fir d'Clienten, fir d'Personal a fir d'Lëtzebuerger Wirtschaft am Allgemenge verhënnert.

Ausgewielten Zäitzeien

Bal 14 Joer méi spéit gi sech de Jossy Mayor an de Laurent Moyse an hirem Documentaire mat där Versioun zefridden. Hiren ultraklassesche Film léisst ausgewielten Acteure vun deemools hir Siicht aus haiteger Perspektiv duerstellen: virop den Ex-Finanzminister Luc Frieden (iwwer deen net preziséiert gëtt, datt en an Tëschenzäit President vun der BIL ginn ass), déi deemoleg Responsabel vun de Lëtzebuerger Bankfiliale respektiv Bankelobbyist Carlo Thill, Frank Wagener a Jean-Jacques Rommes.

Den deemolege Staatsminister Jean-Claude Juncker kritt ee just am RTL-Archivmaterial ze gesinn. Dat ass net weider schlëmm: wat den CSV-Politiker 2008 ze soen hat deckt sech hoergenee mat deem, wat déi Aner och nach annerhalleft Joerzéngt duerno zum Beschte ginn.

Afferperspektiv

Net méi schlau gëtt een aus den Explikatioune vun Experten, sief et Universitären oder Journalisten. Si widderhuele scho laang bekannte Fakten. An dann de Kontext vun der weltwäiter Finanzkris, déi 2007 duerch d'Subprime-Kris an den USA ausgeléist gi war.

Europäesch Banken (an hir Lëtzebuerger Filiale souwisou) ginn als Affer duergestallt, deenen een héchstens kéint virwerfen, duerch Fusiounen ze grouss, also vulnerabel ginn ze sinn, an an eenzele Fäll schlechte Management.

Datt d'Dexia um amerikanesche Subprime-Business uerdentlech matverdéngt an d'Kris deemno mat ugeheizt hat, gëtt nëmmen um Rand ugedeit. Datt d'Risikokontroll op der Lëtzebuerger Finanzplaz keng Prioritéit war soulaang et u Beneficer nëmmen esou gespruddelt hat, ass am Film guer keen Theema.

Keng kritesch Stëmmen

D'Auteure loossen nëmmen Zäitzeien ze Wuert kommen, déi all dës Vuen ënnermaueren. Als eenzegen Oppositiounspolitiker dierf de Liberale Charel Goerens houfreg an d'Kamera soen, datt hie keng Sekonn gezéckt hat, fir dem Jean-Claude Juncker iwwer Telefon seng voll Ënnerstëtzung fir d'Bankerettung ze sécheren.

Fir kritesch Stëmme gëtt et am Documentaire keng Plaz, obwuel et där duerchaus gouf. Datt hei zu Lëtzebuerg keng parlamentaresch Enquêtëkommissioun agesat gi war, fir de massiven Asaz vu Steiergelder méi genee ënner d'Lupp ze huelen - am Ausland iwweregens en normale Virgang - gëtt net gesot.

Datt déi toxesch Aktiva vun Dexia wéi Atomoffall an enger sougenannter bad bank gelagert sinn an d'Lëtzebuerger Staatsfinanzen domat ëmmer nach engem Risiko a Milliardenhéicht ausgesat sinn, doriwwer geet net emol rieds. D'Interessie vum klenge Vollek, oder wat dofir gehale gëtt, sinn iergendwéi am Film vertrueden, nämlech mat den Uleiesse vun de Fortis-Klengaktionären.

D'Bankerettunge mat ëffentleche Gelder haten de gesellschaftleche Prestige vun de Banquieren ugekraazt. De Spectateur dierf deemno zwee Banquiere bedaueren, déi dobausse schif bekuckt gi waren: dat fält am Documentaire dann ënner d'Rubrik ''mënschlechen Impakt''.

Wat huet de Bergman hei verluer?

Kënschtleresch huet ''Crise et chuchotements'' näischt ze bidden. Dobäi ass ee vun den zwee Auteuren, de Jossy Mayor, Moler. D'Referenz un dem Ingmar Bergman säi filmescht Meeschterwierk (am franséischen Titel: " Cris et chuchotements "), ass ierféierend fir net ze soen aberrant.

De Jossy Mayor an de Laurent Moyse hunn een total onkriteschen, vum Filmfong bezuelten Docu realiséiert, deen absolut näischt Neits bréngt a wichteg Froen ecartéiert. Eigentlech just ee Bäitrag zur politescher Legendebildung, deen d'Tëleespectateure vum Co-Produzent RTL wuel deemnächst an hire Salon geliwwert kréien, fir se op déi nächst ''onëmgänglech'' Bankerettunge virzebereeden.