"August
sonntag früh.
stille.
obwohl der garten
bis über den drahtzaun hinaus
wächst.
keine krähe
keine fliege. keng heemelmäus.
keine bienen.
der korb mit den wäscheklammern wippt
auf der leine.
rot
im üppigen grün.
ein wagen fährt weg.
eine frau verlässt den geliebten."
E Moment, eng visuell Opnam, eng Rou, déi ënnerbrach gëtt, en Drama - ganz kompriméiert erzielt den Pit Hoerold u sech kleng Geschichten, aus dem Alldag, aus Beetebuerg, aus laang vergaangenen Zäiten. Natierlech huet d'Léift och hier Plaz.
D'Gedichter vum Hoerold beandrocken duerch hiert absolut Einfachsinn, et bleift een et hänken mat der Fro, wat wëllt den Dichter eis hei soen. Am Géigendeel, Inhalt a Form harmonéieren, d'Spill mat der Duerstellung vun den eenzelen Gedichter geet op, näischt ass opgesat, näischt iwwerdriwwen an dat gelt och fir d'Texter.
Mee einfach heescht net banal oder eidel. Am Géigendeel,
"worte wie papierflieger
wie schmetterlinge hin und her
dazwischen ab und an, eine wespe,
als wort, en nature
(...)"
An dësem Extrait fënnt een d'Substanz vum Hoerold senger Dichtung
Eng Rees an der Zäit
D'Wuertmaterial ass gekonnt ausgewielt, et ass keng Beschreiwung néideg fir eng Stëmmung, eng Atmosphär, e Gedanken an e Fillen auszeléisen, well d'Kraaft vun all Gedicht läit a senger gekonnt gezillt ausgesichter Zesummesetzung.
Kubakris oder de Park ze Beetebuerg, den Dram vum Fridden oder Erënnerung u grouss Dichter, eng Libeserklärung un eng Fra un d'Konscht oder un Beetebuerg, e Bléck un dat not an d'Verlaangeren nom wäit fort. De Hoerold beweegt sech ganz konzentréiert am Raum an an der Zäit, an der Vergaangenheet ouni nostalgesch ze sinn, ze Beetebuerg ouni pathetesche Lokalpatriotismus, an der Léift ouni Kitsch.
Vill clin d'oeilen, déi d'Lecture nach méi spannend maachen, déi och emol en zweet Liesen verlaangen, virwëtzeg maachen.
Eng zäitlos Lyrik
De Hoerold soll ee reegelrecht beim Wuert huelen, well all Wuert steet an enger wonnerbar, präziser an stëmmeger Symbios mat de Wierder ronderëm. Doduerch entsteet des Liichtegkeet a mécht des Lyrik zäitlos.
Et ass schwéier e Leitmotiv z'erkennen, et sinn d'Illustratiounen vum jonke Kënschtler Alain Welter, déi d'Sujeten subtil undeiten, déi op den Säiten duerno zum Virschäin kommen.
Ronn 230 Säiten si gefëllt mat mol immens kuerzen, mol méi laangen Gedichter, D'Grafik spillt eng eminent Roll, et soll e Gedichter net liesen, mee lauschteren, gëtt oft gesot, beim Pit Hoerold senger Lyrik kann een awer béides ganz gutt.