Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Durand Jones & The Indications - Witchoo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Péitenger Kavalkad am Zeeche vun Europa

Esch2022

Péitenger Kavalkad am Zeeche vun Europa

Am Kader vun Esch 2022 organiséiert d'Gemeng Péiteng de Weekend vun Halleffaaschte seng Kavalkad am Zeeche vun Europa. Nieft der traditioneller Kavalkad, déi dës Kéier méi international opgezu gëtt, ass och haut e Programm fir Kanner am Park geplangt.

auto_stories

2 min

De Mount Februar huet fir d'Kulturhaaptstad der Käerjenger Gemeng gehéiert, wou d'Buergbrennen dat zentraalt Event war. Am Mäerz ass et elo u Péiteng - an do ass d'Kavalkad Programm.

Lokal Traditiounen an neiem Gewand

Lëtzebuerger Traditioune bleiwen domadder am Fokus vun der europäescher Kulturhaaptstad, sollen awer méi grouss an opwenneg wéi gewinnt opgezu ginn.

Esou ass och déi 65. Editioun vun der Péitenger Kavalkad dëst Joer mat internationalen a méi bekannten Artiste besat.

Dëse Sonndeg, 27. Mäerz sinn 1.400 Participanten op der Péitenger Kavalkad derbäi: Ballet aus Spuenien, historesch Kostümer aus der Schwäiz, eng faarweg Show mat Trommelen aus Frankräich, däiwelzeg Figuren aus Portugal... mat engem Clin d'Oeil op d'Karnevaller zu Rio an zu Venedeg.

Foto: Gemeng Péiteng

Am Virfeld ginn et weider Evenementer: Um Donneschdeg geet et en Extraprogramm fir Kanner, wou am Park e venezianesche Karneval organiséiert gëtt. Kanner kënnen do Maske bastelen an déi da vu 15 Auer un an engem Cortège duerch de Park presentéieren. Uschléissend ass e Kannerfuesbal op der Kennedy-Plaz.

Um Freidegowend ass eng Lëtzebuerger-Portugisesch Soirée geplangt. De Pierre Mellina, Buergermeeschter vu Péiteng huet awer och op déi besonnesch Situatioun vu senger Gemeng higewisen, déi un d'Belsch a Frankräich grenzt. D'Kavalkad soll am Zeeche vun Europa stoen, a Grenze sollen d'Leit net vuneneen trennen.

D'Gemeng Péiteng huet elo och eng Broschür erausbruecht, mat den Top-11 déi et an der Gemeng Péiteng ze besiche gëtt.