Radioen

On air

Notturno  |  Nite Jewel - This Time

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Patrimoine fir jiddereen accessibel

Journées du patrimoine

Patrimoine fir jiddereen accessibel

De Patrimoine spigelt d’Geschicht vun engem Land erëm. Dofir ass et wichteg, datt e fir jiddereen zougänglech ass. D’Journées du patrimoine, déi nach bis de 9 Oktober daueren, stinn dëst Joer ënnert der Iwwerschrëft "Accessibilitéit". Fir Info-Handicap ass dat ee wichtegt Zeechen.

auto_stories

2 min

Patrimoine soll fir jiddereen zougänglech sinn. Foto: Bigstock

Patrimoine fënnt een iwwerall. Dorënner versteet een zum Beispill Gebaier, déi als Monument national klasséiert sinn oder Ausstellungen an deene Patrimoine gebuede gëtt. Mee net ëmmer ass de Patrimoine fir Mënsche mat enger Behënnerung zougänglech, zum Beispill well si net bäikommen oder well d'Offer net adaptéiert ass.

Fir dorop opmierksam ze maache stinn d'Journées du patrimoine dëst Joer ënnert der Iwwerschrëft "Accessibilitéit". De Silvio Sagramola, Direkter vun Info Handicap, begréisst dës Approche. "Et ass wichteg, datt d'Accessibilitéit aus dem Eck vun der Behënnerung erausgeholl gëtt." 80 Prozent vun de Leit, déi Problemer mat der Mobilitéit hätten, géifen zum Beispill net am Rollstull sëtzen. "E Gelänner oder eng Sëtzgeleeënheet sinn do scho ganz grouss Hëllefen."

"Design for all"

Den demografesche Wandel, d'Diversitéit an den technologesche Fortschrëtt géifen d'Gesellschaft virun Erausfuerderunge stellen, seet de Silvio Sagramola. Anerersäits géifen d'Entwécklungen awer Dieren opmaachen. Nei Technologië géifen et erlaben, d'Offer z'adaptéieren. Mat Hëllef vum Multimedia kéint een zum Biespill Leit Plaze weisen, zu deene si soss keen Zougang hätten. An duerch Audio-Beschreiwungee géife blann Leit Zougank zu Informatiounen ze kréien, déi fir si soss net disponibel wieren.

Alles dat wieren Entwécklungen déi et erlaben, datt méi Mënschen Zougang zu historeschem oder kulturelle Patrimoine hätten, ënnersträicht den Direkter vun Info Handicap. Zu Lëtzebuerg géif sech ëmmer méi mam "Design for all" ausernee gesat ginn. "Dat heescht, datt jidderee soll un deem kënne participéieren, wat ronderëm geschitt."