Ouverture vun de Rotonden: de Robert Garcia deelt aus

2015-06-13-Rotondes-1024x526.jpg

D'Rotonden ass ee vun deene wéinege kulturelle Projeten, deen nom Kulturjoer 2007 weider existéiert huet. 8 Joer war de Kulturzenter zu Hollerech op engem Site vum Paul Würth am Exil. Et gouf vill debattéiert, gehofft, gebaangt a geschafft, bis déi zwee ronn Gebaier endlech konnten als Lieu fir d'Kreatioun genotzt ginn.

20150613-Rotondes-Roga

Huet de Robert Garcia bei senger Ried zu der Ouverture vun de Rotonden nei Standarde gesat? Zesumme mat der Erzielerin Betsy Denzer huet hien et fäerdeg bruecht, seng Kritik zum Dossier 'Renovatioun an Ouverture vun de Rotonden' op eng subtil -awer däitlech- Manéier ënnert d'Leit ze bréngen.

Lauschtert hei déi integral Opnam vun enger besonnecher Mäerchestonn:

 

De leschte Schaffdag zu Hollerech


om Kulturjoer 2007 ass d’Equipe vun de Rotonden provisoresch an engem fréiere Paul-Wurth-Gebai zu Hollerech ënnerkomm. Aus 2 geplangte Joeren am sougenannten ‘CarréRotondes’ sinn der um Enn 8 ginn. Wéi huet d’Trupp dës Zäit erlieft? Wat fir Erënnerunge bleiwen? D’Kerstin Thalau huet de leschte Schaffdag am CarréRotondes am Toun festgehalen.

 

Wat bleift vun den CarréRotondes-Ausstellungen? Vum Kanner- a Jugendprogramm? Deem ass d’Kerstin Thalau am 2. Deel vum leschte Schaffdag zu Hollerech nogaangen.

 

 

Wéi geet et weider?


lënneren huet ëmmer eppes Nostalgesches. Den Direkter vun de Rotonden, de Robert Garcia war am Gespréich, wat de Jean-Claude Majerus op där leschter Pressekonferenz am CarréRotondes opgezeechent huet, awer ganz pragmatesch. Et goung  virun allem Riets iwwert d’Zukunft vum Kulturzenter um Site zu Bouneweg. Awer och ëm ee Weiderliewe fir d’Kultur vun de Gebailechkeeten zu Hollerech, an ëm d’Fro, ob et Sënn mécht, d’asbl an en Établissement Public ëmzewandelen.

 

lastcarre-53 Déi lescht Party am CarréRotondes ©Sven Becker

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen