Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Nick Waterhouse - Late In The Garden

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Oscars 2021: Lëtzebuerg mat zwou Co-Produktioune vertrueden

Film

Oscars 2021: Lëtzebuerg mat zwou Co-Produktioune vertrueden

Dës Nuecht ass zu L.A. déi 93. Oscar-Zeremomie. Wéinst der Coronavirus-Pandemie goufen d'Oscaren ëm zwee Méint verluecht, an de rouden Teppech an och d'Zeremonie selwer wäerten dest Joer ganz anescht ausgesinn. Ënnert de Favoritte sinn d'Filmer Nomadland a Mank zum Beispill déi déi mannst Leit am Kino gesinn hunn. An den USA si vill Kinoen nach ëmmer zou, an et huet ee missen doheem d'Filmer kucken.

auto_stories

2 min

Fir Lëtzebuerg ass dës Nuecht besonnesch interessant, well et sinn direkt zwou Co-Produktiounen nominéiert.


Lauschtert de ganzen Interview mam Bernard Michauxplay_arrow


Schonn zéng Deeg laang ass de Bernard Michaux zu Los Angeles, esou fréi, well d'Coronavirus-Reegele vun den Organisateuren et esou virschreiwen, mee och well et fir de Produzent vu Samsa drëms gaangen ass säi Film un d'Membere vun der Academy ze kréien.

Säi Film, dat ass Collective, en Dokumentarfilm iwwer e Grupp Journalisten, déi Korruptioun an der rumänescher Regierung opdecken. De Film ass fir d'Kategorie vum beschten Documentaire nominéiert, an och fir Rumänien fir de beschten auslännesche Film, eng immens rar Saach fir en Dokumentarfilm.

A béide Kategorien ass de Film net Favorit, mee kéint et zu enger Iwwerraschung packen.

Union Station, de Site vun der Oscar-Zeremonie dëst Joer

De Bernard Michaux wäert dës Nuecht och de berüümte rouden Teppech erliewen. Wéinst der Pandemie wäerten awer manner Staren do sinn, an d'Zeremonie ass dëst Joer an der Gare vun L.A. Do ass et méi einfach déi néideg Distanz anzehalen.

E Plakat fir déi Lëtzebuergesch Co-Produktioun Wolfwalkers am Downtown vun L.A.

Nieft Collective ass och de Film Wolfwalkers fir en Oscar nominéiert, an der Kategorie vum beschten Animatiounsfilm. Dës Co-Produktioun tëscht Irland a Lëtzebuerg huet en haarde Kampf mat de Filmer vun Disney a Pixar fir den Oscar ze gewannen.