Radioen

On air

De Weekend  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op geheimer Missioun am Altersheem

Nei am Kino

Op geheimer Missioun am Altersheem

Den originellen chileeneschen Documentaire "The Mole Agent" (El Agente topo) vun der Maite Alberdi benotzt en detektiveschen Dispositif fir den Alter an d'Elengsinn ze thematiséieren.

auto_stories

3 min

Een iwwer 80 Joer ale Rentner gëtt iwwer Zeitungsannonce vun engem Detektivbüro rekrutéiert. Seng Missioun: sech an en Altersheem aschleisen an erausfannen, ob d'Mamm vun enger Cliente do schlecht behandelt gëtt. Dräi Méint laang dauert seng Enquête, wärend där hie mat den - haaptsächlech weibleche - Matbewunner schwätzt, mat sengem Handy Beweismaterial knipst a filmt a säi reegelméissege Rapport eran telefonéiert. Mee well eisen Amateur-Detektiv deen eenzege Mann an där Fleegestruktur ass, geréit hien natierlech selwer an de Mëttelpunkt vum Interessi.

Den chileeneschen Documentaire ''The Mole Agent'' (El agente topo) vun der Maite Alberdi war um leschte Luxfilmfest an der Documentaires-Kompetitioun gelaf. Des weidere war e souguer fir d'Oscaren nominéiert. Béid Kéieren ass de Film eidel ausgaangen.

Spionage- an Detektivfilm-Atmosphär

Den Dispositif vun ''The Mole Agent'' ass nawell originell. Den Haaptprotagonist ass wuel als Detektiv ënnerwee, allerdéngs gëtt hien am Altersheem permanent vun enger Kamera begleet - souzesoen als Deckung fir säi geheimen Optrag. De Film vermëscht also zwou Zorte vun Opnamen: déi vun der Filmequipe an dann déi vun der verstoppter Kamera vum Detektiv, déi vun enger typescher Spionage- oder Detektivfilmmusek ënnermoolt sinn.

De Spectateur kritt ni gesot, ob dat Ganzt elo wierklech serieux ass oder net - eise sympathesche Rentner hëlt seng Missioun op jiddwer Fall relativ eescht, och wann de gesonde Mënscheverstand an d'Liewenserfarung him heiansdo soen: voilà, elo ass et och gutt!

Komikeffekt

A grad well een net alles weess entsteet en Effet vu Komik. Zum Beispill, wann de Rentner sech mat sengem Handy an de sëllegen Appe muss erëmklappen.

Witzeg Momenter gëtt et der dann och méi dacks wärend den Diskussioune mat den Dammen (- wat soll ee soss am Altersheem maache fir sech d'Zäit ze verdreiwen?), an den eenzegen Här an der Ronn zimmlech oppen Avancë gemaach kritt, Jalousieszeenen ausléist, asw.

Virwand fir iwwer den Alter ze schwätzen

An da si mer op eemol am Kär vum Film, wann d'Stëmmung schwankt an d'Pensionären op eemol iwwer hiert d'Liewen auspaken: iwwer de Mann, dee scho laang verscheet ass ; iwwer d'Kanner, déi se net oder nëmme seele besiche kommen ; iwwer d'Zäit, déi nach iwwreg bleift.

Och wann den detektiveschen Dispositif zimmlech kënschtlech wierkt, ass en dach e flotte Virwand fir den Alter an d'Elengsinn ze thematiséieren, an zwar op eng spilleresch a liicht Manéier. De Grondtoun ass awer melancholesch. Ëmsou méi emouvant gëtt de Film wann den Detektiv, deen eigentlech iwwer anerer soll enquêtéieren, um Enn wichteg Saachen iwwer säin eegent Liewen entdeckt huet.