Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  J. Bernardt - Taxi

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ On y va!

Esch 2022

On y va!

Mat 606 agereechte Projete befaasst sech d'Ekipp vun Esch 2022 ronderëm d'Directrice Nancy Braun. D'Projete sinn nach net all ausgewäert, trotzdeem stinn eng Rei Iddie fest, déi am Joer 2022 déi europäesch Kulturhaaptstad animéieren.

auto_stories

4 min

"Mir hunn hei véier Videoe vu Porteurs de projet, fir datt ee mol ka gesinn, wie sinn déi Leit? Dat si Leit, déi een deelweis kennt, deelweis awer guer net kennt, och Projeten, vun deenen ee vläicht näischt héieren huet, déi eenzel Remix-Sujeten, déi op eng kuerz a bündeg Manéier erkläert ginn, fir sech och do e bësse kënnen drop anzestëmmen. Et ass awer och flott, Deeler vum Inhalt vum Programm ze gesinn, wéi en Interview mam Peter Weibel, dee wierklech eng ganz flott an interessant Approche huet, zum Theema Remix yourself an déi digital Konscht oder Mediekonscht an och de Sënn dovun an engem Europa vun haut."

Sou d'Françoise Poos, déi nei Programmcoordinatrice vun Esch 2022. Genee zwee Joer virum Startschoss bitt d'Ekipp vun Esch, europäesch Kulturhaaptstad 2022, dem grousse Public d'Geleeënheet an der fréierer Muarthal zu Esch sech eng Iddi vun deem ze maachen, wat bis elo un deem Projet geschafft gouf, a wat d'Leit erwaart.

Partner mat Erfarung

Dem artisteschen Direkter Christian Mosar ass de Projet Mëllerei um Site Belval eng Häerzenssaach. Déi gëtt elo renovéiert a gëtt dann eng Plattform fir ganz innovativ Projeten. Et gëtt mat Partner mat grousser Erfarung geschafft, an dat sinn d'Ars electronica vu Linz, ZKM vu Karlsruhe an d'Haus der elektronischen Künste vu Basel.

De Christian Mosar wollt awer och Lëtzebuerger Partner, an dat ass dann déi véiert Expo: Expo Europe mat Historical Consulting.

"Et sinn net méi am klassesche Sënn Ausstellungen, et geet doriwwer eraus. Fir mech ass dat am Moment eppes, wat sou konkret gëtt. Wat e ganz richtegt Resultat ass. "

Fir grouss a kleng

Mee och kulturell Institutiounen zu Esch selwer spillen eng grouss Roll, net just fir Erwuessener, mee och fir Kanner, seet de Christian Mosar:

"Mir hunn am Theater, an der Musek, an der Danse contemporaine, Saachen déi elo kommen, déi och amgaang si bëtonfest ze ginn, an dat gëtt super. Mir kréien déi Saachen thematesch, z. B. fir den Theater kréie mir total innovativ Formater"

Ee vun dëse Formater gëtt mat der Directrice vum Escher Theater realiséiert. De Christian Mosar:

"D'Carole Lorang [...] ass fir mech eng genial Aarbechtspartnerin, déi fantastesch Iddien huet, déi dëse Projet total matdréit an déi och d'Chance ergraff huet mat Esch 2022, net nëmmen den Ariston (fréiere Kino) an e Jugendtheater ëmzebauen, mee gläichzäiteg an hirer Programmatioun och eppes mécht. An dat wäert herno, och no 2022, also 2023 Sënn maachen."

Op den Open Market Days kann ee virtuell véier Porteurs de projet kenneléieren. Véier ënnerschiddlech Projeten, een dovun ass zum Beispill d'Konzept vun der Gemeng Beetebuerg, wou de Beetebuerger Park eng zentral Roll spillt.

Wie kennt net de Ris aus dem Park?, gëtt een hei gefrot. D'Fro, mat där sech Beetebuerger Biergerinnen a Bierger befaasse sollen ass, wat mécht de Ris, wann hien net am Park ass? Eng Aktioun, déi als Zil eng spannend Geschicht huet, déi dann als BD soll publizéiert ginn.

Barrièrë solle verschwannen

Mee nieft dem Minett sinn och aacht franséisch Gemenge bei Esch 2022 implizéiert. Et wier guer net einfach gewiescht, d'Populatioun direkt ze begeeschteren, mee elo géifen d'Leit sech op Esch 2022 freeën, erkläert de Sylvain Mengel, de kulturelle Coordinateur vun CCPHVA, also der Communauté de communes du Pays Haut Val d'Alzette.

An och hei soll de Motto gëllen: Remix culture, opgebaut op de véier Pilieren: Europe, Nature, Yourself an Art, an dat net jiddwereen a sengem Eck, mee och do solle Barrièrë verschwannen, och déi a Form vu Landesgrenzen, de Sylvain Mengel:

"Il y a énormément de projets collaboratifs, déjà que ce soit des porteurs de projet qui ont initié des projets en collaboration directe avec des interlocuteurs transfrontaliers et donc, oui, on pourra voir de nombreux projets."

An déi Projete ginn a Frankräich oder zu Lëtzebuerg oder vun deenen zwee Länner oder an Zesummenaarbecht realiséiert.

Mobilitéit an Tourismus

Nieft all de kulturellen Aspekter, däerf een eent awer net vergiessen, Mobilitéit an Tourismus, an dofir ass den Thierry Kruchten responsabel.

Seng Aufgab ass souwuel national wéi international d'Regioun weider ze vermaarten, op der touristescher Landkaart Leit ze positionéieren, a wat d'Mobilitéit ubelaangt, do ginn et dräi grouss Ziler:

"Éischtens: Sécherstellung vun der Mobilitéit vun de Visiteure vun Esch 2022. Zweetens: d'Erreechbarkeet vun touristesche Sitten ze verbesseren an drëttens: mir probéiere Mobilitéit douce a Multimobilitéit weider ze fërderen"