Radioen

On air

Notturno  |  R.A.P. Ferreira - Pinball Feat. Open Mike Eagle

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aus dem Liewe vun engem Comiczeechner

Frederik Peeters, Oleg

Aus dem Liewe vun engem Comiczeechner

"Oleg" begleet ee Mann um Enn vu senger 40er, deen eng kreativ Kris duerchlieft a sech net méi an der Popkultur erëm fënnt. Eng BD, déi ëmmer erëm iwwer d'Linnen tëschent Realitéit a Fiktioun spréngt.

auto_stories

2 min

De Schwäizer Frederik Peeters erzielt an Oleg aus dem Liewe vun engem Comiczeechner, den him net onänlech ass. Den Oleg ass Mëtt bis Enn 40, lieft zu Genf, huet eng Famill an ass bekannt fir seng Science-Fiction-Wierker. Mat enger ganzer Rei Mëttele schaaft de Peeters awer net nëmmen Distanz tëschent sech an dem Oleg, mee spillt och mat de Konventioune vum Autobiographeschen. Esou verbënnt hien d'franséischer Traditioun vun der autofiction mat vill Selbstironie.

Oleg huet kee strikte Plot, mee besteet aus enger Rëtsch Episoden. Engersäits duerchlieft den Oleg grad eng kreativ Kris, schafft un engem postapokalyptesche Comic, vun dem en net esou richteg iwwerzeegt ass. Anerersäits stécht en och an enger Midlife-Crisis, mierkt, dass d'Welt sech méi schnell dréint ewéi hien an dass hien de Bezuch zur Jugendkultur verluer huet.

Vu Larmoyanz oder Nostalgie ass allerdéngs keng Spuer. Och d'Kris vum mëttelale Mann behandelt de Frederik Peeters mat vill Humor an Ironie. Ganz eescht hëlt hien dogéint d'Famill. U senger Roll als Familljepapp zweiwelt den Oleg nämlech ni; si funktionéiert als Géigegewiicht zur verspillter Kënschtlerthematik.

Mat senge graffe Schwaarz-Wäiss-Zeechnunge steet de Frederik Peeters kloer an der Traditioun vum Indie oder Underground Comic, un déi een och vill Allusiounen an der BD fënnt. Interessant ass, dass an Oleg Realitéit a Fiktioun oft aneneen iwwerginn an och banal Alldagszeenen aus dem Bléck vum Comiczeechner gesi an duerch dësen transforméiert ginn, esou dass een heiansdo menge kéint, et wier ee beim Moebius oder Hergé gelant. Duerch den ofwiesslungsräiche Stil an déi visuell Iwwerraschunge bleift d'BD dann och ëmmer spannend.

Oleg ass e gelongent, witzegt a mat Momenter touchant Wierk, dat mat senge ville Referenzen un d'Comictraditioun awer och gewëss Connaissancë bei sengem Public viraussetzt, fir dass ee voll op seng Käschte kënnt.