Geschicht NS-Architektur zu Lëtzebuerg

Nazi-Architektur gouf hei zu Lëtzebuerg kaum ëmgesat. Dat heescht net, datt den NS-Regimm net monter geplangt hätt. Besonnesch fir d'Stad Lëtzebuerg a fir Esch-Uelzecht sinn deementspriechend Projeten dokumentéiert, wéi de Konschthistoriker Stefan Heinz an enger rezenter Online-Konferenz fir de Resistenz-Musée gewisen huet.

Michel Delage

Nazi-Architektur zu Lëtzebuerg

Am neie Lëtzebuerg-Guide vu Marco Polo gëtt d'Gebai vum Nationale Resistenz-Musée op der Escher Brillplaz fälschlecherweis mat der Ästheetik vum Nazi-Architekt Albert Speer verglach. Vun där rezenter Polemik ofgesinn, muss een awer festhalen, datt d'Nazien duerchaus urbanistesch Pläng fir Lëtzebuerg haten.

No 1937 goufen däitsch Stied a nom Ufank vum Krich och besate Gebidder systematesch nei bebaut, an zwar aus enger ideologescher Iwwerleeung eraus, erkläert de Stefan Heinz, Konschthistoriker beim Stadtarchiv Stuttgart an der Akademie der Wissenschaften Mainz:

"Diente die urbane Neugestaltung im sogenannten 'Altreich' einer Selbstvergewisserung der Macht, so hat die Baupolitik im besetzten Ausland ganz klar auch eine identitätsstiftende, und ich würde sogar sagen: identitätsüberlagernde Funktion. Die indigene Bautradition, die in Luxemburg, beispielsweise, von Belgien und Frankreich beeinflusst war, sollte ausgelöscht werden, und eine nationalsozialistische Identität sollte neu implementiert werden.

Der Rückgriff auf eine vermeintliche deutsche Vergangenheit diente letztlich als nichts anderes als ein Legitimationsvehikel, das inhaltlich - ganz nebenbei - gewaagte Schlüsse erfordert."

Urbanistesch Entwécklung als Kompensatioun

Duerch d'Integratioun vu Lëtzebuerg an de sougenannte "Gau Moselland" gouf et hei am Land keng Haaptstad méi. Déi gouf op Berlin transferéiert respektiv op Koblenz als Sëtz vum Gau.

"Luxemburg war durch die Zwangsannexion zu einer Kreisstadt degradiert worden, stand also in der Verwaltungshierarchie auf einer Stufe mit Diekirch oder Sankt Goar am Rhein. Der generelle Bebauungsplan sollte nun dieses Defizit ausgleichen, um die Bevölkerung an das Reich zu binden."

Lëtzebuerg sollt also mat däitscher Architektur, dat heescht "Kulturaarbecht" begléckt ginn. Fir d'Pläng vun der Stad Lëtzebuerg war den däitschen Architekt Hubert Ritter zoustänneg, deen och scho d'Neigestaltung vu Krakau entworf hat.

Eng 200 Skizze sinn erhale bliwwen. Si weisen, datt d'Alstad onberéiert sollt bleiwen, an de Kierchbierg als een neien, no Osten, also no Däitschland orientéierte Quartier ausgebaut sollt ginn. Als Haaptattraktioun war eng "Feierhalle" geplangt.

Iddie fir de Kierchbierg an de 1960er ëmgesat

Déi urbanistesch Conceptioun vum Kierchbierg sollt sech no dräi groussen Iddie riichten, sou de Stefan Heinz:

"Erstens: die Anbindung des Plateaus Kirchberg über eine Brücke an die Altstadt. Zweitens: die Erschlieβung dieses Areals durch eine Mischnutzung aus arbeiten, wohnen und Kultur. Drittens: die Anbindung des Gebietes mittels einer Autobahn in Richtung Trier, sowie einen Straβenring um die Stadt Luxemburg. Es erscheint daher wie eine Ironie, dass diese urbanen Grundsätze nach dem Krieg ihre Fortsetzung gefunden haben. Alle drei Prinzipien werden in den 1960er Jahren vom Fond d'urbanisation auf dem Plateau Krichberg umgesetzt."

An där Zäit hat sech op eemol och de fréieren NS-Architekt Hubert Ritter vu München aus gemellt:

"Er wurde 1958 bei Bautenminister Victor Bodson vorstellig und versuchte - und da kann man wirklich nur von Hybis sprechen - sich als beratender Planer für das Luxemburger Europaviertel ins Spiel zu bringen. Die Briefe sind in seinem Nachlass erhalten: er schreibt an Bodson und ist danach auch sehr enttäuscht, dass man ihn nicht bedacht habe - was natürlich absolut abwegig war... Bodson schreibt ihm eine sehr höfliche aber auch sehr bestimmte Ablehnung seines Ansinnens."

Verwaltungszentrum fir Esch/Uelzecht virgesinn

Och fir "Esch an der Alzig" haten d'Nazien ambitiéis Pläng entwéckelt. Wéinst der Eisenindustrie war d'Minettemetropole am Zweete Weltkrich vu strategescher Bedeitung. Am deemools "gläichgeschalten" Tageblatt gouf Esch propagandistesch als "Deutschlands westlichste Kreisstad" bezeechent. Hei sollt en däitsche Verwaltungszentrum entstoen, wéi aus engem Artikel ervir geet:

"Nach Kriegsschluss würden groβe und zahlreiche Neubauten zu errichten sein. Und zwar: ein Kreisforum, Landratsamt, Finanzamt, Arbeitsamt, Amtsgericht, Hitlerjugendheim, Unterkunft der HJ-Führung, Mädchenoberschule, Hauptschule, Wirtschaftsoberschule, Volksmusikschule, Kreissparkasse, Beamtenwohnungen, Volkswohnungen, Kleinsiedlungen, Sportgelände mit Schwimmbad und ein Wasserwerk".

Den Architekt Karl Heinz Löb gouf mat de Pläng fir Esch beoptraagt. Virgesi war ënnert anerem e prestigiéise Parteiforum. D'Uelzechtstrooss, deemools an "Adolf Hitler-Strasse'' ëmbenannt, sollt als Achs fir Märsch déngen. Stefan Heinz:

"Stilistisch schwankten die Bauten zwischen Klassizismus und Heimatschutzstil, doch sind die Entwürfe ein Stück weit als Massenmodelle zu verstehen, bei denen das entgültige Aussehen noch nicht ganz festgelegt war. Verglichen mit dem groβspurigen, aber immerhin durchdachten und halbwegs ungewöhnlichen Plänen des Forums auf dem Kirchberg, wirken die Entwürfe für Esch eher bieder, zumindest etwas unkreativ. Das Forum besteht aus den obligatorischen Komponenten, die spätestens seit 1937 mit der Errichtung des Gauforums von Weimar einen eigenständig festgelegten Bautyp bildeten.

Weimar, als eines der wenigen zwar unvollendeten aber tatsächlich begonnenen, ausgeführten und sogar gröβtenteils noch erhaltenen Parteiforen, war ein Vorbild für viele weiteren Städte."

D'Synagoge goufe vun den Nazie systematesch zerstéiert. Wat op deene Plaze sollt entstoen, doriwwer haten se sech och hir Gedanke gemaach. An der Stad, zum Beispill, hat een nach am August 1944 e Parking fir Camione virgesinn. "Der Plan in Esch, einen Kinderspielplatz anzulegen, ist jedoch an Zynismus kaum zu überbieten", erklaërt de Stefan Heinz.

Déi urbanistesch Pläng fir Lëtzebuerg goufen net ëmgesat - an der Zäit vum Krich waren d'Prioritéiten anerer. Mee onofhängeg vum Verlaf vun de militäreschen Operatiounen, ob et elo zum sougenannten "Endsieg" géif kommen oder net, déi däitsch Architekten a Verwaltungen hu bis zum Schluss monter weider geplangt, sou de Stefan Heinz.


Dëse Bäitrag resuméiert d'Videokonferenz, déi de Konschthistoriker Stefan Heinz den 28. Abrëll fir de Musée de la Résistance gehalen hat:

An der Mediathéik:

Kultur / / Michel Delage
Lauschteren

Méi zum Thema

„Ons zerschloen Dierfer“: Der Wiederaufbau Luxemburgs (1944-1960)
Geschicht

Virun allem den Norden an den Oste vum Land goufen am Krich uerg zerstéiert. D'Geschicht vum Erëmopbau, souwuel de materielle wéi och de soziale Volet, ass eng, déi nach wéineg erfuerscht ginn ass.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen