Radioen

On air

Simon Says  |  Purple Disco Machine & Bosq - Wake Up! Feat. Kaleta

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ New York no der Klima-Apokalyps

James Romberger - Post York

New York no der Klima-Apokalyps

Wéi gesäit d'Welt aus, wa mer de Klimawandel net kënne bremsen? Déi Fro stellen sech grad net nëmme Wëssenschaftler, mee och vill Kënschtler, dorënner den Zeechner James Romberger, deen sech d' Zukunft vu senger Heemechtsstad New York ausgemoolt huet.

auto_stories

2 min

"Post York" vum James Romberger ass erauskomm bei Berger Books

Den James Romberger moolt sech a "Post York" d'Zukunft vu senger Heemechtsstad New York aus, nodeems d'Äis un de Polen duerch de Klimawandel geschmolt ass, an d'Stad ënner Waasser steet.

Tëscht Climate Fiction an Horrorcomic

Säin Held, de Crosby, fiert mam Schlauchboot duerch Stroossen, an deene just nach vereenzelt Leit an den Héichhaiser liewen. Et erkennt ee séier eng Rëtsch Science-Fiction-Elementer, déi den Zeechner hei kombinéiert: dramatesch Biller vun enger Welt, déi duerch d'Klimakris zerstéiert gouf, wéi se fir de rezente Phenomeen vun der Climate Fiction typesch sinn, mee och allgemeng Zenarien aus post-apokalypteschen Erzielunge wéi de Kampf ëm knapp Ressourcen an Eenzelgänger, déi duerch d'Ruine vun der Zivilisatioun zéien. Mat sengen dacks makabere Schwaarz-Wäiss-Zeechnunge steet de Romberger awer och an der Traditioun vum Horrorcomic.

Villes kënnt engem bekannt vir, bei der Erzielstruktur erweist sech "Post York" awer als ganz originell. Vun den zwee Haaptevenementer am Buch - eng Renconter vum Crosby mat enger jonker Fra an eng mat engem Wal - kréie mer dräi Versioune presentéiert, déi mol besser a mol méi schlecht ausginn.

Onbehollef Ëmsetzung

Dëse Prinzip kann een als Kommentar zur aktueller Diskussioun iwwer d'Klimakris verstoen, wou et jo och drëms geet, Alternativen ze entwerfen, fir de Laf vun der Geschicht ze änneren.

D'Iddi ass am Comic allerdéngs besser, wéi hir Ëmsetzung. Et geet net ëmmer alles op, d'Dialoger sinn onbehollef an et mierkt een, datt dem James Romberger seng Stäerkten éischter an der Illustratioun, wéi an der Erzielung leien. Zum Gléck ass "Post York" awer och eng Graphic Novel, déi vun de Biller lieft an dacks ouni Dialoger auskënnt. Dem Romberger gelénge memorabel Sequenzen, wou hie mat wéinege Strécher an engem labberen, onreegelméissege Layout eng bedréckend Atmosphär erschaaft an engem d'Tristesse vun der Welt an de Leit, déi an hir liewe mussen, méi no bréngt.