Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Taylor Eigsti - Plot Armor

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Net eng, mee zwou Coordinatricen

Kultur:LX

Net eng, mee zwou Coordinatricen

Valérie Quilez an Diane Tobes sinn déi zwou nei Coordinatricë vu Kultur:LX. D'Associatioun soll sech fir d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Kultur am Ausland asetzen. D'Valerija Berdi huet iwwer dëse Choix mat der Catherine Decker, der Presidentin vum Verwaltungsrot vu Kultur:LX geschwat.

auto_stories

3 min

Bei den Interviewen hätte sech séier zwou Persounen erausgeschielt, déi ganz vill Erfarung aus verschiddenen Domäne géife matbréngen, an déi an hirer Complementaritéit als Duo géife funktionéieren, seet d'Catherine Decker. Si ass Presidentin vum Verwaltungsrot vu Kultur:LX an zoustänneg fir d'Rekrutement fir de Poste vun der Koordinatioun vu Kultur:LX.

Eng kleng Iwwerraschung war et da schonn, datt net eng, mee zwou Persoune fir dës Plaz ausgewielt goufen. Vun 42 Demanden, déi erakoumen, goufe fir d'éischt aacht Kandidaten zeréckbehalen. Déi goufen och an engem éischten Tour gehéiert, a fir den zweeten Tour sinn der nach dräi iwwereg bliwwen. Vun deenen dräi sinn dann d'Diane Tobes an d'Valérie Quilez ausgewielt ginn.

Zanter 2009 ass d'Valérie Quilez responsabel fir d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Konscht a Frankräich. An enker Zesummenaarbecht mam Kulturministère an der Lëtzebuerger Ambassade zu Paräis, huet si Mission culturelle du Luxembourg en France geleet. D'Valérie Quilez hätt déi Erfarung, déi ee gesicht hätt, seet d'Catherine Decker:

"Am Export vun der Lëtzebuerger Kultur a Kënschtler am Ausland, a si huet dat eben um franséischen Territoire mat ganz vill Geschéck realiséiert, si huet Projete selwer begleet, Lët'z Arles, Presenz um Festival vun Avignon, um Salon du Livre oder Marché de la Poésie. Si ass am Ausland an huet net forcement déi Management-Erfarung, déi mer gesicht hunn, fir d'Gestioun vum Personal a vun de Finanzen a generell alles, wat administrativ ass."

Eng komplementar Responsabilitéit

An aus deem Gronn ass eng weider Coordinatrice gebraucht ginn, déi dann an der Persoun vun der Diane Tobes ausgesicht gouf. Si ass aktuell fir d'Programmatioun vum Kulturzenter Abtei Neimënster an de Luxembourg City Film Festival responsabel.

Hir Aufgab bei Kultur:LX wäert sech awer net just op Gestioun beschränken, vu Kultur LX, mee et geet och ëm d'Ausschaffe vun de Profiller vun de Kënschtler hei zu Lëtzebuerg:

"Et ass esou, datt een d'Kënschtler net kann exportéieren, wa si net prett sinn an do war vun Ufank u geduecht ginn, datt och eng gewësse Preparatiounsaarbecht hei zu Lëtzebuerg soll geschéien an dat ass dee Volet, dee sech am Moment développement de carrière nennt, an et lafe scho bei Reading' Luxembourgoder bei music:LX verschidden Aktivitéite vu Rencontere mat Professionellen. Et mécht net direkt Sënn d'Leit an d'Ausland ze schécken, heiansdo mécht et och Sënn Reseauen oder Kontaktpersounen op Lëtzebuerg ze bréngen an hinnen hei deen een oder anere Secteur virzestellen."

D'Valérie Quilez an d'Diane Tobes wäerten dann hir Posten als Coordinatricë vu kultur:LX den 1. Februar 2021 untrieden.