Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neiegkeete vun der koreanescher Front

Netflix

Neiegkeete vun der koreanescher Front

Am südkoreaneschen Actionfilm "Yaksha. Ruthless Operations" geet et ëm de clandestine Krich an engem chineesesche Spiounennascht no bei der nordkoreanescher Grenz. Gehéiert zum besseren Duerchschnëtt.

auto_stories

3 min

E placardiséierte südkoreanesche Procureur gëtt vu senger Hierarchie a China geschéckt. Zu Shenyang, eng 100 Kilometer vun der Grenz mat Nordkorea ewech, soll hien no engem Agentebüro kucken, deen am Verdacht steet, ausser Kontroll geroden ze sinn.

Op der Plaz stellt hien da fest, datt sech déi kleng Equipe ëm hiren eegesënnege Chef mam Spëtznumm Yaksha mat engem internationale Spiounennascht muss erëm klappen. A mir si grad an der waarmer Phas vun deem clandestine Krich, an deem nieft süd- an nordkoreaneschen och japanesch a chineesesch Agente verwéckelt sinn. Do si rabiat Methoden net nëmmen erlaabt, mee iwwerliewenswichteg...

Zwee ongläich Personnagen

Relativ opwänneg produzéiert Actionfilmer, déi fir e Massepublikum gemënzt sinn, dat ass e Genre, deen de koreanesche Kino zënter Joren drop huet. Den zimmlech ënnerhalende Spionagefilm " Yaksha. Ruthless Operations " vum Hyeon Na kënnt eigentlech wéi e Gangsterfilm mat typesche Schéissereien a Verfolgungsjuegten dohier.

Am Mëttelpunkt steet, wéi esou dacks, d'Ausenanersetzung tëschent zwee ongläiche Personnagen : engersäits de Chef vun de südkoreaneschen Agenten, en Dropgänger, deen sech zimmlech vill Fräiheeten hëlt an och éischter ewéi en nonchalante Mafioso wierkt ; anerersäits de steiwen a pingelege Procureur aus der Heemecht, dee lues a lues léiere muss, d'Realitéiten um Terrain z'acceptéieren.

Wann de Procureur de Yaksha am Auto drop opmierksam mécht, datt dee säi Gurt soll festmaachen, an deen en doropshin einfach nëmme schif bekuckt, dann ass dat eng vun de raren Touchë vun Humor an engem duerch an duerch secken, däischtere Film, deen sech och meeschtens nuets ofspillt. Den urbane Kader vun der chineesescher Groussstad Shenyang ass, mat senge faarwege Luuchten, u sech scho visuell spektakulär.

Nordkorea-Südkorea: Leschte Stand vun de Relatiounen

Interessant ass d'Duerstellung vum politesche Kontext. Entgéint den Erwaardungen - oder soe mer mol : den Erwaardunge vun engem europäesche Publikum, deen déi lescht Entwécklunge verpasst hätt - ass den nordkoreanesche Rival hei net de grousse Béisen.

Op där scho laang gedeelter Hallefinsel stinn d'Zeechen nämlech zënter enger Rei Joren op Entspanung. Dee Rapprochement gëtt am Film duerch déi intim Relatioun tëschent dem Yaksha an enger nordkoreanescher Spiounin verdäitlecht. Aus der Siicht vun de Südkoreaner erschéngt éischter d'Regionalmuecht Japan als de Feind, dee versicht, de Rapprochement ze sabotéieren.

Enttäuschend ass virun allem de Schluss vum Film. Den Zeenarist, dee warscheinlech presséiert war, an de Feierowend ze goen, huet sech do net all ze vill Méi ginn. Mee ass de Plot ëm eng abstrus Fongegeschicht net souwisou nëmmen e Virwand, fir datt d'Personnagen iergend e Grond hunn, sech ze beweegen ?

Dat ännert allerdéngs näischt um allgemeng Androck, dee "Yaksha. Ruthless Operations" hannerléisst : dee vun engem effikassen Actionspektakel, deen zum besseren Duerchschnëtt zielt. Net méi, net manner.