Neie Festival: Capital Sounds

20150504-rotonde_1-P1000270-1024x768.jpg

“Capital Sounds” ass den Nummvun engem Fesitval fir ronn 1.000 Spectateuren, deen um Weekend vum Food For Your Senses an de Rotonden zu Bouneweg wäert iwwer d’Bühn goen. Nodeems d’Organisateure vum gréissten Evenement fir alternativ Musek a Konscht zu Lëtzebuerg kee Site fonnt haten an de Festival am Abrëll annuléiert gi war, hat d’asbl annoncéiert, dass trotzdem um Weekend vum 25. a 26. Juli mat enger Manifestatioun am Esprit vum Food For Your Senses ze rechne wär. Nodeems d’Rockhal als méigleche Partner am Gespréich war, gouf elo mam Kulturzenter zu Bouneweg een Accord fonnt. De Luka Heindrichs vun der asbl Food For Your Senses:

 

Leit, déi Tickete fir de Food For Your Senses kaaft haten, déi mëttlerweil rembourséiert goufen, kréien automatesch e Billjee fir de 25. Juli. Ee groussen Deel vun deene Gruppen, déi fir den Open-Air Festival confirméiert waren, wäerten och an de Rotonden optrieden.

Lauschtert dee ganzen Interview mam Luka Heindrichs:

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen