Radioen

On air

Notturno  |  Jaakko Eino Kalevi - Galactic Romance Feat. Yu-Ching Huang

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Dimensioun an der Televisiounsdistraktioun

Televisioun

Nei Dimensioun an der Televisiounsdistraktioun

D'Serie "The Twilight Zone" entféiert de Spectateur an eng Dimensioun esou grouss, wéi den Universum an esou zäitlos, wéi d’Onendlechkeet. Eng Plaz tëscht Luucht an Däischtert, tëscht Wëssenschaft an Awerglawen. Et ass d'Dimensioun vun der Imaginatioun, vun der Virstellungskraaft. Eng Plaz déi eben d'Twilight Zone genannt gëtt.

auto_stories

6 min

"Where is Everybody" war déi éischt Episode vun Serie. Foto: CBS

An de spéiden 1950er Jore war d’Format "The Twilight Zone" fir d’Televisioun esou nei, datt d’Kreateuren den Televisiounskonsumenten d'Konzept hu mussen erklären. Ee vun hinne war de Rod Serling. Hien huet fir déi éischt Episode vun der "The Twilight Zone" d’Stëmmung an d’Inhalter definéiert. Mam Titel "Where is Everybody" erzielt déi alleréischt Episode 1959 d’Geschicht vun engem Mann, dee moies an e klengt amerikanescht Duerf kënnt an du mierkt, datt Jidderee fort ass. Hien ass ganz eleng. Esou fänkt de Mystère un an deen ass immens spannend.

No engem Joerzéngt an deem an den USA vill Leit iwwerzeegt waren, datt d'Liewen ëmmer besser géing ginn, sinn an den Episodë vun "The Twilight Zone" Zweiwel gestreet ginn. D'Geschichten hu bal ëmmer mat engem onerwaarte Schluss an enger Moral opgetrompt. Dobäi koum och, datt all Woch nei an aner Schauspiller hiert Talent bewisen hunn. Spéider sinn der vill vun hinnen international bekannt ginn: Robert Duvall, Burt Reynolds, Telly Savallas, Leonard Nimoy, Lee van Cleef oder Charles Bronson.

Hannert deem Ganze stoung de Rod Serling, bekannt als Erzieler an "The Twilight Zone"-Episoden. De Serling huet virun allem fir déi amerikanesch Televisioun nei Standarden an der Dramaturgie etabléiert. D'Serie vun "The Twilight Zone" ass sécher säi Meeschterwierk. Den Afloss vun der sougenannter Pulp-Literature, den amerikaneschen 3 Groschen-Romaner, war fir hie wichteg. Et war awer net déi eenzeg Inspiratiounsquell.

Krichsferliefnesser, Flashbaken an Alpdreem

Am Krich huet de Serling tragesch awer anengems bizarre Saachen erlieft. Hie war op enger philippinnescher Insel stationéiert. E Komerod vun him, deen e Sketch fir aner Zaldote gespillt huet, ass vun enger Këscht mat Iessensratiounen, déi aus engem Fliger erausgehäit gouf, gekäppt ginn. Dës makaber Episode aus senge Krichserliefnesser kéint schonn eng Virlag fir eng "Twilight Zone"-Geschicht sinn. De Rod Serling war en héichdekoréierte GI, dee mat Courage an der sougenannter "Hell in the Pacific" dacks nëmmen esou just iwwerlieft huet. Hie gouf zwee Mol blesséiert. Seng Kirchserliefnesser hunn hie staark matgeholl. Hien huet spéider vu permanente Flashbacken an Alpdreem geschriwwen.

D’Absurditéit an der Iddi, datt engem alles zu all Ament geschéie kann. D'Gefill, datt et keng Sécherheet méi gëtt. Dës Erfahrungen hunn dem Rod Serling seng spéider Geschichte grondleeënd beaflosst. E Motiv, dat een an direkt e puer Episoden erëmfënnt, kënnt aus dem Kale Krich: den Atomkrich. En anert Thema sinn d’Hexejuegten.

Op alle Fall ass d'Zäit vum Senateur Joseph MacCarthy nach ni esou kreativ verschafft ginn, wéi an dësem Fall. Dëst knapps fënnef Joer nodeems zu Hollywood nach eng schwaarz Lëscht vu presuméierte Kommunisten existéiert huet.

"Young Angry Man"

De Rod Serling ass dacks als "Young Angry Man" vun de Sixties zu Hollywood beschriwwe ginn. Hien huet mat senge Geschichten der neier Konsumgesellschaft de Spigel virgehalen. An dat obwuel dat, wat hie gewisen huet am Beräich vum Fantastesche war, eben an enger neier Dimensioun. D’Allusiounen op déi amerikanesch Alldagsrealitéit waren ëmmer kloer.

Fir déi éischte Staffel vun "The Twilight Zone" hat de Serling talentéiert Dréibuchauteuren engagéiert. Ënnert hinne war de Ray Bardbury, Auteur vun de "Martians Chronicles" a "Fahrenheit 451". Oder och de Richard Matheson, deen 1954 de Science Fiction-Klassiker "I Am Legend" geschriwwen huet.

Fir "The Twilight Zone" sollt de Matheson eng vun deene bekanntesten a populäersten Episode schreiwen. Eng Parodie op de Jules Verne mam Titel: "A Nightmare at 20.000 Feet". Et geet ëm e Mann, deen Angscht virum Fléien huet. De Bob Wilson hat e puer Méint virdrun en Nervenzesummebroch am Fliger. Mee elo gëtt et e ganz anere Grond zur Suerg. Hie gesäit e Monster, dat baussen um Flillek vum Fliger sëtzt. Hie probéiert d'Fligercrew an déi aner Passagéier ze warnen, mee kee gleeft him.

Dës Roll gouf vum deemools 32 Joer ale William Shatner gespillt. Gutt 5 Joer éier hien d’Roll vu sengem Liewen, déi vum Captain Kirk a "Stark Trek" sollt spillen. De Richard Donner huet bei dësem Alpdram d'Regie gefouert.

"Twilight Zone" eng Inspiratiounsquell

D'Twilight Zone huet villes wat duerno komm ass méi oder manner direkt markéiert. 1964 war déi 140. Episode mam Titel "From Agnes with Love" op der CBS gelaf. D'Geschicht ass déi vun engem Computerprogrammateur, dee sech verléift an dee säi Computer freet, fir beim Flirt ze hëllefen. D'Education sentimentale geet awer schif an de Programmateur mierkt, datt säi Computer net nëmme jalous, mee och an hie verléift ass. Eng Geschicht, déi gutt 50 Joer drop vum Spike Jonze an "HER" iwwerholl gouf. Och dat weist, datt vill Dréibicher vun "The Twilight Zone" interessant a spannend sinn.

De Remake vun der Twilight Zone als Kinosfilm ass awer eng vun de ganz makaberen Anekdoten aus der grousser Hollywoodgeschicht. "The Twilight Zone" vun 1983 war eng Koproduktioun vum Steven Spielberg an dem John Landis. 4 klassesch Episoden aus "The Twilight Zone" sollte vum Spielberg selwer, dem John Landis, awer och vum "Mad Max"-Regisseur George Miller an dem Joe Dante, dem Realisateur vun de Gremlins, gemaach ginn.

“Kee fënnt néierens eng Sécherheet”

Dem John Landis seng Geschicht war déi vun engem verbatterte Mann, deen a senger Roserei rassistesch Remarquë mécht. Hie fënnt sech op eng Kéier an enger ganzer Partie Flashbacken erëm an deenen den extreme Rassismus däitlech gëtt. Fir sech zréckzekafe probéiert hien an enger Sequenz zwee Kanner während der Zerstéierung vun hirem Duerf am Vietnamkrich ze retten.

Den Acteur Vic Morrow huet d’Haaptroll gespillt. Seng Karriär war eigentlech um Enn, wéi de John Landis hie kontaktéiert hat. Dat war vläicht de Grond, firwat de Vic Morrow acceptéiert huet an enger geféierlecher Zeen ouni Doubel selwer ze spillen. Mat zwee klenge Kanner am Grapp huet hie missen duerch Waasser goen, iwwerdeems en Helikopter iwwert si geflunn ass. An engems sinn hannert hinnen Explosioune lassgaangen.

Explosiounen déi awer méi staark waren, wéi den Helikopterpilot geduecht huet. De Pilot huet d'Kontroll verluer. Den Helikopter ass op de Vic Morrow an d'Kanner gefall. Spéider koum ënnert anerem eraus, datt d’Kanner op dësem Nuetsdréi guer net hätten dierfe schaffen. Zéng Joer laang hu sech Prozesser an eng Eenegung higezunn. Den John Landis krut virgeworf, datt hien den Helikopterpilot gezwongen hätt, ze déif ze fléien. De Steven Spielberg wollt dorops hinn näischt méi mat him ze dinn hunn.

Dësen trageschen awer spektakuläre "Fait divers" wierkt a villen Aspekter, wéi wann en aus enger vun den "The Twilight Zone"-Geschichte komm wier. Dem Rod Serling seng Iwwerzeegung, datt keen néierens eng Sécherheet fanne kéint, huet sech hei op eng traureg Manéier confirméiert.