D'Regierung plangt eng Declaratioun iwwert d'Zukunft vun de sektorielle Pläng

Ob déi sektoriell Pläng zeréckgezu gi fir se no ze besseren, ass weiderhin onkloer. An der Emissioun Riicht Eraus sot d’Logement- a Kulturministesch Maggy Nagel datt d’Regierung  eng Deklaratioun dozou mécht. Wat do wäert ugekënnegt ginn, wollt d’Ministesch awer nach net am Detail soen. Si ass der Meenung datt een nei Weeër muss fanne fir déi sektoriell Pläng unzepaken an se ze realiséieren. Wat déi 25 “projets de grande envergure” ugeet, sot d’Maggy Nagel, géif ee fir t'éischt d’Avise vun de Gemengen analyséieren. Wann zwee bis dräi där Projete kenne realiséiert ginn, da wier een dermat averstanen.

Eng weider Ausso a Riicht Eraus wor dass bei de sozialen oder subventionéierte Wunnengen, méi Efforte misste gemaach ginn. Si huet iwwerdeems een Audit iwwert de Fonctionnement vum Fonds du Logement ugefrot. An Zukunft soll deen sech op de lokative Beräich konzentréieren. Reforméiert gëtt iwwerdeems den Service "Sites et Monuments". Deen ass am gaangen een Inventaire vum Patrimoine fir d'ganzt Land ze realiséieren.

Lauschtert d’Emissioun Riicht Eraus vum Carole Schimmer mat der Logement a Kulturministesch Maggy Nagel:

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • CinEast-Festival 2020

    De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen