Radioen

On air

Espresso Beats  |  Molly Lewis - Oceanic Feeling

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Demissioun vum Enrico Lunghi

Mudam

Demissioun vum Enrico Lunghi

De Generaldirekter vum Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean huet 100,7-Informatiounen no demissionéiert. Iwwert d’Grënn vun dëser Demissioun ass nach näischt gewosst.

auto_stories

1 min

Weder den Enrico Lunghi nach e Responsabele vum Verwaltungsrot vum Musée d’Art moderne Grand-Duc Jean ware bis elo z’erreechen.

Den Enrico Lunghi huet Mëtt September d’RTL-Mataarbechterin Sophie Schram bei engem Interview verbal menacéiert a soll si um Arem blesséiert hunn. No dësem Incident hat de MUDAM-Verwaltungsrot déi "deplacéiert Attitude" vum Enrico Lunghi bedauert. Wéinst senger Entschëllegung a sengen Explikatiounen hat de Conseil dem Generaldirekter Ufank Oktober virun d’Vertrauen ausgeschwat.

Um Niveau vun der Fonction publique gouf eng disziplinaresch Enquête géint den Enrico Lunghi lancéiert.

Den Enrico Lunghi war zënter Januar 2009 Direkter vum Mudam.