Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "More Sweetly Play the Dance" vum William Kentridge

MUDAM

"More Sweetly Play the Dance" vum William Kentridge

"More Sweetly Play the Dance" heescht eng Ausstellung vum William Kentridge, déi de Moment am Mudam ze gesinn ass. De Südafrikaner, deen als ee vun de wichtegsten zäitgenëssesche Kënschtler gëllt, sollt ursprénglech eng Residenz untrieden zu Lëtzebuerg, dat am Kader vum "red bridge project", dee Kulturhaiser vu béid Säite vun der rouder Bréck matenee verbënnt. Bis op Weideres setzt hien awer a Südafrika fest. Seng Ausstellung leeft nach bis den 30 August.

auto_stories

4 min

Ënner dem Titel "More Sweetly Play the Dance" weist de Mudam am Moment eng Monographie vum südafrikanesche Kënschtler William Kentridge - dat ganzt am Kader vum sougenannte 'red bridge project', deen d'Kulturhaiser vu béid Säite vun der Bréck, also esouwuel de Grand Theatre wéi de Mudam an d'Philharmonie matenee verbënnt.

1955 zu Johannesburg a Südafrika gebuer, gëllt de William Kentridge als ee vun de wichtegsten zäitgenëssesche Kënschtler.

Säi Wierk, dat sech op der Kräizung tëscht Zeechnung, Theater, Oper a Film beweegt, huet hien an de leschte 40 Joer konstant weiderentwéckelt. Déi Wierker, déi am Kader vum 'red bridge project' gewise ginn, sinn nei oder rezent a verbannen Zeechnung, Skulptur, Film, grad wéi Video an Touninstallatiounen.

Aus Fragmenter eng Welt entstoe loossen

Zentral a senger Ausstellung am Mudam ass d'Konstruktioun vu Sënn unhand vu visuelle Kompositiounen, Sprooch, Toun an Zäit - domadder ass esouwuel déi geschichtlech wéi déi geologeschen Zäit gemengt, déi op der Bün an och déi am Atelier. De William Kentridge:

"Meng Ausstellung dréint ronderëm e puer grouss Themen, dorënner d 'Thema vum Kënschtleratelier. An dat wat am Haaptsall vum Mudam ze gesinn ass, ass manner eng Kopie vu mengem Studio wéi eng metaphoresch Rekreatioun vum deem selwechten. An deem Sënn datt dat wat hei gewise gëtt, den Exzess vum Studio bedeit, den Ëmstand datt do ze vill ass an deem Atelier."

Den Atelier wier eng Plaz, wou d'Welt sech eran invitéiert a Form vu Biller, Zeechnungen oder Fotografien. Fir e Kënschtler wier et eng natierlech Aktivitéit unhand vu Fragmenter Sënn aus der Welt mécht.

Erënnerung a Vergiessen

De William Kentridge ass an eng jüddesch Famill gebuer, déi ursprénglech aus Litaue staamt. Seng Eltere ware d'Affekote Sydney Kentridge a Felicia Geffen, déi béid prominent Kämpfer géint den Apartheid-System waren. Säi Papp huet ënner anerem de Nelson Mandela verdeedegt.

A senge Wierker verschafft de William Kentridge esou geschichtlech Problematiken, d'Erënnerung dorunner an d'Vergiessen. Bei deem Allem begleet hie Mësstraue vis-à-vis virun deem wat hien déi "grouss ideologesch Erzielunge" nennt. Léiwer denkt hien eis Welt eben duerch Fragmenter, duerch dat wat onfäerdeg ass an onsécher.

Am Mëttelpunkt steet dann awer och en Theaterstéck mam Titel "Waiting for the Sybil", dat de William Kentridge ënner anerem am Optrag vun de Stater Theateren entwéckelt huet.

Am Mudam ass dann och e Film mam Numm "Sybil" ze gesinn. Dat nieft engem aneren, mam Titel "City Deep". Dësen ass dee leschten aus der Serie "Drawings for Projection" déi de William Kentridge 1989 ugefaangen huet a wou hien seng Alter Egoen, de Soho Eckstein an de Felix Teitelbaum opkomme léisst.

Dës zwee Filmer sinn an der Galerie am Oste vum Mudam um éischte Stack ze gesinn, zesumme mat enger Konstellatioun vun Zeechnungen a Skulpturen.

Sech der Stierflechkeet bewosst sinn

Op der Galerie an der entgéint gesater Richtung ass dann eng immersiv Videoinstallatioun mam Titel "More Sweetly Play the Dance" ze gesinn, déi der ganzer Ausstellung hire Numm gëtt. De William Kentridge:

"More Sweetly Play the Dance ass 2015 entstanen ass a bei där et ëm eng Form vu mëttelalterlechem Doudegen Danz goung, also ëm d'Iddi datt vum Bauer bis zum Poopst jidderee stierwe wäert - en Thema dat ee ganz heefeg am mëttelalterlechen Europa untrefft, virun allem Kader vun der Pescht, zu enger Zäit wou d'Leit sech hirer Stierflechkeet besonnesch bewosst waren, enger Stierflechkeet déi net viraus ze gesi war."

Dës Aarbecht huet de William Kentridge wärend der Ebola-Epidemie a Westafrika gemaach, "wéi kee wosst wouhinner sech déi géif ausbreeden a wéi schlëmm nach et wäert ginn."

Dëst Wierk elo, wärend enger Pandemie ze weise wier "net ganz abwegeg".

Eng wäitgräifend Ausstellung

Am Grand Hall vum Mudam dann trëfft een op enger Touninstallatioun mam Numm "Almost Don't Tremble" vun 2019, déi de William Kentridge an Zesummenaarbecht mat fënnef südafrikanesche Komponisten entwéckelt huet.

Do fënnt sech awer och eng monumental Zeechnung mam Titel "Shadow", déi dëst Joer eréischt entstanen - ass als Äntwert op d'Architektur vum Mudam selwer.

Nieft de genannte Wierker wäert am Kader vum 'red bridge projet' awer och eng Rei Performance stattfannen. Esou eng visite guidée mam Titel "A Guided Tour of the Exhibition: For Soprano with Handbag" an dat mat der australescher Sopranistin Joanna Dudley.

D'Ausstellung gëtt dësweidere begleet vun engem Livre d'artiste mam Numm "Waiting for the Sybil" an engem Interviewband mam Titel "A pas de panthère", déi béid am Abrëll erauskommen.